Audie Murphy

Vu Wikipedia
Audie Murphy
Gebuertsnumm Audie Leon Murphy
Gebuer 20. Juni 1925
Hunt County
Gestuerwen 28. Mee 1971
Roanoke
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Lidderschreiwer, Komponist, Dréibuchauteur, Saachbuchauteur, Militär, Filmschauspiller, Liddertexter, Televisiounsschauspiller, Filmproduzent
Famill
Bestuet mat Wanda Hendrix

Den Audie Leon Murphy, gebuer den 20. Juni 1924 an der Géigend vu Kingston, Texas, a gestuerwen den 28. Mee 1971 bei enger Fligerkatastroph zu Roanoke, Virginia, war de meescht dekoréierten amerikaneschen Zaldot am Zweete Weltkrich.

Nom Krich war hie Filmschauspiller an Dréibuchauteur. Hien huet och Texter fir 14 Lidder geschriwwen, vun deenen der e puer, wéi Shutters and Boards oder och When the Wind Blows in Chicago e puer Wochen an den Top-Ten vun der amerikanescher Hitparad waren.

Den Zaldot[änneren | Quelltext änneren]

Säi Grafsteen

Den Audie Murphy war op ville Plazen an Europa am Asaz, ënner anerem am Elsass bei Holtzwihr, wou et him gelonge war eng däitsch Panzerattack ze stoppen. Hie war an 8 Schluechten derbäi, a Sizilien, Italien, Frankräich an Däitschland, a bei den Debarquementer a Sizilien an a Südfrankräich. Den Audie Murphy gouf dräimol blesséiert. De 17. August 1945 gouf hien am Fort Sam Houston am Rang vun engem Läitnant demobiliséiert.

Trotz sengem Engagement beim Film huet hie sech erëm an der 36. Divisioun "Thirty-six T-Patchers" vun der Texas National Guard engagéiert fir mat an de Koreakrich ze goen. Hei hat hien de Rang vun engem Captain. Hie gouf 1957 an där Unitéit am Rang vu Major demobiliséiert, ouni datt hien iwwerhaapt a Korea war, well seng Divisioun net mobiliséiert gouf. Vun 1966 bis zu sengem Doud war hien an der United States Army Reserve.

Den Audie Murphy gouf um Nationalkierfecht vun Arlington, Virginia, begruewen. Op sengem Grafsteen, an der Sektioun 46 Nummer 366-11, sinn nëmmen déi wichtegst Dekoratiounen opgezielt - de Steen ass ze kleng fir se all drop ze schreiwen.

E Musée am Texas dréit säin Numm den Audie Murphy / American Cotton Museum, an all Joer, am Juni gëtt zu Greenville, Texas den Audie Murphy Day gefeiert.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Den Audie Murphy war 33-mol dekoréiert ginn. Déi wichtegst Gielercher sinn:

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Audie Murphy seng Autobiographie: To Hell and Back, Owl Books, 288 Säiten, déi 1955 vum Jesse Hibbs verfilmt gouf. Am Film spillt de Murphy sech selwer.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Audie Murphy – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.