Wikipedia:De Staminee/Archiv 2017/Juli-September

Vu Wikipedia

WikiCon 2017[Quelltext änneren]

Hallo zusammen. Die WikiCon 2017 findet vom 8. bis zum 10. September 2017 in Leipzig statt, schaut unter de:Wikipedia:WikiCon 2017. Mittlerweile wurde der Call for papers eröffnet. Bis zum 15. Juni können Beiträge eingereicht werden. --Holder (Diskussioun) 21:01, 1. Mee 2017 (UTC)[äntweren]

Die Frist zum Einreichen von Beiträgen zur WikiCon 2017 wurde bis zum 30. Juni verlängert: Wikipedia:WikiCon_2017/Programmvorschläge. --Holder (Diskussioun) 15:43, 15. Jun. 2017 (UTC)[äntweren]


Accessible editing buttons[Quelltext änneren]

Whatamidoing (WMF) (talk) 22:22, 10. Jul. 2017 (UTC)[äntweren]

Page Previews (Hovercards) update[Quelltext änneren]

CKoerner (WMF) (talk) 22:32, 20. Jul. 2017 (UTC)[äntweren]

Improved search in deleted pages archive[Quelltext änneren]

Hëlleft wgl. fir an Är Sprooch z'iwwersetzen

During Wikimedia Hackathon 2016, the Discovery team worked on one of the items on the 2015 community wishlist, namely enabling searching the archive of deleted pages. This feature is now ready for production deployment, and will be enabled on all wikis, except Wikidata.

Right now, the feature is behind a feature flag - to use it on your wiki, please go to the Special:Undelete page, and add &fuzzy=1 to the URL, like this: https://test.wikipedia.org/w/index.php?title=Special%3AUndelete&fuzzy=1. Then search for the pages you're interested in. There should be more results than before, due to using ElasticSearch indexing (via the CirrusSearch extension).

We plan to enable this improved search by default on all wikis soon (around August 1, 2017). If you have any objections to this - please raise them with the Discovery team via email or on this announcement's discussion page. Like most Mediawiki configuration parameters, the functionality can be configured per wiki. Once the improved search becomes the default, you can still access the old mode using &fuzzy=0 in the URL, like this: https://test.wikipedia.org/w/index.php?title=Special%3AUndelete&fuzzy=0

Please note that since Special:Undelete is an admin-only feature, this search capability is also only accessible to wiki admins.

Merci! CKoerner (WMF) (talk) 18:40, 25. Jul. 2017 (UTC)[äntweren]

Formatéierungstag <center>[Quelltext änneren]

Moien, heidrënner Infromatiounen, op eng Fro vu mir hin, vum Benotzer:Soued031 senger Diskussiounssäit, déi, fannen ech, vun allgemengem Intressi kinnt sinn (wann ech mech als Moosslat fir Laiekenntisser huelen dierf, an ouni dass ee sech getouft fille muss):

Moie Soued,

ech gesinn, du ersetzs am grousse Stil doruechter d'Taggen <center> duerch eng Schabloun {{center|...}}. Ass dat eng nei Reegel? Sinn déi Taggen net méi ze gebrauchen? E puer Explikatiounen um Stamminee oder op der Syntax-Säit wiere vläicht net vu Muttwëll, wann et da soll gewënscht sinn, dass dat an Zukunft zum Standard gehéiere soll. --Zinneke (Diskussioun) 11:12, 29. Aug. 2017 (UTC)

PS: A wann "center", firwat net bei "right", "left" asw.

Moien, an éischter Linn geet et drëm fir all déi Taggen ze flécken déi net oder fasch zougemaach goufen wéi z. B. <center> deen net mat </center> oder falsch mat <center/> zougemaach goufen. Et kann een déi Schabloun fir den Ament nach net sytematesch iwwerall gebrauchen an dofir kann ee se och net als globalen Ersatz dohi stellen. Et soll villméi och vu korrekten Uschreiwunge Gebrauch gemaach ginn, wéi <div align="center">Text text </div> oder an Tabellen eventuell align="center"|Text . --Melouresbot (Diskussioun) 11:45, 29. Aug. 2017 (UTC)
Moien genee dat wat de Les Meloures seet (et war souguer seng Iddi dat ze botzen/amelioréieren/flécken an ass och extrem wichteg).
Well elo d'Biller "schéi" geraumt si kéint een eng Schabloun maache well se endlech all no engem System geraumt sinn.
Méi prezis Infoen: den center-Tag gëllt als "deprecated". Firwat? Ganz einfach d'HTML-Taggen hir Aarbecht ass eng Struktur an eng Bedeitung dem "Text" ze ginn dem CSS seng Aarbecht ass et e "Stil" (dowéinst de "style=") ze ginn. Da seet ee sech jo mä bei mir geet dat. (D'Zil vun engem Artikel deen ee geschriwwen huet op der Wiki ass datt en och vun anere gelies gëtt.) De Problem ass well eben déi Tagge vereelzt sinn, mussen d'Browseren domat eens ginn an et ëmschreiwen oder "ëmweisen" an do läit de gréisste Problem: all Browser geet domat anescht ëm. Beispill: Wann s du mam IE 10? op der Säit "HaaptsäitBléck/Archiver" gees sinn d'Saachen duercherneen awer mam Firefox a mam Chrome si se korrekt gereit. Awer tëscht dem Chromium an dem Firefox säin Affichage mierkt een datt de gielen Hannergrond beim Firefox bis ënne geet a beim Chromium net.--Soued031 (Diskussioun) 12:31, 29. Aug. 2017 (UTC)
PS: Op der Säit vum Organismus W3C dee sech ëm de Standard këmmer steet: [1]

The <center> element was introduced in HTML 3.2 - Block elements. It has been deprecated since HTML 4 - 15.1.2 Alignment.

HTML5 classifies it as a non-conforming feature. Examples: No, really, don't use it.

--Zinneke (Diskussioun) 13:01, 29. Aug. 2017 (UTC)[äntweren]

Mol Merci fir dem Zinneke säin Intressi. Et wier och flott wa mol aner Mataarbechter heinsdo an déi eng oder aner Verbesserung géifen eraluussen, fir ze mierke wat eigentlech verbessert gouf, an dann déi Verbesserungen an Zukunft z'applizéieren. Ech profitéieren och vun der Geleeënheet fir drop opmierksam ze maachen datt d'Wikidata vun de Kategorien och wa méiglech vun den Auteure vun der Kategorie selwer solle gemaach ginn, well da brauche net ëmmer aner Benotzer hannendrun ze lafen, fir dat nozehuelen. Merci am Viraus. --Les Meloures (Diskussioun) 09:11, 30. Aug. 2017 (UTC)[äntweren]
Nach méi flott wier et, wann déi, déi sech Méi an Aarbecht fir déi sëllechen Ännerungen a Verbesserunge maachen (e Merci dofir!) och eng klitzeg Aarbecht méi géinge maachen, an dës Ännerunge méi systematesch annoncéieren, resp. fir e Laie verständlech z'explizéieren. Dat giff dann och hëllefen, ze verhënneren, dass déi Feeler an Zukunft riichtduerch weider gemaach ginn, well d'Auteuren dovunner sech net emol bewosst sinn, dass do eppes net stëmmt (besonnesch och, wann d'Ännerungen duerch Botte gemaach ginn an an de Rezenten Ännerungen net optauchen).
Als Beispill vun uewendriwwer: Ech hunn ni e Programméierecours gemaach a war scho frou ze wëssen, datt ee mat der Code-Koppel <center> </center> eppes zentréiere kinnt. Well dat "nach ëmmer" hei doruechter gebraucht gouf, hunn ech dat och blannemännches applizéiert. Doriwwer eraus huet et nach ëmmer fonktionnéiert, sou dass ech mer dozou keng Gedanke gemaach hunn. Elo gi mer iwwer Ëmweeër gewuer, datt dësen Tag "obsolet" wier an et scho bal eng Beleidegung ass, en iwwerhaapt nach ze gebrauchen. Stéing dann z.B. op enger Säit wéi Wikipedia:Wéi änneren ech eng Säit (oder e Link op deementspriechens Säiten op d'de:-, fr:- oder en:-Wiki) wéi et soll sinn, da kinnt och jidderee sech dono riichten (oder wéisst, wou en et nozesichen hätt). Z.B. och, wéi et dann elo mat anere 'Richtungs'-Tagen (left, right, asw.) ass. Sinn dat och Programméierzombien, déi ee soll ewechloossen? Kuerz: E bëssen Aarbecht, déi vill spéider verhënneren hëllefe géif.
--Zinneke (Diskussioun) 10:03, 30. Aug. 2017 (UTC)[äntweren]


Remoien ech ech hunn och ni e Programméiercours gemaach an awer déi Tricken erausfonnt. Déi Saache fënnt een nëmmen eraus wann e sech fir d'Informatiounen déi een op de Spezialsäite kritt, intresséiert. Ech maachen alt mol dat wat ech kann awer mäin Dag huet och nëmmen déi selwecht Stonne wéi den anere Leit hiren. Ech hu grad wéi déi aner Mataarbechter e puer Optiounen op der Wiki: Artikele maachen, Verbesserunge maachen, oder Informatioun maachen. Alles matenee geet net. Wann ech scho meng Liiblingsbeschäftegung op der Wiki, nämlech Artikelen a Fotoe maachen lo schonn zanter laangem zu Gonschte vun de Verbesserunge fale gelooss hunn da mengen ech emol mäi Bäitrag erfëllt ze hunn. Wat fir eng Taggen z.B. obsolet sinn gëtt ee ganz gutt iwwer Google gewuer wann ee bei HTML code sicht. Déi explizéieren dat besser wéi ech dat maache kéint. An ech behaapten emol datt et fir déi déi di vill Aarbecht maachen net nach vill méi flott ass fir der nach méi ze maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:49, 30. Aug. 2017 (UTC)[äntweren]
Et ass keng Kritik, just eng Suggestioun, wat mir logesch eschéngt: Wa mär perséinlech eppes dru läit, dass eppes sech ännere soll, bei deem méi Leit dru bedeelegt sinn, da probéieren ech op déi effikassten Aart a Weis, derfir ze suergern, dass jidderen iwwer déi (gewënschten oder gemaachen) Ännerunge bescheet wees... =+Z.
Ech gesinn net wat eng "Dokumentéierung" brénge soll. De Vocabulaire "Code-Koppel" fir Tag ze soen an datt s du dat mat Code oder Programméieren am Zesummenhang bréngs weist datt d'Dokumentéierung dir näischt brénge géif. Ech behaapten du sees mer elo "ech hu Recherchë gemaach". Dann erklär mer wann s du "HTML" géifs op Google sichen da géifs du déi Infobox kréien: L'HyperText Markup Language, généralement abrégé HTML, est le format de données conçu pour représenter les pages web. C'est un langage de balisage permettant d'écrire de l'hypertexte, d'où son nom. Ech gesinn dat Wuert "Code" net mol eng Kéier dran.
Firwat soe mer net wa mer eppes maachen? Ganz einfach mer wëssen net wéini eppes 100% klappt. An dat ass beim Les Meloures, bei mär an d'Informatiker vu Google cf. Youtube-Bug. Da kënnt als nächst sécher wéi maache Banken an aner Firmen déi kritesch Donnéeën hunn? Och einfach déi hu séiert Equipement a Leit déi dat wärend Méint testen a kontrolléieren. Déi maachen e Backup vun dat wat se hunn a loossen dat wat gebackupt gouf onberéiert an "installéieren" de Backup op neiem Material an änneren do alles. D. h. ech bräicht dann e Server (easy) da misst ech all Kéier déi neist Versioun eriwwer kopéieren soubal eng Ännerung geschitt op mäi Server (kascht immens vill Zäit well ech hu keen industrielle Server) an da bräicht ech Fräiwëlleger déi et kontrolléieren.
Da kënnt sécher als nächst et kann een et och Bescheed soen. Just zur Info du bass definitiv deen deen et als lescht gemierkt huet. Et huet kee gesot du kanns eis net uruffen oder kontaktéieren (dat hunn der och gemaach). Eppes wéi HTML an CSS just mat Text z'erkläre kritt keen hin, well dat ze visuell ass.
Déi nächst Fro ass sécher "Wéi solle Leit vun de Feeler léiere wa keen hinnen et seet?". Déi meescht kopéieren Deeler vu Säiten a bastelen draus eng Tabell/Schabloun/Infobox. D. h. wa keng "falsch" gemaachte Schabloune méi do sinn, mécht och kee méi e Feeler. Dowéinst fënns du op der Organisatioun hirer Säit kee Beispill méi mä en Ersatz fir al Taggen.
An och et soll een och kucke wat déi aner maachen. Ech kucken dacks wat der maacht a geheien nei Wierder am Spellchecker oder wann e Feeler do ass verbesseren ech et. Wat ech och net verstinn all Kéier wann ech deng Saachen änneren (sief et positiv oder negativ) spréngs du direkt aus der Këscht. Dat ass sou eng falsch Mentalitéit. All Beräich wou een den Accord huet Saachen z'änneren, muss ee prett sinn datt engem seng Aarbecht geännert gëtt. Wann dir dat net gefält ma ganz einfach: maach datt et feelerfräi a perfekt do steet (onméiglech). Kuck deen Historique. Ech erënnere mech net datt ech mat iergendengem deen u "mäin" Artikel gepiddelt huet Diskussioune gefouert hunn. An nach eppes fir datt een un deng Aarbecht ännere geet heescht et net datt d'Aarbecht Schrott ass mä dat se grad gutt ass (soss häss du keng Schabloun krut :p) a just eng kleng Ännerung brauch soss géif et souwisou an d'Poubelle landen.--Soued031 (Diskussioun) 16:33, 30. Aug. 2017 (UTC)[äntweren]
Entschëlleg, mee bei Leit, déi reflexaarteg eng Fro als Kritik an e guttgemengte Rot als perséinlech Beleidegung ophuelen, oder déi anere Leit esou Reaktiounen ënnerstellen, weess ech wierklech net wat weider soen... --Zinneke (Diskussioun) 21:51, 31. Aug. 2017 (UTC)[äntweren]
(╯ಠ_ಠ)╯︵ ┻━┻ --Soued031 (Diskussioun) 22:08, 31. Aug. 2017 (UTC)[äntweren]
Rebelotte:
Et ass keng Kritik, just eng Suggestioun, wat mir logesch eschéngt
Ech hunn et och ganz genee sou opgefaasst an iergere mech och net driwwer. Ech hunn och just ekläert wat fir den Ament zäitlech a menge Méiglechkeeten ass. Dann awer elo eng Kritik vu menger Säit: Et stinn 1100 Kategorien do, déi net eropgeleet sinn an deemno och vun de Wikidata net erfaasst ginn. Et wier deemno flott wann een eng Kategorie wënscht datt e sech och vläicht selwer drëms bekëmmert fir s'eropzeleeden a s'an d'Wikidate ze setzen. Wann ee bei de Wikidata keng Korrespondenz fënnt da soll ee sech zweemol iwwerleeën op d'Kategorie awer soll ugeluecht ginn. Bei Ënnerkategorie soll ee sech, wann ee se net wëll eropleeden, iwwerleeën ob se wierklech Sënn maachen an d'Säit einfach an eng Kategorie driwwer setzen. Säiten déi a kenger Kat stinn, oder an enger déi net eropgeleet ass, gi bei de Verbesserungen net erfaasst, well d'Verbesserunngen ëmmer iwwer eng vun den Haaptkategorie gemaach ginn.
Nodréigleches
PS: A wann "center", firwat net bei "right", "left" asw.
Dat ass ganz einfach well bei "right", "left" asw. dee Problem net besteet


50K Artikel[Quelltext änneren]

Kéinten déi déi Artikele geschriwwen hunn elo en masse se publizéieren :)? --Soued031 (Diskussioun) 16:57, 10. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

50'000 Artikel[Quelltext änneren]

Gehaansblumm

Hallo zusammen. Herzlichen Glückwunsch zum 50'000. Artikel. Dafür bekommt Ihr alle von mir die Gehaansblumm vum Mount. Viele Grüße, --Holder (Diskussioun) 04:11, 11. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

An der Press[Quelltext änneren]

Fir dëse 'Meilesteen' gouf e Pressecommuniqué vun der Asbl. Wikimedia Lëtzebuerg erausgeschéckt; heidrënner wat derbei erauskoum:

... an e Merci un d'Leit vu Wikimedia Lëtzebuerg asbl, déi d'Press informéiert an hir Ried an Äntwert stoungen. --Zinneke (Diskussioun) 15:15, 12. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

Wann der Froen hutt iwwer d'Artikelen déi an der Press publizéiert goufen, kënnt der se mer gär iwwer Skype stellen (selwechten Numm wéi op der Wiki) oder iwwer Mail/Handy. --Soued031 (Diskussioun) 17:03, 12. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

Nimm vun Universitéiten - Lëtzebuergesch oder Originalsprooch?[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg,

Irgendwann eng Kéier sot iergend ee mir (oder hunn ech iergendwou gelies - ech weess et net méi), datt d'Universitéitsnimm sollten op Lëtzebuergesch sinn. Duerno ass awer du gesot ginn, d'Nimm vun de politesche Parteie sollten an der Originalsprooch sinn. Géif dat net och méi Sënn maachen fir Universitéiten, Héichschoulen a Fuerschungszenteren?

Kategorie:Universitéiten no Länner
Kategorie:Politesch Parteien no Länner

Falls jo, dann réckelen ech d'Artikelen gären ëm.

--Bdx (Diskussioun) 10:58, 12. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

Moien, ech gesi grondsätzlech zwou Méiglechkeeten ze lemmatiséieren: ënner dem Oringinalnumm ("Albert-Ludwigs Universität Freiburg im Breisgau"), oder ënner dem Kierzel "Universitéit Freiburg im Breisgau". Dat leschtgenannt huet de Virdeel, dass een domat intuitiv den Artikel fanne kann, ouni de ganzen Numm ze kennen. Nodeel beim leschtgenannten ass awer, dass et Stied ginn, déi méi Unien hunn (zu Bréissel z.B. d'Vrije Universiteit Brussel an d'Université libre de Bruxelles; mat "Univeritéit Bréissel" oder och "Fräi Universitéit Bréissel" wees kee, wat fir eng gemengt ass) oder awer Unien, déi ënnert hirem Numm méi bekannt sinn, wéi d'Stad an där se leien (z.B. "XY State University"). Ech giff dofir tendéieren, den Originalnumm als Lemma ze huelen, a, wann ëmmer méiglech, e Redirekt mat "Universitéit ..." unzeleeën.
--Zinneke (Diskussioun) 11:55, 12. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Merci, ech sinn domat komplett averstanen; ech waarden awer léiwer nach e puer aner Meenungen of éier ech eppes änneren :) --Bdx (Diskussioun) 12:06, 12. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech mengen, dat ass grondsätzlech e wäertvolle Prinzip: den Originalnumm als Lemma a Varianten, resp. de lëtzebuergeschen Numm oder Kierzel als Redirekt. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 07:51, 13. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech sinn och der Meenung, datt den Originalnumm déi bescht Optioun ass. A Länner mat méi wéi enger offizieller Sprooch (z. B. an der Belsch) oder wann et e sënnvolle Lëtzebuerger Numm gëtt, da mat Redirecten. --GilPe (Diskussioun) 19:04, 13. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Just eng Mini-Remarque, fir ze kompetéieren: An der Belsch huet all Sproochcommunautéit "hir" Unien (ausser déi Däitsch); et gëtt deemno keng mat engem zweesproochegen Numm. ULB a VUB sinn zwou verschidden Institutiounen (och wa se historesch emol eng Kéier eng waren). --Z.
OK, merci, bis elo si mir eis jo dann all eens: Originalnumm als Lemma--Bdx (Diskussioun) 12:03, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

Sorry, could you please tell me to which specific template you are referring to? Secondly, which spouse I invented? I took the information from the English Wikipedia, if it is not correct, please feel free to delete it. --Katxis (Diskussioun) 09:12, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

Hi, the one you put in the Jacques Santer Article. I didn't say you necessarily invented it, but you started introducing it. I corrected the idiocy on Mr Santer's wife in en:wiki - his late wife's name (she died in 2011) was Danièle, as clearly stated in the article. --Zinneke (Diskussioun) 09:32, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
But the template is to be used for people and I used on an article about a person. Perhaps there is another one which is better? (maybe for politicians?) I don't understand what you meant by "I said that before introducing new templates, they should be discussed at the village pump and commonly agreed"; in any other Wikipedia, you can use a template as long as it exists, no need for discussion about each time you want to use it. However, if that's the policy here, please confirm me so that I can ask on the village pump (btw, where is that?). --Katxis (Diskussioun) 09:39, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Where did Zinneke said: "I said that before introducing new templates, they should be discussed at the village pump and commonly agreed"? --Soued031 (Diskussioun) 09:42, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Please see my discussion page. --Katxis (Diskussioun) 09:45, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
I said so On Katxis's User Page. Changes which are not just technical or cosmetic, but that impact potentially thousands of articles (like Biography templates that appeared out of nowhere) should be discussed and agreed beforehand, as they concern everyone. --Zinneke (Diskussioun) 09:46, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
If you think we should continue this discussion thread, let's do so on Wikipedia:De Staminee.

Këschte fir Biographien[Quelltext änneren]

Moien,

ee Benotzer huet domat ugefaangen, Schabloune fir biographesch Artikelen anzesetzen. Dës Schabloun war bis ewell bei eis néierens a Gebrauch, an et gouf och néierens decidéiert, esou eng anzeféieren.

Well biographesch Artikele mat déi heefegst Zort vun Artikelen hei sinn (nieft geographeschen Entitéiten), an et dofir e groussen Impakt op d'Artikelschreiwen an d'Erscheingungsbild hätt, wann et esou Schabloune géif, wollt ech fir d'éischt klären, ob e Besoin/Wonsch no sou Schabloune besteet (wéi s'effektiv a ville Wikie virkommen). Falls jo, misst da gemeinsam beschwat ginn, wat dodra stoe komme soll, wéi s'auszegesinn hätt, wéi se mat anere Schablounen/Formater/Datebanken (Wikdata) interagéiere kéinnt/soll, asw. Eréischt wann do zweemol Konsens ass, kinnten se agebaut ginn (ouni emol déi grouss Fro ze stelle vu wiem...).

--Zinneke (Diskussioun) 10:00, 14. Sep. 2017 (UTC) , dee wéi ee sech denke kann, der Saach zimmlech skeptesch géintiwwer steet, well et mMn enorm Aarbecht a wéineg Méiwäert brénge géif.[äntweren]

Fir als Info: Ech sinn deen deen d'Kescht gebastellt huet. D'Parameteren déi dra sinn, goufen aus der Englescher iwwerholl. Wann der gäre wellt wesse wéi Wikidata geet, wat een domat ufänke kann, wat d'Limitte sinn, kontaktéiert mech iwwer Skype/Handy. Et kann een et schlecht ouni erklären a soubal een de Prinzip verstanen huet kommen dacks gutt Proposen. Soss: Mech freet et datt driwwer diskutéiert gett. --Soued031 (Diskussioun) 10:08, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

So, could you please tell me what do you agree in the end? --Katxis (Diskussioun) 10:17, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

It will take some time I think. Most users don't know what Wikidata is, who already uses it (I mean we know that Google doesn't sponsor projects only for fun), what can be accessed, how to write an Infobox to make usage of it (without Wikidata patronizing everything), correct mistakes on wikidata. I forgot to tell you that now all Navbox can be used as someone told me why it didn't work. --Soued031 (Diskussioun) 10:27, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Oh, I think I got it now. Do you want to create a template like the one in Latin? You just add {{Capsa hominis Vicidata}} and everything that is on Wikidata appears. --Katxis (Diskussioun) 10:43, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Yes but only for the top part (If we plan on doing so as it has been asked on "Staminee"). I would like to have the wikidata logo then if someone clicks on it he can access the wikidata directly and then for each information accessed of wikidata I would like to show a pencil tha goes directly to where the information is to change it. It can already be done by the "Schabloun:Wd". Also I don't like the idea of using a Box fully generated by Wikidata as Wikidata doesn't have yet all claims (which is normal). It should be used to fill information that changes too fast, information that takes to much time to fill, information that usually is forgotten. --Soued031 (Diskussioun) 11:01, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Ech gesinn zwar och kee Méiwäert vun deene Këschten, mee hunn elo och keng ganz staark Meenung dergéint. Ech fannen awer, datt bestëmmten Informatiounen net an esou eng Këscht gehéiert. Beim Jean-Claude Juncker spillt et zum Beispill keng Roll, wie seng Fra a wie seng Eltere sinn. Wann een esou eppes an eng Infobox schreift, dann heescht dat, datt dat eng relevant Informatioun iwwer déi Persoun ass; an dat ass hei iwwerhaapt net de Fall. Menger Meenung brauch ee keng allgemeng Biographiekëscht, well all déi wichteg Informatioun souwisou an der Intro stoe soll. --Bdx (Diskussioun) 12:02, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Déi Infoen déi an de Keschte komme profitéieren net nemmen eis mä déi Roboter déi an de Keschten d'Informatioune siche ginn. D'Argument: et brauch ee keng "allgemeng" Biographiekëscht, well all déi wichteg Informatioun souwisou an der Intro stoe soll, ass keen Argument. Da bräichten eis Uertschaften a Gemenge keng Infobox well ee jo net engem Letzebuerger brauch z'erklären datt Letzebuerg an der Gemeng Letzebuerg ass an datt d'Gemeng Letzebuerg a Letzebuerg ass. Wou ech der Recht ginn ech verstinn och de Besoin vu verschidden Donneeéen déi d'"Englänner" dran hunn net sou wéi de "Partner". Ech hunn z. B. och d'Geschlecht net dobäigesat well ech de Senn dovun net verstinn. --Soued031 (Diskussioun) 12:11, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Bie den Uertschaften ass dat awer eng aner Saach well do vill méi Informatiounen dra stinn, déi net am Artikel selwer stinn, wéi zB Bevëlkerung, Bevëlkerungsdicht, Fläch, Koordinaten, etc. Kann een d'Daten aus Wikidata net och einfach am Artikel selwer abauen? --Bdx (Diskussioun) 12:25, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Jo awer dat gett net gemaach (och bei den aneren) z. B. bei Beruffer hues du de Problem datt da "Filmschauspiller, Theaterschauspiller" do steet. Am Letzebuergesche geif een awer sou schreiwen: Film- an Theaterschauspiller. De Problem ass awer wann een ni virun den Aen huet dat wat op Wikidata steet da kann ee "Witzbold" als Beruff Pornoduersteller zum Beispill bei engem schreiwen an da géif no enger Zäit de Google (oder aner Sichsäiten) dat an hirer Infobox uweisen. Bei Audioen hues du dann de Problem datt et en "Amerikaneschen" an en "Britteschen" Accent gett, do stellt sech dann Fro wéi weist een et un a wat soll een uweisen. Wéi gesot ech kann et just gutt erklare wann ee mech urifft iwwer Skype / Handy a mir 2 sinn um PC oder et gesäit ee sech fir dat z'erklaren. Du gesäis et kann ee vill maachen. Wann s du wells Bdx ech kann der et gären erkläre schreif mer einfach eng Mail. --Soued031 (Diskussioun) 12:38, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
OK, ech waarden emol of wat déi aner mengen. Wann ech méi wëll iwwer Wikidata wësse well, kommen ech op dech zréck.--Bdx (Diskussioun) 16:31, 14. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

RfC regarding "Interlinking of accounts involved with paid editing to decrease impersonation"[Quelltext änneren]

There is currently a RfC open on Meta regarding "requiring those involved with paid editing on Wikipedia to link on their user page to all other active accounts through which they advertise paid Wikipedia editing business."

Note this is to apply to Wikipedia and not necessarily other sister projects, this is only to apply to websites where people are specifically advertising that they will edit Wikipedia for pay and not any other personal, professional, or social media accounts a person may have.

Please comment on meta. Thanks. Send on behalf of User:Doc James.

MediaWiki message delivery (Diskussioun) 21:06, 17. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

Discussion on synced reading lists[Quelltext änneren]

CKoerner (WMF) (talk) 20:35, 20. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

Marjaashaff zu Léifreg[Quelltext änneren]

Moien, gëschter hunn ech eng Foto vum Marjaashaff zu Léifreg Liefrange_Marjaashaff eropgelueden.
Elo meng Fro: schreiwen si hieren Numm richteg? Misst et net Marjashaff sinn... oder vläicht esou guer Maarjashaff? Wat mengt Dir? --Cayambe (Diskussioun) 09:52, 28. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]

Et misst Marjashaff sinn. Et gëtt keng Ursaach fir Verdueblung vum a --109.134.247.187 14:09, 28. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]
Merci, och fir d'Verbesserung vum Link. --Cayambe (Diskussioun) 17:43, 28. Sep. 2017 (UTC)[äntweren]