TRAPPIST-1

Vu Wikipedia
TRAPPIST-1
Gréissten tëscht eiser Sonn (lénks) an dem TRAPPIST-1
Gréissten tëscht eiser Sonn (lénks) an dem TRAPPIST-1
Stärebild: Aquarius (Aqr)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 23h 06m 29,283s
Deklinatioun + 05° 02' 28,59"
visuell Magnitude ? mag
Spektralklass: M8
Parallax
Astrometrie
Radialvitess: -56,3 km/s
Distanz zirka 39,5 ± 1,3 Lj
Radius: 0,114 ± 0,006 R ☉
Absolut Hellegkeet
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,08 ± 0,009 M ☉
Uewerflächentemperatur 2550 ± 55 K
Aner Bezeechnungen
2MASS 2MASS J23062928-0502285
2MASSIJ2306292-050227
2MASSW J2306292-050227
2MUDC 12171
D'Stärebild Aquarius mat der Positioun vum TRAPPIST-1

De Stär 2MASS J23062928-0502285, elo bekannt als TRAPPIST-1 ass e Rouden Zwerg am Stärebild Aquarius. Hien ass zirka 40 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech a gouf mam belschen Teleskop TRAPPIST-South am Chile entdeckt.

De Michaël Gillon a seng Mataarbechter vum Institut d'Astrophysique et de Géophysique vun der Universitéit Léck hu beim noen, ultrakalen Zwergstär dräi äerdgrouss Exoplanéiten entdeckt. Et ass déi éischt Kéier iwwerhaapt, datt bei esou engem Stär, Exoplanéite fonnt goufen.

Ultrakal Zwergstären hunn eng niddreg Uewerflächentemperatur. De Stär TRAPPIST-1, genannt nom Teleskop am Chile, mat deem hie fir d'éischt gesi gouf, huet eng Uewerflächentemperatur vu manner wéi 2300 Grad Celsius. Hire Spektrum ass wéinst der niddreger Temperatur am Verglach zu eiser Sonn méi roudelzeg.

Wéinst der relativ noer Distanz gesinn d'Fuerscher gutt Chancen, déi nei Exoplanéite grëndlech z'erfuerschen. Déi dräi Exoplanéite goufe mat der Transitmethod am Hierscht a Wanter 2015 entdeckt. Wärend 62 Observatiounsnuechte gouf e reegelméissegt Flackere vum TRAPPIST-1 am Teleskop gesinn. Dat Flackere koum vun den dräi Exoplanéiten, déi virum Stär laanscht gezu sinn. Wärend zwéi vun de Planéite knapps bannent der Grenz mat der habitabeler Zon vum TRAPPIST-1 kreesen, beweegt sech den drëtten bannenzeg oder knapps ze wäit baussen hanner deem Beräich, wou et flëssegt Waasser ka ginn.

Den 22. Februar 2017 huet d'NASA d'Entdeckung vu weidere véier Planéite bekannt ginn.[1] D'Entdeckung war d'Resultat vu wochelaanger Observatioun vum TRAPPIST-1 mat Hëllef vum Spitzer-Weltraumteleskop.[2]

Déi béid bannenzeg Planéiten hunn Ëmlafperioden vu ronn 1,5 an 2,4 Deeg, déi vum siwente Planéit läit am Beräich vun 20 Deeg. D'Distanzen zu hirem Stär läit tëscht engem Zwanzegstel an engem Honnertstel vun der Distanz vun der Äerd zu der Sonn. Den Opbau vum Planéitesystem gläicht soumat éischter dem System vun de Jupitermounden wéi eisem Sonnesystem. D'Planéite kreese méiglecherweis an enger gebonnener Rotatioun ëm den TRAPPIST-1. Well hire Stär awer vill manner liichtstaark wéi eis Sonn ass, kréien déi bannenzeg zwéi Planéiten trotz hirer kuerzer Distanz zu hirem Stär nëmmen dat Véier- resp. Zweefacht vu Stralung mat, wéi déi, déi op eis Äerd treffen. Trotzdeem si se méi no beim Stär wéi d'habitabel Zon vum System. Et ass awer méiglech, datt op hiren Uewerfläche bewunnbar Regiounen existéieren. Bei de Planéiten TRAPPIST-1e, f a g geet d'NASA dovun aus, datt s'an der habitabler Zon leien.

Trappist 1b[änneren | Quelltext änneren]

Mat enger Schwaarzkierpertemperatur vu ronn 400 Kelvin (127 °C) ass de sonnennächste Planéit ze waarm fir flëssegt Waasser.

Trappist 1c[änneren | Quelltext änneren]

Seng Dicht ass méi héich wéi déi vun der Äerd, wat op e groussen Eisekär hindeit. Op senger sonnenofgedréiter Säit ka flëssegt Waasser virkommen.

Trappist 1d[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit ass de klengste bis elo bekannte Planéit vum System a läit knapps baussent der sonnennoer Grenz vun der habitabeler Zon. Op senger sonnenofgedréinter Säit kéint et méiglecherweis Liewe ginn.

Trappist 1e[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit läit an der habitabeler Zon. Opfälleg ass déi kleng Mass bei äerdänlechem Radius, wat op e Verglach mat der Äerd op wéineg Dicht an domat och op e méiglech héije Waassergehalt vum Planéit deit. De Planéit ass warscheinlech komplett vun engem Ozean bedeckt. Déi kleng Dicht kann awer och op d'Feele vun engem Eisekär a sengem Zentrum hindeiten.

Trappist 1f[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit läit bannenzeg vun der habitabeler Zon. Genee wéi Trappist 1e huet hien eng kleng Dicht an ass warscheinlech eng Ozeanwelt, där hir sonnenofgedréit Säit vun enger Äiskuuscht iwwerzunn ass.

Trappist 1g[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit läit um baussenzege Rand vun der habitabeler Zon, awer op senger sonnenzougedréiter Säit dierften ënner Unhuele vun enger äerdänlecher Atmosphär gëeegent Temperature sinn. Bei gutt äerdgroussem Radius huet hien eng relativ grouss Mass.

Trappist 1h[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer dee Planéit, deen am wäitste vun der Sonn ewech ass, ass net vill bekannt. Hien ass warscheinlech ze kal fir Liewen ze hunn.

TRAPPIST-1 Planéiten
Planet

(Reiefolleg
vum Stär aus)

Mass Radius Grouss Hallefachs

vun der Bunn
(A.E.)

Ëmlafzäit

(Deeg)

Exzentrizitéit Inklinatioun
b 0,85 ±0,72 M 1,086 ±0,035 R 0,01111 1,51087081 ±0,00000060 < 0,081 89,65 ±0,25°
c 1,38 ±0,61 M 1,056 ±0,035 R 0,01522 2,4218233 ±0,0000017 < 0,083 89,67 ±0,17°
d 0,41 ±0,27 M 0,772 ±0,030 R 0,021 ±0,06 4,049610 ±0,000063 < 0,070 89,75 ±0,16°
e 0,62 ±0,58 M 0,918 ±0,039 R 0,028 6,099615 ±0,000011 < 0,085 89,86 ±0,11°
f 0,68 ±0,18 M 1,045 ±0,038 R 0,037 9,206690 ±0,000015 < 0.063 89,680 ±0,034°
g 1,34 ±0,88 M 1,127 ±0,041 R 0,045 12,35294 ±0,00012 < 0.061 89,710 ±0,025°
h onbekannt M 0,755 ±0,034 R 0,063 +0,027

−0,013

20 +15 −6 onbekannt 89,80 ±0,07°

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: TRAPPIST-1 – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Seven temperate terrestrial planets around the nearby ultracool dwarf star TRAPPIST-1. Nature vum 22. Februar 2017.
  2. NASA-Publikatioun