Schabloun:PortalAustralienInfo

Vu Wikipedia

Allgemeng

Wopen Australien, offiziell Commonwealth of Australia, ass en Inselstaat tëscht dem Indeschen Ozean an dem Südpazifik, am Südoste vun Asien. Zesumme mat der Nopesch-Insel Tasmanien bilde si den Commonwealth of Australia, en autonomen Deel vun dem Commonwealth. méi liesen...

Virgeschicht

Virun ongeféier 96 Millioune Joer huet sech Australien vum Urkontinent Gondwana beim Ausenanerdrifte vun der Antarktis ofgespléckt.

Viru fofzegdausend Joer ass de Kontinent fir d'éischt vun den Aboriginies bewunnt ginn. Si sinn héckstwahrscheinlech aus Südostasien eriwwerkomm a gehéieren zu deenen eelste Kulturen op der Welt.

De Begrëff "Terra australis incognita" gouf laang viru senger Entdeckung fir Australien benotzt. méi liesen...

Néi Artikelen

Hei kritt Dir en Iwwerbléck vun den neisten Artikelen iwwer Australien

Kuckeswäertes

Arnhemland, Barossa Valley, Blue Mountains, Cradle Mountain, Fraser Island, Gold Coast, Great Barrier Reef, Great Ocean Road, Harbour Bridge, Hunter Valley, Kakadu Nationalpark, Kangaroo Island, Karlu Karlu, Kings Canyon, Kuranda, Nambung-Nationalpark, Opera House, Philip Island, Snowy Mountains, The Rocks, Uluru-Kata Tjuta Nationalpark

D'europäesch Exploratioun

Duerch déi staark Presenz vun den Hollänner an den indoneseschen Häfe vu Bantam a Batavia (Jakarta), ass d'Entdeckung vun Australien séier eng Realitéit ginn. D'hollännesch Flott konnt déi Zäit op déi bescht Schëffer zeréckgräifen, an huet et mat Hëllef vun deene relativ séier gepackt den éischter geféierleche Süd-Pazifik ze befueren. Géint dem Ufank vum Joer 1606 ass et dem Willem Janszoon gelongen d'Mierstrooss tëscht dem australesche Kontinent an Neiguinea z'ereechen. Den Detroit gëtt allerdéngs no dem spueneschen Fuerscher Luis Vaez de Torres, deen do ee Joer méi spéit laanschtkënnt, benannt. Duerch dem Janszoon seng Entdeckunge beschléissen d'Regierungen vu Batavia gréisser Expéditiounen an de Süd-Pazifik. Den Abel Tasman entdeckt doropshin d'Insel déi méi spéit ënner sengem Numm bekannt gouf: Tasmanien. méi liesen...