CFL-Busdéngscht

Vu Wikipedia
CFL-Bus zu Ettelbréck

Den CFL-Busdéngscht ass e Bussystem zu Lëtzebuerg, dee vun der CFL bedriwwe gëtt an den Transport op enger Rei Linnen am ganze Land garantéiert. Verschidde Linne si fir de Schülertransport bestëmmt. Den CFL-Busdéngscht ass domat haut een Element vum RGTR.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Situatioun virun der Grënnung vum Busdéngscht[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Grënnung vun der CFL 1946 war an de Statuten am Artikel 4 scho virgesinn, datt Eisebunnslinnen oder Deeler dovun, wou de Betrib sech als defizitär géif erweisen, reduzéiert oder ganz agestallt kéinte ginn an den Transport duerch en anert Verkéiersmëttel assuréiert ginn.

Am Joer 1948 ass dovu fir d'éischt Kéier Gebrauch gemaach gi fir d'Eisebunnslinne GrondhaffBeefort, KruuchtenFiels an DikrechVeianen zouzemaachen a mat Bussen z'ersetzen. D'Konzessioun fir déi Buslinne goung un d'CFL, se sinn awer am Optrag vun der CFL vu private Busfirmae bedriwwe ginn. Eréischt vun 1958 u sinn dës Buslinne vum CFL-Busdéngscht iwwerholl ginn.

Grënnung vum Busdéngscht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1952 gouf den CFL-Busdéngscht mat 6 Bussen an d'Liewe geruff. Doduerch sollt et méiglech sinn den Transport op Substitutiounsstrecken duerch eege Mëttel ze garantéieren. Déi éischt Streck déi befuer ginn ass, war d'Streck NäerdenMaartel.

Déi éischt 6 Busse vum Typ Chausson ASH52 sinn den 13. September 1952 vun der Firma Chausson geliwwert ginn. Duerno sinn déi éischt Leit, déi sech als Buschauffer gemellt haten, vun de Vertrieder vum Hiersteller mat de Busse vertraut gemaach ginn. De Linnebetrib ass den 12. November 1952 opgeholl ginn. De Jean-Pierre Blitgen war de Chauffer um éischte Bus.

Am Joer 1953 ware schonn 13 Bussen am Asaz an d'Zuel ass an de Joren duerno stänneg eropgaange bis eng Zuel vu zirka 50 Bussen erreecht war an duerno méi oder manner konstant bliwwen ass. De Stationement vun de Busse war an der Stad am Ufank direkt riets nieft der Gare a si hunn d'Stroossebild besonnesch an den 1950er a 60er Joren do staark markéiert.

Substitutiounsstrecken[änneren | Quelltext änneren]

No an no sinn d'Schmuelspuerstrecken zou gemaach ginn. Et waren awer och Deeler vun den Normalspuerstrecken, déi net rentabel genuch waren, vun der Rationaliséierung betraff. Op de Strecken ËlwenWilwerdang (1950), IechternachGréiwemaacher (1954), DikrechIechternach (1964) a PéitengEttelbréck (1967) ass den Eisebunnsbetrib agestallt an duerch Bussen ersat ginn. Dobäi ass versicht ginn, de Streckeverlaf sou genee wéi méiglech d'selwecht wéi déi fréier Eisebunnslinn ze fueren.

CFL-CRL[änneren | Quelltext änneren]

Mam Zoumaache vun der Eisebunnslinn Péiteng – Ettelbréck am September 1967 gouf duerch den deemolegen Transportminister Albert Bousser eng Harmoniséierung vun den ëffentleche Persounentransporter iwwer d'Strooss ugestrieft. Doduerch ass d'CFL Konzessionär vun den ëffentleche Buslinnen am ganze Land ginn a krut d'Organisatioun a Verwaltung vun de Busse vun der Kooperativ Compagnie Routière Luxembourgeoise (CRL) uvertraut. Dës nei Organisatioun war fir déi privat Autobusfirme vu groussem Virdeel an och fir d'CFL zefriddestellend.

Am éischte Joer vum Bestoen 1968 si vun de private Bussen zirka 2,813 Millioune km gefuer ginn. Vum CFL-Busdéngscht si 640 000 km gefuer ginn an zousätzlech op de Substitutiounsstrecken zirka 3,171 Mio km, wat en Undeel vu 57,5 % ausgemaach huet.

Am Joer 1977, dat lescht komplett Joer vun deem koordinéierte Transportsystem CFL-CRL, si vun de private Bussen zirka 5,734 Mio km gefuer ginn a vum CFL-Busdéngscht 727 000 km plus 3,121 Mio km op de Substitutiounsstrecken, wat en Undeel vu 40,2 % ausgemaach huet.

RGTR[änneren | Quelltext änneren]

Duerch en Ofkommes vum 25. Februar 1978 tëscht dem deemolegen Transportminister Josy Barthel an dem President vum CFL-Verwaltungsrot krut d'CFL d'Konzessioune fir de Betrib vun de Strecke vum ëffentleche Persouneverkéier oferkannt an de koordinéierte System gouf vum 1. Mäerz 1978 un direkt dem Verkéiersministère ënnerstallt. D'CFL kruten awer déi technesch Organisatioun an d'Comptabilitéit vun der neier Organisatioun Régime général des transports routiers (RGTR) auszeféieren. Fir d'Organisatioun an de Betrib op de Substitutiounsstrecken ass d'CFL weiderhin direkt zoustänneg bliwwen.

Ofschafe vun de Substitutiounsstrecken[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1995 si vun de private Busse fir den RGTR zirka 14,499 Mio km a vum CFL-Busdéngscht 763 000 km gefuer ginn. Op de Substitutiounsstrecke sinn zirka 3,368 Mio km gefuer ginn. De ganzen Undeel vum CFL um ëffentleche Busverkéier huet (ouni den TICE an AVL) deemno 27,0 % ausgemaach.

Duerch e Reglement vum 1. Juli 1996 sinn d'Substitutiounsdéngschter vun der CFL op de fréieren Eisebunnslinnen ofgeschaaft ginn. D'Busse sollte vun do un op deene Strecken agesat ginn, wou se déi bescht Leeschtung bréngen. Déi Déngschter sollten duerch Kontrakter tëscht der Regierung an de Verantwortleche vum CFL gereegelt ginn.

De 15. Mee 1996 ass vun de Regierungsmembere Mady Delvaux-Stehres (Verkéiersministesch) a Marc Fischbach (Budgetsminister) an dem CFL-Verwaltungsrotpresident Jeannot Schneider an dem CFL-Generaldirekter Robert Molitor en éischte Kontrakt ënnerzeechent ginn. De Kontrakt ass den 31. Dezember 1997 an den 31. Dezember 2000 verlängert ginn a war bis den 31. Dezember 2008 gëlteg.

50-Joerfeier[änneren | Quelltext änneren]

De 50. Gebuertsdag vum CFL-Busdéngscht gouf den 12. November 2002 duerch eng Séance académique a Presenz vum deemolegen Transportminister Henri Grethen a vum deemolegen CFL-Generaldirekter Alex Kremer gefeiert.

Bussen[änneren | Quelltext änneren]

De Chausson-Bus Nr. 36 op der Gare vun Iechternach
CFL-Bus 44 ënnerwee op der Linn 307
CFL-Bus vun der Linn 120 zu Jonglënster
CFL-Bus 32
Bus-Nr. Zuel Hiersteller Typ A Betrib geholl Ausser Betrib geholl
1 - 6 6 Chausson ASH52 1952 1961, 1962, 1965
7 - 36 30 Chausson ASH521 1953 - 1957 1965, 1967, 1968, 1969
37 - 42 6 Chausson-Saviem ASH522 1961 1968, 1971
43 - 49 7 Van Hool 320 1963 1973
50 - 65 16 Magirus Deutz 150L10 1965, 1967 1973, 1975
66 - 73 8 Saviem S53M 1968 1978
74 - 84 11 Van Hool-Fiat VHF 340 1969 1978
85 - 91 7 MAN 750 HO-V11 1971 1983
10 - 25 16 MAN 11-V160 1973 1977, 1983, 1984, 1985
26 - 32 7 Van Hool VH-DAF AI 119 1975 1986
33 - 42 10 MAN SU240 1978 1987
43 - 52 10 Van Hool VHM A 120/21 1978 1983, 1985, 1986
61 - 66 6 Van Hool A120-313 1983 1991, 1996
101 - 106 6 MAN SG 280H 1983 1993
71 - 76 6 Van Hool A120/40 1984 1994
81 - 82 2 Van Hool A120/40 1984 1993
91 - 96 6 Renault SG 280H 1985 1996, 1997
11 - 22 12 Van Hool A120/40-1 1986 1995, 1996
31 - 40 10 Van Hool A120/40-2 1987 1997, 2000
41 - 46 6 Van Hool A600 1991 2000
51 - 58
61 - 66
70 - 83
101 - 114
41 Berkhof Europa 2000NL 1993 - 1997 2001 - 2007
11 - 17 7 Renault Ares 2000 2008
21 - 28 8 Van Hool TG 821CL 2001 2009 - 2010
31 - 35 5 Mercedes-Benz O530 Citaro G 2003 2010
41 - 54 14 MAN A72 Lion's Classic SÜ313 2005 2013
55 Mercedes-Benz O530 Citaro Ü 2009 2019
56 - 59 4 Mercedes-Benz O530 Citaro Ü 2006 2015
61 - 67 7 Mercedes-Benz O530 Citaro G 2006 2015
70 - 79 10 Mercedes-Benz O550 Integro L 2007 2017, 2019
80 - 89 10 Mercedes-Benz O550 Integro L 2008 2017, 2019
90 - 97 8 Mercedes-Benz O550 Integro L 2009 2019
100 - 104 5 Mercedes-Benz O550 Integro L 2010 2019
10 - 16 7 Mercedes-Benz O530 Citaro G 2010 2019,2020
1, 2 2 Irizar ie bus 18 m 2019
20-29 10 MAN R14 Lion's Regio C ÜL314/354/364/414 2013
30-38 9 MAN A40 Lion's City GL NG363 2015, 2017
40-46 7 MAN A36 Lion's City C NL363-13,7 2015
60-64 5 Volvo 7900A Hybrid 2019, 2020
110-124 15 Irizar i4 Integral 15m 2016
130-139 10 IVECO Crossway LE Line 12m 2019
200-220 21 IVECO Crossway LE Line 14.5m 2019

De Bus 33[änneren | Quelltext änneren]

Deen drëtten CFL-Bus mat der Nummer 33 vun 1987 (Van Hool A120/40-2) gouf den 8. Januar 2015 vum Veräin Retrobus asbl vu Baudour op Lëtzebuerg rapatriéiert fir do an de Joren duerno vun de Veräinsmembere restauréiert ze ginn[1].

De Bus gouf 1997 vun der CFL un Autobus de Genval verkaaft. Zu Genval war en och nach zirka 10 Joer a Betrib. Duerno huet e Privatmann de Bus kaaft fir e Wunnmobil draus ze maachen, wat awer net realiséiert gouf. Déi lescht Jore stoung en nëmmen nach op enger Wiss.

Bus-Garage[änneren | Quelltext änneren]

De Bus-Atelier vum CFL-Busdéngscht gouf vun Ufank un zu Bouneweg an der méi nërdlecher Rotonde fir de Besoin vum Busbetrib ageriicht. De Paul Schmit war den éischte Leeder vum Atelier. De Bus-Atelier war bis 2006 an der Rotonde.

Aktuell Linnen[änneren | Quelltext änneren]

  • 190 Ettelbréck - Dikrech - Iechternach
  • 201 Lëtzebuerg - Iechternach
  • 211 Lëtzebuerg - Iechternach via Konsdref - Bäerdref
  • 223 Houwald - Lëtzebuerg - Hueschtert - Jonglënster
  • 273 Gréiwemaacher - Waasserbëlleg - Iechternach
  • 307 Beetebuerg - Fenneng - Hunchereng - Näerzeng - Biergem - Steebrécken - Monnerech - Esch-Uelzecht /Beetebuerg - Fenneng - Hunchereng - Näerzeng - Biergem - Steebrécken - Féiz - Monnerech - Esch-Uelzecht
  • 412 Lëtzebuerg - Réimech (direkt Linn)
  • 413 Lëtzebuerg - Munneref - Réimech

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi offiziell Bezeechnung vun der CFL fir hir Buschauffere war am Ufank Conducteur-receveur sans brevet d'apprentissage de mécanicien.
  • 1956 sinn 2 Bus-Unhänger (Kässbohrer) mat 29 Sëtzplazen ugeschaaft ginn, déi bis 1969 a Betrib waren. An der Remorque huet en zousätzleche Chauffer missen dra sinn.
  • Vun 1982 bis 1994 war eng Depanneuse vum Typ Henschel a Betrib. Si gouf duerch eng Depanneuse vu Renault ersat.
  • Am September 1983 sinn déi éischt 6 Gelenkbussen (MAN Typ SG 280H) mat 137 Sëtzplazen a Betrib geholl ginn.
  • 1993 huet d'AVL dem CFL-Busdéngscht 3 MAN Gelenkbussen (Typ SG 280H) ofkaaft. well den AVL Atelier zu Hollerech mat enger ganz Rëtsch Bussen engem Feier zum Affer gefall war.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Syprolux, 2002, 50 Joer CFL-Bus (1952-2002), 248 S., Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CFL-Busdéngscht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ehemaliger CFL-Bus 33 kehrt nach Luxemburg zurück op wort.lu 10.01.2015 07:00