Cavendish Laboratory

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Agank vum historeschen Cavendish-Gebai, Free School Lane

De Cavendish-Laboratoire (en: Cavendish Laboratory) gouf 1873 gegrënnt. Et ass en Institut fir Physik an der englescher Eliteuniversitéit Cambridge.

De Labo war ufanks am Zentrum vu Cambridge an der Free School Lane, ass awer wéinst feelender Plaz an de 1970er Joren no West Cambridge ëmgezunn. Déi Physikalesch Chimie war scho fréier ëmgezunn.

Si ass nom William Cavendish, 7. Duke of Devonshire, dem fréiere Kanzler vun der Universitéit, genannt (dofir och ufanks Devonshire Labor genannt) an als Undenken u säi berühmte Familljemember, den Experimentalphysiker Henry Cavendish.[1] Den Numm hat den éischte Cavendish Professer James Clerk Maxwell verginn.

Bekannt Wëssenschaftler[änneren | Quelltext änneren]

Cavendish Professeren fir Physik:

Bis zum Pippard waren d'Cavendish Professeren och Leeder vum Labor, duerno hu sech d'Funktioune getrennt.

Am Ament (2012) ass den James Stirling Leeder vum Labor.

Cavendish Labor op der haiteger Standplaz, 2005

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Bis haut goufen 28 Nobelpräisser u Fuerscher verginn, déi am Cavendish-Laboratoire geschafft haten. Déi wichtegst Fuerschungsfelder waren dobäi Nuklearphysik (prominent vertrueden duerch de Lord Rutherford a seng Schoul), Atomphysik, Molekularphysik a Kristallographie, Festkierperphysik (zum Beispill Supraleedung), Elektronemikroskopie an Radioastronomie.

1953 haten den James Watson an de Francis Crick et fäerdegbruecht d'Desoxyribonukleinsaierstruktur duerzestellen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cavendish-Laboratoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]