Donald Howard Menzel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Donald Howard Menzel, gebuer den 11. Abrëll 1901 zu Florence, Colorado a gestuerwen de 14. Dezember 1976 zu Boston, Massachusetts war en amerikaneschen Astronom.

De Menzel hat op der University of Denver studéiert a krut säin Ph.D. uschléissend un der Princeton Universitéit. Hien hat bis 1932 um Lick-Observatoire geschafft a krut duerno eng Plaz an der Harvard Universitéit. Vun 1954 bis 1956 war hie President vun der American Astronomical Society.

De Menzel hat am Ufank um Gebitt vun der Sonnefuerschung geschafft, hat sech awer spéider fir d'Gasniwwelen entscheed. 1922 entdeckt hien déi spéider no him genannten Planetaresch Niwwelen Menzel 1, Menzel 2 a Menzel 3.[1] D'grondleeënd Prinzipie vu Planetareschen Niwwele formuléiert hien zesumme mam Lawrence Aller an dem James G. Baker.[2]

Geschriwwen hat hien ë. a. A Field Guide to the Stars and Planets, Deel vu Peterson Field Guides. Nieft senger wëssenschaftlecher Aarbecht hat de Menzel och zu deenen Astronomen gehéiert, déi Berichter iwwer méiglech UFO-Observatiounen ëmmer nees hannerfrot huet. Hie huet sech an dräi Bicher mat der Problematik beschäftegt: Flying Saucers (1953), The World Of Flying Saucers: A Scientific Examination of a Major Myth of the Space Age (1963) an The UFO Enigma: The Definitive Explanation of the UFO Phenomenon (1977). De Menzel erkläert 1968 virum U.S. House Committee on Science and Astronautics, all UFO-Observatioune sinn duerch natierlech Phenonemer z'erklären.

1976 krut hien de Jules-Janssen-Präis. Nom Menzel gouf den Asteroid (1967) Menzel an de Moundkrater Menzel genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Harlow Shapley: Five new planetary Nebulae, 1922BHarO.777R...3S
  2. Donald H. Menzel: Physical Processes in Gaseous Nebulae. I., 1937ApJ....85..330M und folgende