Simmerfarm
Ausgesinn
Simmerfarm | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Simmerfarm de: Simmerfarm |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng | Habscht |
Buergermeeschter | Serge Hoffmann (CSV) |
Awunner | 95 |
1. Januar 2023 | |
Koordinaten |
49° 41’ 44’’ N 05° 59’ 11’’ O |
Simmerfarm am Äischdall ass e Lieu-dit an der Gemeng Habscht. E läit op enger Héicht vun ongeféier 251 m (NG-L) op der Gafelung vum CR104 mam CR105, tëscht der Léisbech a Rued, um lénksen Uwänner vun der Äisch.
En huet den Numm vun der fréierer Farm, op där eng Ziichterei fir Heelplanze war.
Direkt niewendrun läit déi kleng Uertschaft Simmerschmelz, wou fréier d'Schmelz vu Simmer stoung.
Bis Enn 2017 louch Simmerfarm an der Gemeng Simmer. Op den 1. Januar 2018 ass dës mat der Gemeng Habscht fusionéiert.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Op der Simmerfarm a Richtung Léisbech...
-
...an a Richtung Rued.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied