Seideschwanz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Seideschwanz
E Seideschwanz
E Seideschwanz
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Ënneruerdnung: Sangvullen
Famill: Bombycillidae
Gattung: Bombycilla
Aart: Seideschwanz
Wëssenschaftlechen Numm
Bombycilla garrulus
(L., 1758)

De Seideschwanz (Bombycilla garrulus), och Peschtvull oder Hongervillchen genannt,[1] ass e Sangvull aus der Famill vun de Seideschwänz (Bombycillidae), deen am héije Norde vun Europa, Asien an Nordamerika lieft.

A Jore wou, wéinst de Wiederbedingungen, dës Vigel am Wanter net méi genuch ze friesse fannen, verloossen se hiert Bruttgebitt an zéien a grousse Schwäerm no Süden a Südwesten, dat bis no Mëttel- a Westeuropa.

De Seideschwanz gëtt bis 18 cm grouss a ka bis 80 Gramm weien, an ass domat e bësse méi kleng wéi eng Märel.

Verbreedung a Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

De Seideschwanz lieft weltwäit virun allem an der Zon vun der Taiga, dat vu Nordskandinavien bis ronderëm d'Hudson Bay am Oste vu Kanada. Déi nërdlech Verbreedungsgrenz läit an der Iwwergangszon vun der Taiga an der Bëschtundra. Am Süde reecht d'Verbreedungsgrenz, besonnesch an Zentral- an an Ostsibirien, zum Deel bis un de südleche Rand vun der Bëschzon.

De Seideschwanz britt virun allem an opgelackerte Bëscher mat gemëschtem Bestand, z. B. mat Fiichten, Meläsen a Bierken.

D'Schwäerm déi am Wanter no Süden zéien, hale sech gären a Gebidder op déi vum Mënsch amenagéiert goufen, wéi z. B. an de Gäert vun den Dierfer an um Rand vun de Stied, a Parken an op Kierfechter, wou si hiert Friesse fannen.

Dëst besteet virun allem aus Bieren an Uebst (Äppel, Biren,...).

De Seideschwanz zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf de Seideschwanz fir d'lescht an de Wantere vun de Joren 1995/1996, 2005 bis 2008[2] an 2010/2011[3][4] gesinn.

Virun 1940 waren dat ë. a. d'Wanteren 1923/24 an 1932/33, an nach virdrun an de Joren 1850, 1866, 1867, 1870, 1871, 1892, 1893, 1902, 1911.[5]

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

De lëtzebuergeschen Numm Seideschwanz steet am lëtzebuergeschen Dictionnaire, mä zanter wéini e gebraucht gëtt steet net do.[6] Den däitschen Numm Seidenschwanz ass am 16. Joerhonnert a Sachsen ënner der Form Seydenschwantz oder Seydenschwentzlin bekannt an huet sech am 17. Joerhonnert iwwer de ganzen däitsche Sproochraum verbreet.[7] De Gattungsnumm Bombycilla, deen de franséischen Ornitholog Louis Pierre Vieillot am Joer 1808 kreéiert huet, ass eng wuertwiertlech Iwwersetzung vu Seideschwanz: bombyx (lat., gr.) heescht Seid, d'Wuert cilla gëtt ornithologesch vun dem Ufank vun der Neizäit un am Sënn vu Schwanz gebraucht (amplaz vu cauda, dem richtege laténgesche Wuert dofir).[8] D'Bezeechnung Seideschwanz soll awer näischt mat dem Schwanz vum Vull ze dinn hunn, mä géif vum mhd. swenzlin oder swenzel kommen, woumat e Kleed mat enger Schleef, d'Schleef selwer (fr. traîne, queue) oder e laange Schleier bezeechent ginn ass. An deem Fall géif den Numm op déi seiden Hauf um Kapp vum Vull hiweisen.[9]

De laténgeschen Aartnumm garrulus bedeit gespréicheg oder Schnëssert. Dat ass eigentlech den Numm vum Markollef (Garrulus glandarius), deem de Seideschwanz e bësse gläicht.[8] De Conrad Gesner huet de Vull Garrulus bohemicus (d. h. béimesche Schnëssert) genannt; dat war am Joer 1555. Den Numm Behemle oder Beemerle, en Diminutiv vum mhd. Bemlin (hdtsch: Böhmer), war am 16. Joerhonnert am däitsche Sproochraum geleefeg fir de Seideschwanz. Dëse geographesche Begrëff huet sech manner op d'Leit aus Béimen wéi op d'Roma (Zigeiner) bezunn, déi iwwer Béimen a Mëtteleuropa agewandert sinn, war also Synonym vu Vagabund.[9][10]

Dat onberechenbaart Opdauche vum Vull a Mëtteleuropa ass als schlecht Omen interpretéiert ginn, als Ukënnegung vu Krich, Pescht, Deierecht oder Honger[11], dofir den Numm Peschtvull[12], deen et am Däitschen als Pestvogel och an Éisträich, der Schwäiz an a Schwaben gëtt, mat der Variant Pestvugel an der Géigend vu Münster.[13] An Holland heescht en och pestvogel. D'Nimm Pestvogel, an analog dozou: Todtenvogel a Sterbevogel, sinn am Däitschen eréischt zanter dem 17. Joerhonnert schrëftlech beluecht; et schéngt awer wéi wann dës Bezeechnunge fir de Vull schonn am 14. Joerhonnert, zur Zäit vun der grousser Peschtepidemie an Europa, existéiert hätten.[9]

Den exklusiv (?) lëtzebuergeschen Numm Hongervull oder Hongervillchen[14] fir säin Deel erkläert sech domat, datt et besonnesch schro Wantere waren, wann de Vull a Mëtteleuropa migréiert ass, an d'Leit eng Hongersnout als Folleg vun der Keelt gefaart hunn.[15]

Den Alphonse de la Fontaine (1865) gëtt kee lëtzebuergeschen Numm fir de Seideschwanz un. Hien nennt e Jaseur d'Europe, Jaseur de Bohême bzw. Geschwätziger Seidenschwanz. Hie schreift, de Seideschwanz géif nëmme ganz sporadesch bei eis an haarde Wanteren opdauchen an datt ee vun den Exemplairen aus senger Sammlung vum Kantonalpiqueur Michel Brandenbourg ëm 1850 um Lampertsbierg erluegt gi wier.[16]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Seideschwanz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Henri Klees: Luxemburger Tiernamen (inbegriffen in der 2. Auflage die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen. Luxemburg 1981 (=Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV.)
  2. Cf. Lorgé & Melchior 2010: S. 221.
  3. lnvl.lu
  4. LW 11. Mäerz 2011, S. 20: Seltene Vogelart in Luxemburg.
  5. Morbach 1940, S.243.
  6. Luxemburger Wörterbuch, Band 4, S. 207.
  7. Kinzelbach 1995, S. 6.
  8. 8,0 8,1 Wember, V., 2005. Die Namen der Vögel Europas. Bedeutung der deutschen und wissenschaftlichen Namen. Aula, Wiebelsheim, S. 122.
  9. 9,0 9,1 9,2 Kinzelbach 1995, S. 4ss.
  10. Springer, K.B. & R. Kinzelbach, 2009. Das Vogelbuch von Conrad Gessner (1516-1565). Springer, S. 321s.
  11. Gattiker, E. & L. Gattiker, 1989. Die Vögel im Volksglauben: eine volkskundliche Sammlung aus verschiedenen Ländern von der Antike bis heute., Aula-Verlag, Wiesbaden, S. 207s.
  12. Luxemburger Wörterbuch, Band 3, S. 345.
  13. Suolahti, H., 1909. Die deutschen Vogelnamen. Karl J. Trübner, Strassburg, S. 146 [2. unveränd. Aufl., Berlin, New York : de Gruyter, 2000, mit einem Nachw. von Elmar Seebold].
  14. Luxemburger Wörterbuch, Bd. 2, S. 173.
  15. Morbach 1940, S. 242.
  16. de la Fontaine, A., 1865. Faune du Pays de Luxembourg ou Manuel de zoologie contenant la description des animaux vertébrés observés dans le pays de Luxembourg. [Oiseaux, 1ère partie]. V. Bück, Luxembourg, S. 63. [1]