Däitsch Foussballnationalequipe

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Soccer stub.svg Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Däitschland
Federatioun: DFB
Trainer: Joachim Löw
Meescht Matcher: Lothar Matthäus (150)
Meescht Goler: Gerd Müller (68)
Historesch Matcher
Éischte Match: Schwäiz - Däitschland: 5-3
5. Abrëll 1908, Basel
Héchst Victoire: Däitschland - Russland: 16-0
1. Juli 1912, Stockholm
Héchst Nidderlag: England - Däitschland: 9-0
16. Mäerz 1909, Oxford
Weltmeeschterschaft
Participatioun: 16 x (fir d'éischt 1934)
Bescht Resultat: Weltmeeschter 1954, 1974, 1990
Europameeschterschaft
Participatioun: 9 x (fir d'éischt 1972)
Bescht Resultat: Europameeschter 1972, 1980, 1996
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform

D'Däitsch Foussballnationalequipe besteet aus däitsche Spëtzespiller, déi vum Bundestrainer erausgesicht ginn.

Inhaltsverzeechnes

Reichstrainer a Bundestrainer [änneren]

Dr. Otto Nerz, Sepp Herberger, Helmut Schön, Jupp Derwall, Erich Ribbeck, Franz Beckenbauer, Berti Vogts, Rudi Völler, Jürgen Klinsmann, Joachim Löw

Rekordnationalspiller [änneren]

  1. Lothar Matthäus huet als Mëttelfeldspiller vum 14. Juni 1980 bis 20. Juni 2000 150-mol (23 Goler) fir déi däitsch Foussballnationalequipe gespillt an ass domat Rekordnationalspiller. De Matthäus huet als éischte Feldspiller u fënnef Weltmeeschterschaften deelgeholl an gouf 1980 Foussball-Europameeschter, 1982 a 1986 Vize-Weltmeeschter a 1990 als Kapitän vun der Nationalequipe Foussball-Weltmeeschter.
  2. Jürgen Klinsmann, huet tëschent dem 12. Dezember 1987 an dem 4. Juli 1998 108 Matcher fir déi däitsch Foussballnationalequipe absolvéiert.
  3. Jürgen Kohler gouf tëschent dem 24. September 1986 an dem 4. Juli 1998 am Ganzen 105-mol an d'DFB-Sélectioun beruff.
  4. Franz Beckenbauer, de Weltmeeschter vun 1974 a fréieren Teamchef huet tëschent dem 26. September 1965 an dem 23. Februar 1977 am Ganzen an 103 Lännermatcher fir déi däitsch Faarwe gespillt.
  5. Joachim Streich, 102 Matcher fir d'DDR tëschent dem 8. Dezember 1969 an dem 20. Oktober 1984.
  6. Thomas Häßler, 101 Matcher fir den DFB tëschent dem 31. August 1988 an dem 20. Juni 2000.
  7. Hans-Jürgen Dörner, 100 Matcher fir d'Sélectioun vun der DDR tëschent dem 22. Juni 1969 an dem 18. Mee 1985.
  8. Ulf Kirsten, 100 Matcher fir d'Sélectioun vun der DDR (49) an den DFB (51) tëschent dem 8. Mee 1985 und dem 20. Juni 2000.
  9. Michael Ballack, 89 Matcher
  10. Oliver Kahn, 86 Matcher
  11. Miroslav Klose, 86 Matcher
  12. Bernd Schneider, 81 Matcher

Augezeechent Spiller [änneren]

Spiller déi déi meescht Goler geschoss hunn [änneren]

  1. De Gerd Müller ass mat 68 Goler aus 62 Lännermatcher bis haut Rekordbuteur vun der däitscher Foussballnationalequipe. Och an der Foussball-Bundesliga steet hie mat 365 Goler fir den FC Bayern München ongeschloen un der Spëtzt vun der Torjäger-Lëscht. Seng 14 Goler bei de Weltmeeschterschaften 1970 (zéng Goler) an 1974 (véier Goler) maachen hien dobäi nach zum erfollegräichsten WM-Buteur vun der Geschicht.
  2. De Joachim Streich war fir d'DDR-Foussballnationalequipe 102-mol um Ball an huet 55 Goler geschoss.
  3. De Rudi Völler, Weltmeeschter vu 1990 an Teamchef vun der Nationalequipe vun 2000 bis 2004, huet an 90 Matcher am ganze 47 Goler geschoss.
  4. De Jürgen Klinsmann,huet 108 Lännermatcher gespillt an dobäi och 47 Goler geschoss.
  5. Den Karl-Heinz Rummenigge huet am ganze 95 Matcher am DFB-Trikot gespillt an huet 45 Goler geschoss.
  6. Den Uwe Seeler, Ehrenspielführer vun der däitscher Nationalequipe, huet an 72 Lännermatcher tëschent 1954 an 1970 am Ganzen 43 Goler geschoss.
  7. Den Oliver Bierhoff, Europameeschter vu 1996, huet a 70 Lännermatcher am Ganze 37 mol de Gol getraff. Dorënner huet hien an der EM-Finall 1996 mat sengem 2:1 - Gewënntreffer den éischte "Golden Gol" bei enger EM geschoss.
  8. De Miroslav Klose,huet 86 Lännermatcher gespillt an 44 Goler geschoss.
  9. Den Ulf Kirsten,huet am Ganzen 100 Lännermatcher fir d`Nationalequippe vum DFV(49 Matcher) a vum DFB(51 Matcher) gespillt. Dobäi huet hien am ganze 34 Goler ( DFV:14 / DFB:20 ) geschoss.
  10. De Fritz Walter, de Kapitän vun der Weltmeeschterequipe vun 1954, huet 61-mol de Nationaltrikot gedroen an dobäi 33 Goler geschoss.
  11. De Klaus Fischer huet tëschent 1977 an 1982 am Ganze 45 Lännermatcher gespillt an 32 Goler getraff.
  12. Den Ernst Lehner huet tëschent 1933 an 1942 am Ganzen 65 Lännermatcher gespillt an 31 Goler geschoss.
  13. De Michael Ballack huet säit 1999 am ganze 89 Lännermatcher gespillt a bis elo 39 Goler geschoss.
Et gi véier Foussball-Nationalspiller, déi pro Lännermatch am Duerchschnett méi wéi ee Gol geschoss hun:
  1. De Gerd Müller huet 68 Goler an 62 Lännermatcher geschoss – kuckt uewen
  2. Den Helmut Schön – de spéidere Bundestrainer – huet tëschent 1937 an 1941 an 16 Lännermatcher 17 Goler geschoss.
  3. De Gottfried Fuchs huet tëschent 1911 an 1913 an 6 Lännermatcher 14 Goler geschoss – dovun eleng 10 Goler an engem eenzege Spill, dem 16:0 den 1. Juli 1912 géint Russland.
  4. De Fritz Becker huet am alleréischte Lännermatch beim 3:5 géint d'Schwäiz de 5. Abrëll 1908 2 Goler, dorënner och an der 6. Minutt den alleréischten däitschen Lännermatch-Gol geschoss. Dëse Match war och säin eenzege bliwwen.

Aktuelle Kader [änneren]

Golkipper:

Ofwier:

Mëttelfeld:

Ugrëff:

Literatur [änneren]

  • Bauer, Andreas: Das Wunder von Bern, Verlag Wißner, Abrëll 2004 (ISBN 3-89639-426-6)
  • Bender, Tom/ Ulrich, Kühne-Hellmessen: Herrlich verrückte Nationalmannschaft, Makossa Druck und Medien, August 2001, 256 Säiten (ISBN 3-926337-40-0)
  • Bitter, Jürgen: Deutschlands Fußball-Nationalspieler, Sportverlag, 1997 (ISBN 3-328-00749-0)
  • Die deutschen Nationalspieler, Bd. 1, 1988, 96 Säiten (ISBN 3-89001-101-2)
  • Fuhr, Wolfgang: Rahn schießt . . . Tor, Tor, Tor, Verlag Agon, Abrëll 2004, 104 Säiten (ISBN 3-89784-254-8)
  • Mrazek Copress, Karlheinz: Fussball. Die besten deutschen Nationalspieler. 90 Jahre Nationalmannschaft, Copress, 1997, 160 Säiten (ISBN 3-7679-0526-4)
  • Schulze-Marmeling, Dietrich: Die Geschichte der Fußball-Nationalmannschaft, Verlag Die Werkstatt, Abrëll 2004 (ISBN 3-89533-443-X)

Um Spaweck [änneren]

Commons: Germany national football team – Biller, Videoen oder Audiodateien