Dmitri Dmitrijewitsch Maksutow
Dmitri Dmitrijewitsch Maksutow | |
---|---|
Gebuer |
11. Abrëll 1896 jul. Odessa |
Gestuerwen |
12. August 1964 Sankt Péitersbuerg |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, UdSSR |
Aktivitéit | Astronom, Ingenieur, Physiker |
Member vun | Wëssenschaftsakademie vun der URSS |
Den Dmitri Dmitrijewitsch Maksutow (russesch: Дмитрий Дмитриевич Максутов), gebuer den 11. Abrëlljul./ 23. Abrëll 1896greg. zu Odessa, a gestuerwen den 12. August 1964 zu Leningrad, war e russeschen Optiker an Erfinder vun deem no him genannten Maksutov-Teleskop. Hien huet vun 1930 un de Laboratoire fir astronomesch Optik am Staatlechen Opteschen Institut vun der UdSSR organiséiert.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Maksutow gouf als Jong vun enger Séimannsfamll zu Odessa gebuer. Schonn als Kand huet hie sech fir d'Astronomie intresséiert an hat sech mat 12 Joer en 180-mm-Teleskop gebastelt. Spéider huet hie Publikatioune vum bekannte russeschen Optiker Alexander Andrejewitsch Tschikin gelies, dee säi Schoulmeeschter war. De Maksutow hat e Refrakter mat enger Ëffnung vun 210 mm konstruéiert an hat domat ugefaangen, astronomesch Observatiounen ze maachen. Am Alter vu 15 Joer gouf hie schonn als Member an d'Russesch astronomesch Gesellschaft opgeholl. Dräi Joer méi spéit huet hien d'Schoul fir Militäringenieuren zu Petersburg ofgeschloss. Tëscht 1921 an 1930 huet hien um Physikaleschen Institut vun der Universitéit Odessa um Gebitt vun der astronomescher Optik geschafft.
1930 huet hien zu Leningrad de Laboratoire fir astronomesch Optik am Staatlechen Opteschen Institut vun der UdSSR gegrënnt an huet dee bis 1952 geleet. D'Ariichtung war eng vun de féierenden astronomesche Fuerschungsgruppen an der UdSSR. Do huet hien am Joer 1932 Anaberratische reflektierende Flächen und Systeme und ihre neuen Testmethoden publizéiert. An deem Wierk huet hien aplanatesch Zweespigelsystemer analyséiert an huet d'Kompensatiounsmethod virgestallt, déi hie schonn 1924 virgeschloen hat. Déi Method gouf deemools nieft der Schietmethod déi wichtegst Préifmethod fir duerstellend Spigelen.
Säi wichtegste Bäitrag um Gebitt vun der Optik war d'Erfindung vum Maksutow-Teleskop am Joer 1942. Hien hat eng meniskusfërmeg Korrektiounsplack virun d'Ëffnung vum Spigelteleskop gesat. Domat ass et him gelongen, d'sphäresch Aberratioun vum sphäreschen Haaptspigel ze behiewen. Déi Method gouf net nëmme vu sengem Laboratoire a fir déi wichtegst Observatoiren an der Sowjetunioun, mä och international vill benotzt.
Nieft sengen astronomeschen Observatiounsinstrumenter huet hien och vill Objektiver, Lënsen, Spigelen a Prisme fir medezinesch Instrumenter an aner Uwendungen hiergestallt.
1944 gouf hie Professer an 1946 korrespondéierende Member vun der UdSSR-Akademie vun de Wëssenschaften. Vun 1952 huet hien am Observatoire zu Pulkowo geschafft.
De Krater Maksutov op der Äerdmoundrécksäit gouf 1970 no him genannt, an zanter 1983 gëtt et och en Asteroid (2568) Maksutov mat sengem Numm.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- Stalinpräis (1941, 1946)
- Leninuerden (1945,1958)
- The Badge of Honour (1943)
- Grand Prix op der Weltausstellung 1958 zu Bréissel
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- D. D. Maksutov: New Catadioptric Meniscus Systems, in Journal of the Optical Society of America, 34 (1944) S. 270–284.
- D. D. Maksutow: Technologie der astronomischen Optik. VEB Verlag Technik, Berlin 1954.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Rolf Riekher: Fernrohre und ihre Meister. 2. Auflage. Verlag Technik GmbH, Berlin 1990 S. 338 ISBN 3-341-00791-1; korrigéierten Neidrock vun der 2. Oplo. Hans G. Beck (Hrsg.), Jena 2012, ISBN 978-3-00-038638-1 S. 324–333.