Schabloun:Portal Astronomie/Aktuelles

Vu Wikipedia


  • 27. September 2022: Eng Raumsond déi de 24. November 2021 vun der NASA am Kader vum Double Asteroid Redirection Test (DART) Richtung (65803) Didymos I Dimorphos geschéckt gouf, ass op den Asteroid ageschlo.
  • 5. August 2020: Wéinst rassistesche Konnotatioune soll den NGC 2392 net méi Eskimoniwwel oder Clownegesiichtniwwel gennant ginn.[1]
  • 21. Februar 2019: De 14. Neptunmound (S/2004 N 1), deen 2013 entdeckt gouf, huet vun der I.A.U. e Numm kritt: Hippocamp.[2][3]
  • 19. Februar 2019: En internationaalt Team vu méi wéi 200 Fuerscher aus 18 Länner huet éischt Kaarten vun enger Himmelsduerchmusterung vu bis elo onerreechter Empfindlechkeet mam Radioteleskop "Low Frequency Array" (LOFAR) publizéiert. D'Kaart weist Honnertdausende vu onbekannte Galaxien a wërft e neit Liicht op Fuerschungsgebidder wéi Schwaarz Lächer, interstellar Magnéitfelder an Galaxiëkéip. [4]
  • 30. September 2018: Déi japanesch Raumsond Hayabusa 2 huet den 22. September 2018 déi zwou MINERVA-II-Landungsroboter Rover 1A an 1B op dem Asteroid Ryugu erfollegräich ofgesat.[5][6] Juli 2018
  • 27. Juli 2018 war eng total Mounddäischtert ze gesinn. Mat enger Dauer vun 1:43 Stonnen war si déi längst Däischtert vun dësem Joerhonnert. D'Totalitéit hat um 21.30 Auer MESZ ugefaangen a war um 23:14 Auer MESZ zu Enn gaangen. [7][8]
  • 26. Juli 2018: Duerch d'Observatioun vun der Aproche vum Stär S2, deen no un e galaktescht Schwaarzt Lach erukoum, konnte Viraussoe vun der allgemenger Einstein Relativitéitstheorie zu der gravitativer Routverécklung confirméiert ginn. [9]
  • 25. Juli 2018: Wëssenschaftler hunn Hiweiser fonnt, datt ënner der Südpolarkap vum Mars flëssegt Waasser existéiere kënnt. Dorop deiten d'Daten vum Radarinstrument MARSIS vun der Mars Sond Mars Express.[10]
  • 17. Juli 2018: Astronomen hunn weider 12 Mounde vum Jupiter entdeckt. Domat kreesen am Ganzen 79 Mounde ëm de Jupiter. [11][12] Juni 2018
  • 2. Juni 2018: Den Asteroid 2018 LA ass op der Grenz tëscht Botswana an Südafrika ofgestierzt. Et ass deen drëtten Asteroid, dee virum Ofstuerz op d'Äed entdeckt gi war.[13]
  • 21. Mee 2018: Mat Computersimulatioune konnt de réckleefegen Asteroid (514107) 2015 BZ509 als méiglecherweis agefaangene interstellaren Objet bestëmmt ginn. Mäerz 2018
  • 20. Mäerz 2018: De britteschen theoreetesche Physiker an Astrophysiker Stephen Hawking ass de 14. Mäerz 2018 am Alter vu 76 Joer gestuerwen.
  • 29. Januar 2018: Mam Weltraumteleskop Kepler gouf ëm de Stär K2-138 e System vu fënnef Exoplanéiten entdeckt, déi hiren Zentralstär an enger Kette vu bal perfekte 3:2-Bunnresonanzen ëmkreesen.[14]
  • 31. Dezember 2017: Duerch weider Analysen mam Weltraumteleskop Kepler gewonnen Daten iwwer de Stär Kepler-90 ass a sengem Planéitesystem een aachten Exoplanéit entdeckt ginn.[15]
  • 30. November 2017: Mam HARPS gouf op enger Distanz vu nëmmen 11 Liichtjoer vun der Sonn den temperéierten, äerdänleche Planéit Ross 128 b entdeckt. Hien ass domat nom Proxima Centauri b zwar nëmme deen zweetnächsten äerdänleche Planéit mat geméissegter Uewerflächentemperatur, säi rouden Zwergstär ass awer inaktiv, soudatt d'Méiglechkeet vu Liewen op dësem Planéit nach méi warscheinlech ass.[16]
  • 19. Oktober 2017: Mam Asteroid A/2017 U1 (virdrun C/2017 U1 (PANSTARRS)) ass méiglecherweis éischtmoleg en extrasolaren Objet observéiert ginn, deen duerch eist Sonnesystem geflunn ass.
  • 22. Februar 2017: En internationaalt Wëssenschaftlerteam huet mam Spitzer-Weltraumteleskop a weideren Teleskopen eng Sensatiounsentdeckung gemaach. Ëm de rouden Zwerg TRAPPIST-1 hu si e Planéitesystem mat 7 äerdänleche Planéiten entdeckt. Dräi vun hinne sollen an der habitabler Zon vum Stär sinn. [17]