Op den Inhalt sprangen

Warehouses Service Agency

Vu Wikipedia
Agence de Gestion de Dépôts
Warehouses Service Agency
Typ SARL
Grënnungsdatum 1979
Sëtz 19, rue Uerschterhaff
L-4498 Suessem
Lëtzebuerg
Generaldirekter Laurent Bodson (General Manager)
Mataarbechter 181 (2019)
Ëmsaz 18 Milliounen Euro (2018)
Branche Militär
Homepage wsa.lu

D'Warehouses Service Agency (gekierzt WSA oder W.S.A.)[1] ass eng lëtzebuergesch Entreprise (SARL) an der Gemeng Suessem, déi spezialiséiert ass fir militärescht Material ze stockéieren, an der Rei ze halen an ze transportéieren[1].

D'WSA gouf am Januar 1979 an d'Liewe geruff, mat engem deemools haaptsächlech sozialen Zil. Et goung drëm fir den Aarbechter déi am Kader vun der Kris am Stol- an Automobilsecteur entlooss goufen, eng nei Aarbecht ze ginn. An de groussen Entreprise wéi bei der ARBED, bei General Motors oder bei Monsanto goufe Sozialpläng ausgeschafft an d'Regierung huet no Léisunge gesicht wou d'Aarbechterschaft ënnerdaach komme kéint. Zur selwechter Zäit huet d'US-Arméi Lännereien an Depote gesicht fir hiert Reservematerial ze stockéieren. Sou koum et am Dezember 1978 zu engem Ofkommes ((en)Memorandum of understanding) tëscht Lëtzebuerg an den USA an dräi Woche méi spéit ass d'WSA gegrënnt ginn.

De Lëtzebuerger Staat huet der WSA Terrainen tëscht Beetebuerg an Diddeleng zur Verfügung gestallt an huet och - duerch d'SNCI - 75% vun de Parten iwwerholl. Déi aner 25% goufe vun der ARBED bäigesteiert.

Am September 1979 sinn déi éischt Gefierer, Zelter an anert Material bei der WSA ukomm. Déi ronn 800 Leit déi deemools do geschafft hunn, ware gréisstendeels vun der ARBED, Monsanto a General Motors iwwerholl ginn.

Well méi Plaz gebraucht ginn ass, huet de Staat der WSA am Januar 1983 zousätzlech 38 ha um Uerschterhaff an der Gemeng Suessem zur Verfügung gestallt. No ronn zéng Méint war den éischten Hangar no NATO-Krittären opgeriicht ginn. Vun Enn vun den 1990er Joren un, hunn och d'amerikanesch Arméi an Europa (USAFE, 1995), d'Lëtzebuerger Arméi (1996) grad ewéi de Justizministère (1997) Material um Uerschterhaff deposéiert.

Duerch de Fall vun der Berliner Mauer (November 1989) an dem Enn vum Warschauer Pakt (Juli 1991) hunn d'Amerikaner eng Rëtsch Militärbasen, absënns an Däitschland, missen zoumaachen. D'US-Arméi ass dunn am Mäerz 2006 och vum Site Beetebuerg-Diddeleng fortgaangen, wat e Verloscht vun iwwer 200 Aarbechtsplaze mat sech bruecht huet. Duerno huet d'Lëtzebuerger Arméi en deel vun hirem Material bei der WSA stockéiert an de Justizministère huet eng zweet Hal gelount fir saiséiert Material ënnerzestellen.

2013 huet d'WSA hire Siège social op Zolwer verluecht[2] an ass 2015 definitiv vum initiale Site fortgaangen. Déi Terraine goufe vum Staat zeréckkaaft an den Eurohub gouf do amenagéiert. 2018 gouf de Siège dunn op den aktuelle Site um Uerschterhaff transferéiert[3].

Hautdesdaags assuréiert d'Firma Logistik- grad ewéi Entretiensaarbechte fir militärescht an zivilt Material. Fir hiren Haaptclient, d'USAFE, där hire Quartier général op der Ramstein Air Base (Rheinland-Pfalz) ass, këmmert sech d'WSA ëm de Stockage, d'Sécherung, d'Reparatur an den Entretien vum Krichsmaterial dat an Europa stationéiert ass.

De Site um Uerschterhaff

[änneren | Quelltext änneren]

Um 38 ha groussen Terrain um Uerschterhaff stinn am Ganze 17 Hangaren. Ausser deen zwéin déi als Fourrière judiciaire déngen, ginn déi aner fir d'Lëtzebuerger an d'US-amerikanesch Arméi gebraucht. A fofzéng Depote vun allkéiers 5000 m² gëtt d'Fiichtegkeet kontrolléiert, een Hangar (5000 m²) ass gehëtzt an en aneren (3600 m²) ass ventiléiert fir Petrolsmaterial stockéieren ze kënnen.

Tëscht 2020 an 2028 sollen nach véier bis fënnef nei Hale gebaut gi fir Fluchhafen-Material ze stockéieren. De Lëtzebuerger Staat soll dofir d'Käschte vun 225 Milliounen Euro iwwerhuelen[4]. Déi ganz Stockage-Capacitéit kéint dann op ca. 35.000 m² eropgesat ginn, woubäi nach ca. 5.000 m² fir Verwaltungs- an Infrastrukturgebaier derbäi kéimen[5]. Well uganks 2020 nach net mat den Aarbechten ugefaange konnt ginn, gouf eng provisoresch Struktur aus Militärzelter vun am Ganze 7.000 m², fir e Käschtepunkt vun 2 Milliounen Euro opgeriicht[5].

De Spuedestéch fir den Ubau vun 18.500 m², mat engem Investissement vu ronn 95 Milliounen Euro, war Enn Oktober 2023. D'Aarbechte gi vun der US-amerikanesch-tierkescher Joint Venture Bryan 77 Insaat ausgefouert, déi de Marché bei der NATO-wäiter Ausschreiwung gewonnen hat[6].

2017/18[7] huet d'Gesellschaft en Ëmsaz vun 18 Milliounen Euro gemaach. Op den 30. September 2018[7] beleeft sech d'Gesellschaftskapital op 1 Millioun Euro a setzt sech aus 400 Parten zu allkéiers 2500 Euro zesummen[8].

Direkter vun der WSA ass zanter dem 1. Januar 2019 de Laurent Bodson; virdru war et den André Schott[9].

Commons: Warehouses Service Agency – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 ageschriwwen am Handelsregëster als Agence de Gestion de Dépôts - Warehouses Service Agency ënnert der Nummer B16461
  2. Modification - Siège social vum 28. Oktober 2013 am Handelsregëster, gekuckt op lbr.lu den 13. Juli 2019
  3. Modification - Siège social vum 28. Januar 2018 am Handelsregëster, gekuckt op lbr.lu den 13. Juli 2019
  4. Projet de loi 7507 visant l'autorisation de la participation financière de l'Etat dans le fonctionnement de l'Agence de Gestion de Dépôts S.à.r.l. (Warehouses Service Agency – WSA), an der Chambert deposéiert den 18.12.2019
  5. 5,0 5,1 Marc Auxenfants, Camp improvisé à Sanem op wort.lu de 24. Januar 2020 an ënnert dem Titel Des tentes dans l'attente an der Drockversioun vum Luxemburger Wort de 24. Janaur 2020, S. 16
  6. (de)Ein Millioneninvest, aber kaum Profit für Luxemburger Firmen. wort+ (20.10.2023). Gekuckt de(n) 20.10.2023.
  7. 7,0 7,1 d'Geschäftsjoer geet vum 1. Oktober bis den 30. September
  8. Comptes annuels 2018, Depot vum 27. Mäerz 2019 am Handelsregëster, gekuckt op lbr.lu den 13. Juli 2019
  9. Modification non statutaire des mandataires vum 7. Januar 2019 am Handelsregëster, gekuckt op lbr.lu den 13. Juli 2019
  • Quell wou net anescht uginn: Marc Auxenfants (2019), kuckt um Spaweck