Wikipedia:De Staminee/Archiv2013/Juli-September

Vu Wikipedia

Universal Language Selector will be enabled on 2013-07-09[Quelltext änneren]

Eisebunnsbrécken an der Stad[Quelltext änneren]

Moien, do ass / war eng Diskussioun op Commons. Ech hu versicht e bëssen Uerdnung an d'Fotoen ze bréngen, wier awer frou wann nach een e Bléck géing drop geheien: Bisser Bréck, Viaduc de Clausen a besonnescht op de Pafendaller Viaduc wou en etlech Fotoen aus enger Perspektiv gemaacht goufen, déi ech selwer net kennen, ech mengen awer do iwwerall d'Jugendherberg ze gesinn. Merci! --Jwh (Diskussioun) 22:01, 9. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]

ps Iwwregens, De Clausener Viaduc ass ee vun de véier Eisebunnsviaducen um Terrain vun der Stad Lëtzebuerg - wien ass de véierten? --Jwh (Diskussioun) 22:04, 9. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]


Et gëtt op der Nordstreck nach eng Eisebunnsbréck déi iwwer d'Rue des Trois Glands féiert, a soss ginn et op d'mannst nach eng hallef Dosen dräi zu Märel an Hollerech an dräi zu Gaasperech. --81.242.185.180 23:13, 9. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]
Souwäit wéi ech et am Verhalt hunn, misst dat Stéck Bréck datt iwwer de Clausenerbierg féiert och eng eegestänneg Konstruktioun sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 13:29, 10. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]
Déi am Clausenerbierg, wou d'Camionen vun Zäit zu Zäit drënner hänke bleiwen?
Well do extra vu véier Viaduce Rieds goung, hat ech mir eigentlech als véierten ee méi éierbare virgestallt, esou ëppes an de Moosse vun den dräi aneren... --Jwh (Diskussioun) 16:47, 11. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]
Deen deen iwwer d'rue des 3 Glands féiert ass mei laang, sou eppes ëm dé 70 Meter. --Les Meloures (Diskussioun) 19:42, 11. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]
Dat misste se da sinn. Merci! --Jwh (Diskussioun) 23:47, 11. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]

Pywikipedia is migrating to git[Quelltext änneren]

Hello, Sorry for English but It's very important for bot operators so I hope someone translates this. Pywikipedia is migrating to Git so after July 26, SVN checkouts won't be updated If you're using Pywikipedia you have to switch to git, otherwise you will use out-dated framework and your bot might not work properly. There is a manual for doing that and a blog post explaining about this change in non-technical language. If you have question feel free to ask in mw:Manual talk:Pywikipediabot/Gerrit, mailing list, or in the IRC channel. Best Amir (via Global message delivery). 13:29, 23. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]

VisualEditor and your Wikipedia[Quelltext änneren]

(Please translate this message)

Greetings,

The Wikimedia Foundation will soon turn on VisualEditor for all users, all the time on your Wikipedia. Right now your Wikipedia does not have any local documents on VisualEditor, and we hope that your community can change that. To find out about how you can help with translations visit the TranslationCentral for VisualEditor and read the easy instructions on bringing information to your Wikipedia. The User Guide and the FAQ are very important to have in your language.

We want to find out as much as we can from you about VisualEditor and how it helps your Wikipedia, and having local pages is a great way to start. We also encourage you to leave feedback on Mediawiki where the community can offer ideas, opinions, and point out bugs that may still exist in the software that need to be reported to Bugzilla. If you are able to speak for the concerns of others in English on MediaWiki or locally I encourage you to help your community to be represented in this process.

If you can help translate the user interface for VisualEditor to your language, you can help with that as well. Translatewiki has open tasks for translating VisualEditor. A direct link to translate the user interface is here. You can see how we are doing with those translations here. You need an account on Translatewiki to translate. This account is free and easy to create.

If we can help your community in any way with this process, please let me know and I will do my best to assist your Wikipedia with this |exciting development. You can contact me on my meta talk page or by email. You can also contact Patrick Earley for help with translations and documents on Mediawiki. We look forward to working with you to bring the VisualEditor experience to your Wikipedia! Keegan (WMF) (talk) 19:07, 30. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]

Distributed via Global message delivery. (Wrong page? Fix here.)

Moien, Hotcat ass bei mir (MsIE 10) verschwonnen, awer just op dëser Wikipedia. --Jwh (Diskussioun) 07:02, 6. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, Dito bei mir (zanter gëschter)... --Zinneke (Diskussioun) 08:33, 6. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Ups do hat ech eng MediaWiki-Säit zevill geläscht (ech hunn déi elo grad nees restauréiert) a schonn ass HotCat nees disponibel et muss een déi Optioun just nei an de Benotzerastellungen nees ënner 'Gadgeten' aktivéieren. --Robby (Diskussioun) 17:40, 6. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Merci! --Jwh (Diskussioun) 09:04, 7. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

kaupuki talvella ??[Quelltext änneren]

Wou der Daiwel ass dat loten:

Eng Stad am Wanter

--Jwh (Diskussioun) 07:40, 20. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech hunn dat emol probéiert ze iwwersetzen aus dem finneschen. kaupuki gett et do net, an talvella heescht "am Wanter", dat hues de jo och scho geschriwwen. Wa kee wees wou et ass kënnt een et grad sou gudd läschen--MMFE (Diskussioun) 12:18, 20. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech si bal sécher: et ass am ieweschten Deel vum Eecherbierg. Fueren dat kucken. D'Bild ass op Commons, an do gëtt esou gutt ewéu näischt geläscht wann et dann net CopyVio ass. --Cayambe (Diskussioun) 12:27, 20. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Glungenerweis kënnt et mer an dësem Kontext vir wéi eng weltbewegend Iddi: Einfach den Uploader Paasikivi froen? Englesch wäert dee jo wuel kënnen, a wann net gëtt et Google Translate jo och mat Finnesch. --Otets 13:45, 20. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Du kanns et jo probéieren, mä d'Foto ass viru méi wéi 3 Joer gemaach ginn a wann e nach wéisst wou et wier hätt en et warscheinlech och schon an d'Beschreiwung geschriwwen.--MMFE (Diskussioun) 13:51, 20. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech sinn äech nach eng Kachkéisstory schëlleg, mee bon, ech hunn ëm dann elo trotzdeem geschriwwen. Kuckt awer w.e.g. no op e bei sech oder bei mär äntwert, ech hu momentan leider wéineg Zäit esou eppes z'iwwerwaachen. Ech hat och nach no GPS Date gesicht, mee seng Olympus μ9000 huet di Funktioun wuel net. --Otets 14:02, 20. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
... an ech hu mech geiert (blamméiert), et ass vill méi einfach: d'Foto gouf vun der Gëlle Fra aus geholl. Ze gesi sinn d'Gebaier Hôtel des Terres Rouges, d'Bâloise an en Tuerm vun der Cité judiciaire. Ech hunn op Commons d'Beschreiwung komplettéiert an d'Bild an déi 'richteg' Kategorie gesat. --Cayambe (Diskussioun) 16:04, 20. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Merci fir d'Opléisung vum Rätsel. Apropos Rätsel, esou eppes wier dach e flott Spill, ee mécht eng Foto an déi aner mussen erausfanne wou et ass. Deen éischten deen et erausfënnt kritt e Präis (en däerf en Artikel driwwer schreiwen :-) )--MMFE (Diskussioun) 16:31, 20. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
Terres Rouges! Merci! Dorop wier ech net komm - et geet een einfach net genuch op déi touristesch Plazen ;-) An datt de Finn sech nach kinnt drun erënneren, géing mech jo och wonneren. Iwwregens, wéi ech derbäi geschriwwen hat, iwwersetzt de Google de Kaupuki Talvella mat "Stad am Wanter". --Jwh (Diskussioun) 19:26, 20. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]
A bei mär war et just ëmgedréint, ech hat den Tuerm erkannt, war mer dunn awer net mi sécher wi direkt op Eecherbierg getippt gouf, a wollt mech mat menger Theorie net blaméieren)) De Finn huet sech iwwregends erënnert (cf. seng Diskussiounssäit), just un de Stroossennumm a soss Detailer dann awer net. --Otets 13:03, 21. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

HTTPS for users with an account[Quelltext änneren]

Greetings. Starting on August 21 (tomorrow), all users with an account will be using HTTPS to access Wikimedia sites. HTTPS brings better security and improves your privacy. More information is available at m:HTTPS.

If HTTPS causes problems for you, tell us on bugzilla, on IRC (in the #wikimedia-operations channel) or on meta. If you can't use the other methods, you can also send an e-mail to https@wikimedia.org.

Greg Grossmeier (via the Global message delivery system). 19:22, 20. Aug. 2013 (UTC) (wrong page? You can fix it.)[äntweren]

Biller vu Wahlplakater[Quelltext änneren]

Moien,

Ech hu gesinn datt et op Commons eng ganz Rei Biller vu Wahlplakater aus eisen Nopeschlänner gëtt, awer nach keng vu Lëtzebuerg. Dofir meng Fro un d'Allgemengheet: Haalt der et fir legal méiglech vun de Plakater aus Lëtzebuerg och Biller eropzelueden? Oder haalt der dat net fir esou interessant?--MMFE (Diskussioun) 10:46, 22. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, intressant wier et sécherlech. Well et zu Lëtz. keng Panoramafräiheet gëtt, an och de Grafiker oder Fotograf vun engem Wahlplakat Recht op säi Copyright huet, gesinn ech do net vill Chance. Da schon éischter vun engem Wahlstand an der Foussgängerzon, mat deem engen oder anere Kandidat, dee Porte-clefse verdeelt... --Zinneke (Diskussioun) 18:56, 22. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Trademark registration of the Community logo: speak up[Quelltext änneren]

Ech hunn dat hallef duerchgelies. E Wikimedia Benotzer huet dee Logo fir d'Gemeinschaft entworf an en an den Domaine public gesat. D'Fondatioun wollt en doropshin als Marque schütze loossen, fir datt keng aner Organisatioun oder Firma de Logo mat sech a Verbindung brénge kann. Der Fondatioun hir Juriste schaffen elo drun, fir eng rechtlech Grondlag ze fanne fir datt trotz esou enger Marque-Registréirung all Member vun der Gemeinschaft de Logo selwer benotze kann. Bannent der Gemeinschaft huet sech awer Widerstand forméiert, well si der Fondatioun net gleeft datt duerno nach all Member sech fräi mam Logo dekoréire kann, an dee Grupp huet eng Oppositioun géint d'Marque-Registréirung abruecht. Wee wëll kann do matdiskutéieren, ech perséinlech hunn dee Logo bis ewell néierens benotzt sou datt et mär egal ass op doraus eng geschützte Marque gëtt oder net. --Otets 12:58, 24. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Méi an d'Aarbecht! --Jwh (Diskussioun) 19:53, 24. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]


Nummkonventioun Aserbaidschanesch[Quelltext änneren]

Nodeems mer den Artikel "Lëscht vu bekannten Aserbaidschaner" kruten huet sech d'Fro gestallt, wéi eng Schreifweis mer fir aserbaidschanesch Nimm huelen. D'Aserbaidschaner benotzen zwar dat laténgescht Alphabet, awer mat 6 weideren Extrabuschtawen déi mär emol net op eiser Tastatur hunn: Ə, Ğ, İ, ı an Ş. Ech duet, am beschte mer kucken eis u wéi déi grouss Wikie mat deem Problem ëmginn. Op der de-wiki huele se d'Originalschreifweis mat de glungene Buschtawen, ausser an deene Fäll wou och si sech net drun halen an der Däiwel weess firwat. Op der en-wiki transliteréiere se dogéint konsequent, an dat net nëmme wat d'Extrabuschtawen ugeet, mee och de Rescht (z.B. "c" gëtt "j", "q" gëtt "g", "x" gëtt "kh", etc.). Ech hat d'Diskussioun schonn op dem Les Meloures senger Diskussiounssäit ugefaangen, an d'Meenunge si séier auserneegaangen wéi e System een huelen soll.

Dofir meng Fro (fir ze diskutéieren an ofzestëmmen): Solle mer d'Originalschreifweis benotzen, déi englesch Transliteratioun, oder eis eegen Transliteratioun?

Kuerz e puer Argumenter zesummegefaasst:

  • Originalschreifweis: dee liitste Wee, mee net evident auszeschwätzen a carrément onméiglech ze schreiwen

Pro well kee schlëssegt Géigenargument: Ausschwätzen ännert net, egal wéi eng Schreifweis; Sonnerzeechen, falls gebraucht,sinn ewell och am Schreifmenu disponibel. An ausser 4 hongrechen aserbaidschanesche Schachspiller ass keen Artikel bis ewell iwwerhaapt betraff.--Zinneke (Diskussioun) 16:46, 27. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Pro D'Argument vun der Tastatur ass am Zäitalter vum copy/paste iwwerlieft, an déi meescht Spezialzeeche sinn iwwer der Ännerungsfënster ze fannen. --Les Meloures (Diskussioun) 16:12, 30. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

  • Englesch Transliteratioun: einfach vun der en-wiki ze klauen, mee si transliteréieren esou datt mär et awer falsch ausschwätzen

Kontra dito. --Zinneke (Diskussioun) 16:46, 27. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

  • Eis eegen Transliteratioun: tiptop auszeschwätzen an ze schreiwen, mee e Sonnerwee

Kontra Firwat et komplizéiert man... --Zinneke (Diskussioun) 16:46, 27. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Ech hunn nach eng Tabell gemaach fir datt jidderee gesäit ëm wat et konkret geet:

Transliterationstabell vum aserbaidschaneschen Alphabet
Kyrillesch Latäin IPA Englesch
Translit.
Lëtz.
Translit.
1958–1991 1992–
А а A a ɑ A a A a
Б б B b b B b B b
Ҹ ҹ C c J j Dj dj
Ч ч Ç ç Ch ch tsch
Д д D d d D d D d
Е е E e e E e E e
Ә ә Ə ə æ A a
E e
Ä ä
Ф ф F f f F f F f
Ҝ ҝ G g ɡʲ G g G g
Ғ ғ Ğ ğ ɣ Gh gh Ch ch
Һ һ H h h H h H h
Х х X x x Kh kh Ch ch
Ы ы I ı ɯ Y y Y y
И и İ i ɪ I i I i
Ж ж J j ʒ ? J j
К к K k k K k K k
Г г Q q ɡ G g G g
Л л L l l L l L l
М м M m m M m M m
Н н N n n N n N n
О о O o ɔ O o O o
Ө ө Ö ö œ O o Ö ö
П п P p p P p P p
Р р R r r R r R r
С с S s s S s S s
Ш ш Ş ş ʃ Sh sh Sch sch
Т т T t t T t T t
У у U u u U u U u
Ү ү Ü ü y U u Ü ü
В в V v v V v W w
Ј ј Y y j Y y I i
З з Z z z Z z Z z

--Otets 15:26, 27. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

D'Wahl ass domat 2:0:0 fir d'Originalschreifweis ausgaangen. Ech hunn dowéinst elo eis "Wikipedia:Nummkonventiounen/Aserbaidschanesch" à jour gesat, an änneren eis "Lëscht vu bekannten Aserbaidschaner". --Otets 11:24, 10. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]