Op den Inhalt sprangen

The Cookie Jar Complot

Vu Wikipedia
The Cookie Jar Complot
Museksgenre instrumentale Post-Rock a Math-Rock[1]
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2020
Websäit thecookiejarcomplot.com
Memberen Gilles Glesener (Batterie)
Sven Schmeler (Gittar)
Philipp Colling (Bass; 2022-)
Just bei Concerten:
Miko Buraczyk (Gittar; 2021-2023)
Charel Baumann (Bass; 2021)

The Cookie Jar Complot ass eng lëtzebuergesch Rockband aus dem Süde vum Land.

Bandgeschicht

[änneren | Quelltext änneren]

Ufanksjoren an éischt EP

[änneren | Quelltext änneren]

Schonns 2011 hunn de Gilles Glesener an de Sven Schmeler heiansdo zesumme musizéiert. No enger Rei Sessions haten si och d'Grondstrukture vun e puer Lidder zesumme. Well si awer keng weider Membere fir de Projet laangfristeg rekrutéiert kruten, ass dat Ganzt bis op vereenzelt Sessions an de follgende Joren am Sand verlaf.

2020 hunn déi zwéi sech no enger laanger Paus duerch Zoufall erëmgesinn an op Initiativ vum Sven Schmeler nees ugefaangen, zesumme Lidder ze schreiwen. D'Joer drop si se fir eng éischt Kéier an den Déifferdenger Tounstudio Unison Studios bei den Tom Gatti ophuele gaangen. Do ass hir Debut-EP Caviar Capital entstanen, déi den 3. Dezember erauskoum.

An hirem éischte Joer konnte si um "Congés Annulés"-Festival an de Stater Rotondë wéi och um "Out-of-the-Crowd"-Festival spillen a ware Support Act fir Trupa Trupa (Polen), Standards (USA) a FEZ (Groussbritannien). Ausserdeem hu se de Lëtzebuerger Schrëftsteller a Journalist Jeff Schinker bei puer vu senge Virliesungen aus sengem Buch Ma vie sous les tentes musikalesch ënnerstëtzt.

2022 ass Band an d'Unison Studios zeréckgaangen an huet beim Tom Gatti eng ganz Rëtsch Lidder opgeholl. Am Hierscht huet The Cookie Jar Complot mat Cookies an Oh Anna! zwou Duebelsingelen erausbruecht. Ausserdeem gouf eng Live Session vum Song Tides als Video verëffentlecht.

Ufank 2023 huet Band dunn eng weider Live Session vun der neier Single Beaver Deceiver verëffentlecht. Am Laf vum Joer konnt The Cookie Jar Complot ënner anerem mat Poly-Math (Groussbritannien) an de Rotonden optrieden an huet nieft sëllege Festivallen iwwert de Summer och um Usina Festival 2023 gespillt. Fir d'Releaseparty vu Seed to Tree am Atelier waren si den Opening Act.

Zweet EP an Tour

[änneren | Quelltext änneren]

Hir zweet EP Lobster Knife Fight koum de 27. Oktober 2023 eraus. Nodeems déi éischt EP just digital verbreet gouf, ass Lobster Knife Fight och als Vinyl op de Maart komm. Fir dëst ze feieren hat sech The Cookie Jar Complot mat No Metal in This Battle zesummegesat fir um 10. November 2023 dëse physesche Release an de Rotondë virzestellen. Als speziell Gäscht stoungen niewent Bléiser och de Pascal Useldinger (dEFDUMp) an de Maale Gars mat hinnen op der Bün.

2024 huet d'Band dunn hir éischt Tour am Ausland gemaach, déi sech iwwer e puer Daten am Vereenegte Kinnekräich gezunn huet (ë.a. London, Hull, Nottingham). Doniewent huet d'Band eng Live-Session an der Brauerei Bofferding op YouTube publizéiert a fir déi australesch Rockband Karnivool am Atelier geopened.

  • 2021: Caviar Capital
  • 2023: Lobster Knife Fight
  • 2024: Live
  • 2021: NEO
  • 2021: Sweet Dreams
  • 2022: Cookies
  • 2022: Oh Anna!
  • 2023: Beaver Deceiver
  • 2023: Cicadas
  • 2023: Birds Are a Lie
  • 2023: Tilidin Zidane
  • 2024: Wat mir feelt (feat. Maale Gars)
  • 2025: Voyage voyage (feat. Emeraude Stone)

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. rtl.lu: Am Takt: The Cookie Jar Complot & Ariel (7. November 2022)