(163899) 2003 SD220

Vu Wikipedia
(163899) 2003 SD220
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Aten-Typ
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 0,827 A.E.
Exzentrizitéit 0,211
Sideresch Ëmlafzäit 274,55 d
Inklinatioun 8,51 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 0,80 ±0,02 km[1]
Rotatiounsperiod 285 ±5 h[2]
Albedo 0,31 ±0,04
Absolut Hellegkeet 20,39M
Entdeckung
Entdecker LONEOS
Entdeckungsdatum 23. September 2003
Plaz Anderson Mesa Station
Aner Bezeechnungen 2003 SD220, 2000 AD229


Den (163899) 2003 SD220 ass en äerdnoen Asteroid, deen d'Äerdbunn kräizt an deem säi Perihel bannenzeg der Venusbunn läit. Hie gouf 2003 SD220 genannt a gouf den 23. September 2003 am Kader vum LONEOS-Projet entdeckt.

Den Asteroid beweegt sech an enger 4:3-Bunnresonanz zu der Äerd, wouduerch et all dräi Joer zu engem enke Rendez-Vous kënnt. De 24. Dezember 2015 koum den 2003 SD220 der Äerd bis op 11 Millioune Kilometer erun. Den 22. Dezember 2018 war d'Distanz nëmmen 2,8 Millioune Kilometer. Am Joer 2070 passéiert den Asteroid d'Äerd op enger Distanz vun 2,7 Millioune Kilometer[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. iopscience.iop.org: NEOWISE Reactivation Mission Year Two: Asteroid Diameters and Albedos, gekuckt den 22. Dezember 2018
  2. planetarysciences.org: Hellegkeetskurv vum (163899) 2003 SD220, gekuckt den 22. Dezember 2018
  3. jpl.nasa.gov: Radar Images of a Christmas-Eve Asteroid: An Early Gift for Astronomers, gekuckt den 22. Dezember 2018