Stadpark vun Esch-Uelzecht
Den Escher Park (2016) | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Esch-Uelzecht |
Plaz | Gaalgebierg |
Ugeluecht | 1912 |
Fläch | 14 ha |
De Stadpark vun Esch-Uelzecht, offiziell Parc Gaalgebierg,[1] ass en ëffentleche Park zu Esch-Uelzecht, um Gaalgebierg.
E gouf tëscht 1911 an 1912 ugeluecht an ass eng 14 Hektar grouss.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis uganks vum 20. Joerhonnert war den Escher Bësch (Clair-Chêne), am Nordweste vun der Stad, déi Plaz, wou d'Escher "eraus an d'Gréngs" goungen. Wéi den Escher Bësch 1908 un d'Gelsenkirchener Bergwerk-AG verkaaft gi war, déi e bal ganz ofholze gelooss huet, fir do d'Adolf-Emil-Hütte opzeriichten, huet missen en Ersatz fonnt ginn. Déi zwéin Hektar, déi vum Clair-Chênes-Bësch Rescht bliwwe waren, waren ze kleng fir eppes zergutts dermat unzefänken.
De Minneningenieur André Koch, deen och President vun der Société d'initiative et d'embelissement war, hat dunn d'Iddi, am Hank vum Gaalgebierg, tëscht dem Dieswee an der Schneier, e Park unzeleeën. De Gemengerot huet déi Pläng eestëmmeg guttgeheescht, a sou gouf 1911 ugefaange mat Planéieren, Aséinen an Uplanzen, an den 1. September 1912 konnt de Park feierlech ageweit ginn.[2]
De 7. Juli 1932 krut de Koch als Éierung fir säi Wierk am Park e Monument opgeriicht.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Et kënnt een an de Park iwwer den Dieswee oder d'Rue du Stade. D'Schneier, e Wee dee parallel zur Eisebunnslinn verleeft an den Dieswee an d'rue du Stade verbënnt, limitéiert en no Nordwesten hin, den Dieswee mécht d'Grenz am Westen, an d'rue du Stade déi no Süden an Osten. Zënter 2009 huet een och Zougank bis op d'Schneier iwwer d'Passerell nieft der Gare.
Op der zentraler Plaz vum Park steet e Kiosk, deen ursprénglech nom Entworf vum Paul Flesch e Pagodendaach hat. No engem Feier, bei deem en ofgebrannt war, gouf en duerch en normale véiereckege Kiosk aus Bëtong ersat. Virdrun ass eng Äispist, op där am Wanter bei Frascht Schlittschong gefuer ka ginn. Tëscht der Äispist an dem Hank fir erof gouf an den 1990er Joren eng gréisser Spillplaz amenagéiert. Zu der Strooss hin ass e Boulodrome mat enger Buvette/Clubhaus vun engem Boule-Veräin.
Zum Dieswee hin ass ë. a. e Rousegaart an e kënschtleche Waasserfall ugeluecht ginn. De Waasserfall, dee länger Zäit delabréiert an ausser Betrib war, gouf am September 2016 ofgerappt an an de Méint dono duerch eng nei Serie vu Kaskaden a Basengen ersat. Fir d'Renovatioun goufen 240.000 Euro virgesinn.[3]
De Park ass en Deel vun engem gréissere Fräizäitensembel: Sou sinn am Osten Tennisterrainen an de Stade Emile-Mayrisch fir Liichtanthletik a Foussball, an am Süde geet de Park iwwer an deen Deel vum Gaalgebierg deen éischter engem Bësch gläicht, wou op der Knupp eng Campingsplaz an en Hotel-Restaurant amenagéiert sinn, sou wéi den Escher Déierepark, an um halwe Wee dohin en Hotel-Restaurant.
Westlech vum Dieswee ass d'Rue André Koch mat ronn enger hallwer Dose Wunnhaiser. Doru schléissen d'Schrebergäert vum Bouwenaker un. Um südleche Wutz vum Dieswee, do wou deen un d'rue du Stade stéisst, ass eng Parkplaz, ronderëm déi Bësch ass. Südlech vun der Rue du Stade leien nach eng ronn 4 Hektar Schrebergäert mat Bësch an Hecke ronderëm.
Monumenter am Park
[änneren | Quelltext änneren]- Den 21. August 1927 gouf d'Monument fir de Michel Welter ageweit, mat der Opschrëft: À l'ami du peuple - la classe ouvrière reconnaissante.
- Den 3. Juli 1932 gouf d'André-Koch-Monument ageweit.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Belvédère um Escher Gaalgebierg
- Passerell Gaalgebierg Esch-Uelzecht
- Escher Déierepark
- Schrebergaart (Film)
- Stade Emile-Mayrisch
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Stadpark vun Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Stadpark op der Websäit vun der Gemeng
- "Stadpark Gaalgebierg" Video - Serie: Guide historique et architectural Esch-sur-Alzette, CD2H, Denis Scuto.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Presentatioun vum Park op citylife.esch.lu
- ↑ Joseph Flies: Das Andere Esch - an der Alzette. Ein Gang durch seine Geschichte., S.518.
- ↑ LL: "Die neue Kaskade wächst." Tageblatt Nr.303, 28. Dezember 2016, S.36.