André Duchscher

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den André Duchscher, 1870.

Den André Duchscher[1] , gebuer den 15. Oktober 1840 zu Esch-Sauer a gestuerwen de 17. Januar 1911 zu Wecker, war en Auteur vu Kaméidistécker an Iechternacher Mondaart an e sozialdenkenden Industriellen.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No der Primärschoul déi den André Duchscher zu Iechternach verbruecht huet, ass hie vun 1852 bis 1854 och do an d’École Industrielle et Commeriale gaange wou hie besonnesch am franséischen an däitschen op sech opmierksam gemaacht huet. Mat e bësse méi wéi véierzéng Joer huet hien als Léierbouf am Atelier vu sengem Papp ugefaangen an huet doniewent an Owescoursen zeechne geléiert.

Mat zwanzeg Joer ass hien op Paräis gaangen an duerch seng zolitt Kenntnisser als Schlässer-Mécanicien hat hien och keng Problemer fir do eng Aarbecht ze fannen. Hien huet do noeneen a fënnef verschiddenen Ateliere geschafft an huet sech professionell weider gebilt doduerch datt hien a Konferenzen an Owescourse gaangen ass. Duerch d’Visite vun Theatervirstellunge konnt hie sech kulturell weiderbilden a seng sproochlech Fäegkeete weider entwéckelen. Hien huet do och d’Léift zur Schauspillkonscht entdeckt. Am November 1862 huet et hien nees zréck op Iechternach gezunn.

Auteur vu Kaméidistécker[änneren | Quelltext änneren]

  • Vun 1862 bis 1863 huet den André Duchscher seng éischt Kaméidistécker an dräi Akte geschriwwen:
    • E Schurk,
    • d’Brandbrei’f oader d’Gelehenhät micht den De’if. Dëst Stéck koum ënner dem Pseudonym Th. Ed. Felix eraus an den Karl Hermann (alias C. M. Spoo) hat d’Musék fir déi eenzel Lidder aus dem Stéck arrangéiert.

Duerno koumen eraus:

  • 1894 De blo'e Mondig oader Wen hoat d'Box. Lostspil mat Gesank ann äm Akt. Fir d'ischt Mol opgefou'ert durch den Eechdernoacher Turnverein am Fre'ijo'er 1868. Eechdernoacher Theatersteker 3. D’Musék ass vum Laurent Menager.
    • Den Handstra'ich oader d'Bloum a'us dem Rusendhal. Lostspil mat Gesank ann äm Akt. Musék vum Carl Hermann. Eechdernoacherdäitsch Theatersteker 2
    • Den Handweerksmaan am Sträit fir d'deglich Brut. Kome'die'istek mat Gesank ann dräi Akten. Eechdernoacher Theatersteker 1
  • 1896 Rekes III, Burgermäster voan Howelek. Schauspil an dräi Akten. Eechdernoacherdäitsch Theatersteker 4
  • 1899 Franz Pinell. Drama a' fenf Akten. Eechdernoacherdäitsch Theatersteker 5
    • Franz Pinell - Drama a 'fenf Akten. Virgestallt a kommentéiert vum Claude D. Conter. - Centre national de littérature, Lëtzebuerger Bibliothéik Nr. 18, 2012. ISBN 978-2-919903-97-9
  • 1905 D'Villa Fina. Kome'die'stek an dräi Akten. Der "Union dramatique" zu Letzeburg an Dankbarkät gewidemt. D'Stek spillt zu Letzeburg 1902-1903. Eechdernoacherdäitsch Theatersteker 6
  • 1907 De Fenstermaates. Volksstek an dräi Akten. D'Stek spillt an em Dorf op d'r Sauer, am virigen Jo'erhonnert. Theatersteker an eechdernoacher Monndoart 7
  • 1908 D'n dawe Jang. Lostspill an zwin Akten. Theatersteker an eechdernoacher Monndoart 8
  • 1910 D'Martlenger. Familgenhader an dräi Akten. Theatersteker an eechdernoacher Monndoart 9

Den André Duchscher war vun 1895 u Member vun der Section Historique vum Institut Grand-Ducal a vun 1903 un och vun der Commission du Dictionnaire luxembourgeois.

Berufflech Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Seng Frëndschaft mam Nicolas Steffen (alias N. S. Pierret) huet dem Duchscher a senger berufflecher Carrière weider gehollef. Duerch de Steffen, dee bei der Compagnie des Chemins de fer de l'Est geschafft huet, krut den Duchscher do am Abrëll 1866 eng Plaz als Schlässer. Duerch seng gutt Ausbildung ass hie séier weider komm a gouf am November 1868 Surveillant vun de Telegrafeleitungen zu Lëtzebuerg a Spa. Dräi Joer méi spéit, am Dezember 1871 ass hien zum Contrôleur des Télégraphes avancéiert. Et gouf awer e Sträit tëschent dem Duchscher an der Kaiserliche Betriebsinspektionen deen dozou gefouert huet, datt den Duchscher am Abrëll 1873 gekennegt huet.

d'Fabréck vu Wecker ëm 1880 / 1888

Den Duchscher huet scho méi laang dru geschafft fir sech selbstänneg ze maachen an hien huet 1873, zesumme mam C. M. Spoo, zu Wecker eng Fabréck fir landwirtschaftlech Maschinne gegrënnt, déi spéider Usines de Wecker. Mam Duchscher sengem Brudder Pierre hunn déi zwéin de 4. Januar 1874 d’Firma Duchscher frères et Spoo gegrënnt. Vun deem Datum un huet d’Firma och dem Pierre Duchscher säin Atelier zu Metz iwwerholl, dee spezialiséiert war op Schlässerei an elektreschen Apparaten. Vun Ufank un huet d‘Eisegéisserei vu Wecker zur vollster Zeffridenheet fonctionnéiert ; d’Filiale vu Metz konnt awer nëmmen iwwerliewen duerch d’finanziell Hëllef vu Wecker. Si gouf dunn awer 1882 liquidéiert.

Ënner der Opsiicht vum Spoo gouf de Pierre Duchscher du Gérant vun enger neier Firma zu Esch-Uelzecht. Véier Joer méi spéit (1886) gouf déi Escher Filiale dunn awer och liquidéiert. Den André Duchscher an den C. M. Spoo hu sech 1888 getrennt: den Duchscher gouf eenzege Propriétaire vun der Fabréck zu Wecker an de Spoo huet d’Ateliere vun Esch iwwerholl.

Duerch dem Duchscher seng Genialitéit hat d’Wecker Fabréck bis 1906 schonn 28 Patenter an 24 Verbesserunge fir Patenter ugemellt. Dat Patent dat am meeschte Uechtung fonnt hat, war d’Erfindung vun enger Uebst- an Drauwepress mat engem Differenzial-Hiewel déi déi penibel Aarbecht fir d’Uebst ze presse revolutionéiert huet.

Dem Duchscher säi sozialt Engagement[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz nodeem d‘Wecker Fabréck gegrënnt gouf huet e Statut den Aarbechter hir Rechter a Flichte geregelt: ënner anerem gouf sech mat der Präventioun vun Accidenter beschäftegt, d’Aarbechtszäit war op 11 Stonnen den Dag festgeluegt, Iwwerstonne si bezuelt ginn an et war de Léierbouwe verbueden ze fëmmen. 1875 huet hien eng Aarbechterspuerkeess gegrënnt, 1885 eng Onfallassurance, 1892 eng [èKrankekeess]] an eng Handwierkerschoul; dës war obligatoresch fir d’Léierbouwen aus der Fabréck. Si kruten hei – ouni datt si eppes hu bezuele missen – zeechne, schreiwe, liesen a rechne bäi bruecht. 1898 gouf och nach eng Invalidekeess an d’Liewe geruff.

Do dernieft huet den Duchscher 1891 och nach eng Musek fir d’Personal aus senger Fabréck gegrënnt.

Nodeems den Duchscher scho vun 1886 un sengem Personal gratis Bauplazen ugebueden huet fir datt si sech do konnten e Wunnhaus bauen, goufe vun der Fabréck selwer vun 1890 u Aarbechterhaiser baue gelooss.

De Politiker André Duchscher[änneren | Quelltext änneren]

Vun deem Ament u wou den Duchscher sech zu Wecker néier gelooss hat, huet hie sech fir d’Gemengewiesen intresséiert. 1875 gouf hien dunn och scho President vun de Biwer Pompjeeën. Hie war vun 1886 u Conseiller am Gemengerot vu Biwer, vun 1888 u Schäffen a vun 1897 u Buergermeeschter.

Him war haaptsächlech dru geleeën déi eenzel Uertschaften an der Gemeng ze sanéieren an ze verschéineren, en neie Kierfecht zu Biwer an eng nei Waasserleedung ze bauen. Hien huet sech och ëm de Schoulsystem gekëmmert an eng nei Schoul op der Wecker-Gare geplangt.

Den André Duchscher huet sech och fir eng Omnibusverbindung tëschent Gréiwemaacher an Iechternach an eng Verbesserung vun den Zuchverbindungen agesat. Duerch säin Awierke gouf an der Post zu Wecker och en Telegrafeservice an e Büro vun der Spuerkeess opgemaach.

1899 huet den Duchscher fir d’Chamberwale kandidéiert, gouf awer net gewielt, deelweis well d’Kierch géint hie war, well hien eng Zäit laang Member an der Loge war.

Am Joer 1900 gouf den Duchscher Member vun der Handelskammer an huet vun do un eng wichteg Roll gespillt doduerch datt hien eng Hällewull Avise geschriwwen huet zu de verschiddenste wierschaftlechen a soziale Sujeten. Hie war och Member vun aneren ëffentlechen, berufflechen, philantropechen, kënschtlerechen a literareschen Associatiounen a gouf fir seng Verdéngschter ausgezeechent (kuckt hei drënner).

Seng Nokommen[änneren | Quelltext änneren]

Aus sengem 1. Bestietnes mam Madeleine Adelaïde (Angèle) Huguet sinn de Maurice Bernard an d’Marie ervirgaangen. Aus sengem 2. Bestietnes mam Catherine Joséphine Hosp stamen d’Marthe, d’Claire, de Maximilien (Max) an den André.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Fir un den André Duchscher a seng Verdéngschter z'erënneren sinn eng Rei Stroossen no him benannt: zu Iechternach, Sandweiler, an der Stad, zu Uewerkuer, Waasserbëlleg a Wecker.

Literatur a Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Baden, Jeff, 2012. Neieditioun vum "Franz Pinell beim CNL. Erneierer vum Lëtzebuerger Theater. Drama a fënnef Akte vum André Duchscher. Die Warte 13|2363 vum 19. Abrëll 2012, S. 2-3.
  • Conter, Claude D., 2010. André Duchscher und seine Anfänge als Theaterautor im Echternacher Turnverein. In: Aufbrüche und Vermittlungen: Beiträge zur Luxemburger und europäischen Literatur- und Kulturgeschichte. Nouveaux horizons et médiations: Contributions à l'histoire littéraire et culturelle au Luxembourg et en Europe. Herausgegeben von Claude D. Conter & Nicole Sahl. Bielefeld: Aisthetis Verlag, S.303-322.
  • Duchscher, Max: André DUCHSCHER par Max Duchscher; Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule 2, 1949, S. 581-608 um Site Luxemburgensia.bnl.lu
  • (de) Mannes, Gast: Duchscher, André. In: Luxemburger Autorenlexikon. Opgeruff de 27. Abrëll 2012.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: André Duchscher – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Um Gebuertsschäin vum André Duchscher steet den Numm als Duchscherer, mä och säi Papp Bernard huet scho mat Duchscher ënnerschriwwen: Duchscher, Max: André DUCHSCHER par Max Duchscher; Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule 2, 1949, S. 582 um Site Luxemburgensia.bnl.lu