Cirrusniwwel
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Stärebild | Cygnus (Cyg) | ||||
| Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||||
| Rektaszensioun | 20h45m38.0s | ||||
| Deklinatioun | +30°42'30" | ||||
| Ausgesinn | |||||
| Visuell Magnitude | 7.0 mag | ||||
| Wénkelduerchmiesser | 3° | ||||
| Physikalesch Donnéeën | |||||
| Distanz (Lj) | 1470 Lj | ||||
| Absoluten Duerchmiesser | 100 | ||||
| Geschicht | |||||
| Entdecker | William Herschel | ||||
| Entdeckungsdatum | 5. September 1784 | ||||
| Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||||
| C | 33, 34 | ||||
| IC | 1340 | ||||
| NGC | 6960, 6974, 6979, 6992, 6995 | ||||
Den Cirrusniwwel (och Cygnus Loop oder Schleier-Niwwel genannt) ass eng Usammlung vun Emissiouns- a Reflexiounsniwwelen, op enger Distanz vu ronn 1.500 Liichtjoer am Stärebild Cygnus. Si sinn zesummen d'Reschter vun enger Supernova, déi viru ronn 18.000 Joer geschitt ass. Eng Parti Deeler vum Iwwerrescht hu verschidden NGC- an IC-Nummeren. Sou gehéieren d'Objeten NGC 6960, NGC 6974, NGC 6979, NGC 6992, NGC 6995 an IC 1340 all zu derselwechter Struktur.
Den Niwwel gouf de 5. September 1784 vum William Herschel entdeckt. Hien hat den Niwwel beschriwwen als: "Extended; passes thro' 52 Cygni... near 2 degree in length; an den ëstlechen Deel als "Branching nebulosity".
Inhaltsverzeechnes |
Ënnersich [änneren]
Éischt Fotoe goufen schonns Enn vum 19. Joerhonnert vum Isaac Roberts gemaach an och publizéiert. Den Niwwel ass awer trotz senger Gesamthellegkeet vun circa 7 mag wéinst senger grousser Flächenausdeenung vun 230' × 160' fir Amateurastronomen net liicht z'observéieren; hëllefräich sinn Linnefiltere fir ioniséiert Gasen, fir hie vum Liicht vun den Hannergrondstären ze trennen.
|
Foto vun engem Filament (NGC 6992, 6995) vum Roberts mat engem 50 cm Newton-Teleskop, 1899
|
Fir Wëssenschaftler ass et en idealt Zil, well en net vun aneren Objete virdru verdeckt gëtt. Et gëtt fir vill Ënnersich zu der Gasstruktur an der Gasdynamik vun Supernovaiwwerreschter benotzt, beispillsweis Detailstudien mat dem Hubble-Weltraumteleskop. Ënnersich duerch de Satellit ROSAT weisen, datt de ganze Niwwel am Röntgenberäich bal d'selwecht wéi eng elektresch Bir liicht.[1] De kompakten Iwwerrescht (Neutronestär, Pulsar, oder schwaarzt Lach) vun der Supernova ass awer net bekannt.[2]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Veil Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Kuckt och [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Veil Nebula (X-rays)
- ↑ Uyanıker, B.; Reich, W.; Yar, A.; Kothes, R.; Fürst, E.: Is the Cygnus Loop two supernova remnants?, 2002A&A...389L..61U
- ↑ Blair, William P.; Sankrit, Ravi; Raymond, John C.: Hubble Space Telescope Imaging of the Primary Shock Front in the Cygnus Loop Supernova Remnant, The Astronomical Journal, 129:2268–2280, 2005
- ↑ Sankrit, Ravi; Blair, William P.; Raymond, John C.; Long, Knox S.: Hubble Space Telescope STIS Observations of the Cygnus Loop: Spatial Structure of a Nonradiative Shock, The Astronomical Journal, 120:1925-1932, 2000
NGC 6936 | NGC 6937 | NGC 6938 | NGC 6939 | NGC 6940 | NGC 6941 | NGC 6942 | NGC 6943 | NGC 6944 | NGC 6945 | NGC 6946 | NGC 6947 | NGC 6948 | NGC 6949 | NGC 6950 | NGC 6951 | NGC 6952 | NGC 6953 | NGC 6954 | NGC 6955 | NGC 6956 | NGC 6957 | NGC 6958 | NGC 6959 | NGC 6960 | NGC 6961 | NGC 6962 | NGC 6963 | NGC 6964 | NGC 6965 | NGC 6966 | NGC 6967 | NGC 6968 | NGC 6969 | NGC 6970 | NGC 6971 | NGC 6972 | NGC 6973 | NGC 6974 | NGC 6975 | NGC 6976 | NGC 6977 | NGC 6978 | NGC 6979 | NGC 6980 | NGC 6981 | NGC 6982 | NGC 6983 | NGC 6984 | NGC 6985