Schabloun:Op engem 30. Januar
Ausgesinn
- 1841: Gebuert vum franséische Politiker a Staatspresident Félix Faure.
- 1882: Den US-amerikanesche Politiker a Staatspresident Franklin D. Roosevelt kënnt op d'Welt.
- 1931: Den US-amerikanesche Schauspiller Gene Hackman gëtt gebuer.
- 1933: Den Adolf Hitler gëtt vum däitsche Reichspresident Paul von Hindenburg zum Reichskanzler ernannt.
- 1945: Beim Massaker am KZ Sonnenburg ginn iwwer 800 Prisonéier, dorënner 91 Lëtzebuerger, vun der SS duerch Genéckschoss doutgemaach, just ier d'Rout Arméi d'Lager befreie konnt.
- 1948: Den indesche Politiker Mahatma Gandhi gëtt ermuert.
- 1968: Gebuert vum spuenesche Kinnek Felipe VI.
- 1972: Op d'mannst 14 onbewaffnet pro-iresch Demonstrante ginn an Nordirland vun der brittescher Arméi erschoss (Bloody Sunday).