Schlass Ruet op der Our
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Schlass Ruet op der Our steet zesumme mat der Rueter Kierch a mat dem Rueter Kierfecht op engem Fielsvirspronk iwwer der däitscher Uertschaft Ruet op der Our, südlech vun der Stad Veianen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Anlag gëtt 1228 fir d'éischt Kéier schrëftlech ernimmt, wéi de Grof Heinrech I. vu Veianen, de Papp vun der Yolanda vu Veianen, dem Templeruerde Lännereie mat enger Kierch an enger Buerg op der ëstlecher Säit vun der Our, ronn 2 km vu Veianen ewech, zu Ruet op der Our geschenkt huet.
Zu den eelsten Deeler vun der Anlag zielen d'Kelleren (13. Jh.), den Trapentuerm (16. Jh.), d'Gebai vun der Haaptpaart (17. Jh.) an Deeler vun der Rankmauer. D'Schlass gouf 1733 ënner de Johanniter/Malteeser gréisstendeels nei opgeriicht an ass zanter 1797 a Privatbesëtz.
Templer a Malteeser (1228-1795)
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1228 un hunn d'Templer bal 100 Joer laang d'Plaz verwalt an hunn d'Einnamen aus dem Zéngten fir den Ënnerhalt vu Buergen, Schëffer an Truppen a Palestina agesat. Nodeem de Poopst Clemens V. den Uerden um Konzil vu Vienne 1312 opgeléist hat, gouf hire Besëtz wéi bal iwwerall och zu Ruet de Johanniter iwwerdroen, e Ritteruerden dee sech ëm déi Krank këmmert, a sech vu 1530 u Malteeseruerden nennt.
D'Malteeser hunn an de Joerhonnerten duerno eng Rei wichteg Gebaier opgeriicht. Am 16. Joerhonnert hu si dee sechseckegen Tuerm mat senger konschtvoller Trapespëndel am Renaissancestil opgeriicht. Am Joer 1610 gouf d'Haaptpaart gebaut, déi d'Anlag virun de Banditte sollt schützen.
Am 17. Joerhonnert gouf d'Wunnhaus vu Grond op renovéiert, mä schonn 100 Joer méi spéit, 1733, war d'Gebai sou baufälleg ginn datt den deemolege Verwalter Jacob Duding (1707-1766) et bis op den Trapentuerm ofrappen an am barocke Stil nei opriichte gelooss huet. Vill bemierkenswäert Detailer vum Gebai stamen aus där Zäit wéi z. B. dat schéint Barockportal mam Wope vum Bauhär am gedeelte Segmentbou an déi dräi ope Kamäiner am Wunnhaus.
1795 gouf d'Commanderie vun de franséische Revolutiounstruppe besat an enteegent.
Famill André (1797-1944)
[änneren | Quelltext änneren]Den 31. Dezember 1797 keeft de Franz Julian André (1773-1859), Fils vum leschte Verwalter ënner de Malteeser, Nottär a Buergermeeschter vu Veianen, d'Schlass mat alle Gidder a Lännereien zu Ruet, Obersgegen, Körperich, Geichlingen a Veianen fir de Präis vun 206.000 Pond.
Um Wiener Kongress goufen d'Lännereie vun der Grofschaft Veianen ëstlech vun Our a Sauer en Deel vun der preisescher Rhäinprovënz.
D'Famill André huet am 19. Jh. eng wichteg Roll am politeschen a kulturelle Liewe vun der Regioun gespillt. De Philipp Christian André (1817-1892) hat déi preisesch Nationalitéit a war vun 1855 bis 1867 Vertrieder am preisesche Parlament. Säi Brudder Karl Theodor André (1822-1883) hat déi Lëtzebuerger Nationalitéit a souz vun 1848 bis 1854 a vun 1859 bis 1874 an der Chamber. Ënner dem Pseudonym Sempronius huet hie spéitromantesch Lyrik publizéiert.
D'Bridder Philipp Christian a Karl-Theodor ware perséinlech mam Victor Hugo (1802-1885) befrënnt, dee wärend sengem Openthalt zu Veianen am Summer 1871 d'Schlass Ruet e puermol besicht huet. De Victor Hugo schreift doriwwer a senge Carneten:
- « … Arrivés à la frontière de Prusse, nous avons vu venir à nous M. André de Roth. Il nous a priés d'entrer chez lui. J'ai vu Roth; vieille église romane avec une abside très curieuse, du neuvième siècle, à galeries surperposées de cintres engagés. Ici le roman est presque encore romain. A côté, dans le mur extérieur, une pierre tombale du onzième siècle. Le clocher est du douzième. Le manoir de Roth est une ancienne commanderie de Templiers, puis de Malte. Il a encore très bon air. Dans l'intérieur quelques vestiges, des cheminées de pierre, une vis d'escalier en pierre sculptée; au dehors, quelques inscriptions. Il y a sur la porte d'entrée des trous de mitraille du maréchal de Boufflers qui mit une batterie sur la haute colline en face. Roth regarde deux vallées où coule l'Our. C'est très beau. »
- Victor Hugo, Carnets, 4 août 1871
D'Nokomme vun der Famill André hu bis vum Zweete Weltkrich um Schlass Ruet gewunnt.
Zerstéierung an Neesopbau (1944-haut)
[änneren | Quelltext änneren]Wärend der Ardennenoffensiv 1944-45 goufen d'Wunnhaus an d'Ställ schwéier beschiedegt. D'Wittfra vum leschte Besëtzer konnt sech déi néideg Reparaturen net leeschten soudatt iwwer d'Joren d'Schlass ëmmer méi verfall ass.
Den 23. Oktober 1958 huet d'Koppel Hubert Joseph Eggen (1904-1980) a Gertrud Eggen-Neuefeind (1917-1985) d'Ruin kaaft, déi si no an no nees opgeriicht huet. Bis 2008 goufen am renovéierte Schlass Vakanzappartementer verlount.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Arnoldi, Josef, 1964. Ordenskirche mit Komturei in Roth an der Our, Krs. Bitburg. Heimatkalender für den Kreis Bitburg, S. 148-152.
- Bassing, Théodore, 1914. Geschichte der Kommende, Komturei oder Kommanderie der kirchlich-militärischen Ritter-Orden der Tempelherren und Johanniter zu Roth bei Vianden. 46 p. Ons Hémecht. Fr. Bourg-Bourger, Luxemburg-Bahnhof.
- Becker, Karl, 1975. Das unbekannte Wappen am Schloss Roth an der Our. Heimatkalender 1976 für den Kreis Bitburg-Prüm. Bitburg, p. 185.
- G. Goetzinger & C.D. Conter: Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 2007, S.25-26.
- Koltz, Jean-Pierre, 1981. Roth bei Vianden. Heimat und Mission Jg. 55, n° 4/5: 68-72. Clairefontaine.
- Milmeister, Jean, 1965. Volksdichtung und Wahrheit: Templer, Türme und Tunnels. Revue Jg. 21, Nr. 22: 80-82. Luxembourg.
- Milmeister, Jean, 1996. Die Tempelritter von Roth, Dichtung und Wahrheit. Ous der Veiner Geschicht / Veiner Geschichtsfrënn Nr. 14: 7-36. Vianden.
- Neue, Peter, 1961. Die Tempelherren von Roth bei Vianden. Heimatkalender für den Kreis Bitburg 1962, p. 135-137.
- Schuler, Wolfgang, 1984. Roth an der Our. 1. Auflage. 28 S., 29 Abb., 2 Zeichnungen. Reihe: Rheinische Kunststätten, H. 289. ISBN 3-88094-441-5.
Illustratiounen
[änneren | Quelltext änneren]-
Bild 3. Haaptpaart (17. Jh.)
-
Bild 4. Haaptpaart (l.) a Kierch
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Internetsäit vum Schlass (fr) (de) (en) (nl)