Gladio

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Logo vum Veräin

Gladio, Italienesch fir Schwäert (Latäin: gladius), ass den Numm vun enger geheimer Organisatioun vun der NATO, der CIA an dem briteschen MI6 an der Zäit vum Kale Krich. D'Gladio huet gouf et vun ongeféier 1950 bis wéinstens 1990, a se war aktiv an dem deemolege Westeuropa, Griicheland an der Tierkei.

Am Laf vun der Opdeckung gouf 1990 bekannt, datt Deeler vu Gladio ënner Matwierkung vu staatlechen Organer systematesch Terrorakten an e puer europäesche Länner organiséiert oder ausgefouert hunn.

Gladio - Stay Behind zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Bei dësen Opdeckungen huet sech d'Fro gestallt, wéiwäit Lëtzebuerg, als NATO-Memberstaat, och sou eng Struktur opgebaut an ënnerhalen huet.

De Romain Hilgert an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek vum 10. November 1990 war deen éischten, deen iwwer d'"NATO-Terrorkommando auch in Luxemburg" geschriwwen huet, an huet dëst am Titel ("Fünf Jahre Staatsgeheimnis Bombenleger") mat der Bommeleeër-Affär an Zesummenhang bruecht.

Op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Charles Goerens hin huet den deemolege Premierminister (an doduerch Chef vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht) Jacques Santer de 14. November 1990 an der Chamber gesot, Gladio wier eng italienesch Struktur, "international" héisch se "Stay Behind". Stay Behind wier eng Organisatioun, déi an den 1960er Joren an alle Nato-Länner opgesat a vun der Nato koordinéiert gi wier, fir am Fall vun engem Iwwerfall an enger Occupatioun aktiv ze ginn (hien huet Parallelen zu der Resistenz am Zweete Weltkrich gezunn). All Land wier fir seng eege Strukture verantwortlech gewiescht. Zu Lëtzebuerg wier et de Geheimdéngscht gewiescht, deen d'Membere vum "Stay Behind", alles Fräiwëlleger, rekrutéiert gehat hätt. No engem Iwwerfall wieren hir Aufgaben, der NATO Informatiounen iwwer d'politesch a militäresch Lag virunzeginn, Fluchtfilièren z'organiséieren a militäresch Spezialunitéiten "z'ënnerstëtzen". Et hätt regelméisseg Übunge ginn, fir am Eeschtfall asazbereet ze sinn.

De Jacques Santer sot weiderhin, hien hätt bis virun e puer Deeg näischt iwwer d'Existenz vu sou enger Organisatioun gewosst, an hätt direkt dem Geheimdéngscht den Uerder ginn, se opzeléisen.

D'CSV-LSAP-Majoritéit huet doropshin dogéint gestëmmt, eng parlamentaresch Enquêtekommissioun op d'Been ze stellen, fir méi iwwer Gladio-Stay Behind gewuer ze ginn.

Den Deputéierte Jup Weber huet eng Woch drop an enger Drénglechkeetsfro un en Artikel vum Carlo Hemmer am Lëtzebuerger Land vum 12. Juli 1963 erënnert, an deem et ëm eng Pressekonferenz vum deemolege Premier Pierre Werner goung, an där deen zougi gehat hätt, et géif Lëschte vu Leit, déi am Fall vun engem Krich direkt missten ëmbruecht oder gefaange geholl ginn. De Weber huet gefrot, ob sou Lëschten nach ëmmer géifen existéieren, a wien do drop stéing. Den Inneminister Jean Spautz huet am Numm vum Jacques Santer geäntwert, d'lëtzebuergesch Membere vu Stay Behind hätten "en aucun moment" sou eng Lëscht gehat.

De 17. Dezember 1990 huet de Staatsminister Santer, op eng Motioun vum 15. November 1990 vun der Chamber hin, der Chamberskommissioun fir institutionell Froen an d'Verfassungsreform méi Informatioune geliwwert[1]. Deemno hätt de lëtzebuergesche Stay Behind aus maximal 12, zum Schluss just nach 9 Agente bestanen, déi sech ënnereneen net kannt hunn a bei Übungen iwwer Funk, koordinéiert vun engem belsche Generol, a Kontakt stoungen. Et wieren dat keng Militär oder Membere vun der Force publique, mä Männer a Frae mat ënnerschiddleche Beruffer (Baueren, Eisebunner, Beamten, ...), déi zum Deel aus der Resistenz kéimen. 1973 wier e Waffelager ugeluecht ginn, dat aus enger zénkener Këscht mat 2 Maschinnepistoulen, 4 Pistoulen, 4 Handgranaten a 600 Patrounen dra bestoung. Dat wier de 14. November 1990 opgeléist ginn. Alles an allem wieren d'lëtzebuergesch Stay-Behind-Leit net u Sabotage-Akte bedeelegt gewiescht, an zu Lëtzebuerg wieren och keng international Gladio-Versammlungen ofgehale ginn.

Am Kader vun der parlamentarescher Enquête iwwer d'Aktivitéite vum SREL huet deem säi fréieren Direkter Charles Hoffmann bei senger Auditioun an der Chamber deklaréiert, datt hie vun Ufank u Chef vum Stay Behind gewiescht wier[2], deemno scho viru senger Zäit als Direkter vum Spëtzeldéngscht.

Stay Behind, "Éislek 1984", Bommeleeër an Affären an der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer en Zesummenhank tëscht Gladio an de Bommeleeër gouf 1990 am uewen ernimmten Zeitungs-Artikel spekuléiert, dëst ass och Enn 2007 nees aktuell ginn, nodeem de Schwäizer Historiker Daniele Ganser e méiglechen Zesummenhank diskutéiert huet.

De Romain Hilgert, dee sech op de belsche Le Soir an d'Resultater vun enger belscher parlamentarescher Kommissioun baséiert huet, huet op opfälleg Parallelen zu den Tueurs fou du Brabant an de Cellule Communistes Combattantes (CCC) higewisen. Sou hätt et e Manöver mam Numm "Ösling 84" mat belschen an US-amerikanesche Spezialunitéite ginn, an zu derselwechter Zäit en Iwwerfall op e Waffelager vun der Belscher Arméi bei Vielsalm. Eent vun de Gewierer, déi do geklaut goufen, wier duerno an enger Stopp vun der CCC erëmfonnt ginn. A Sprengstoff, dee bei den Abréch an enger Steekaul zu Lëtzebuerg verschwonne war, a bei den Attentater vun de Bommeleeër zum Asaz koum, ass och als deen identifizéiert ginn, dee bei Attentater géint US-amerikanesch Entreprisë vun den CCC gebraucht gouf.

Wéi zu Lëtzebuerg gëtt et och an der Belsch Hiweiser, datt hanner den CCC-Attentater a Wierklechkeet Agent provocateure vu Spezialunitéite vun de Forces de l'ordre gestach hätten, déi mat hiren Attentater e Klima vu Bedroung duerch eng "kommunistesch Gefor" hätte wëlle provozéieren.[3]

Bewisen ass dat a béide Fäll bis ewell awer net.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ganser, Daniele, 2005. NATO's Secret Armies: Operation GLADIO and Terrorism in Western Europe; 315 S. Frank Cass Publishers. ISBN 0-7146-8500-3.
  • Ganser, Daniele, 2007. Les Armées Secrètes de l'OTAN, Gladio et Terrorisme en Europe de l'Ouest; 400 S. Collection Résistances, Editions Demi-Lune, Paräis. ISBN 978-2-917112-00-7. Resumé als PDF (240 kB)
  • Gijsels, Hugo, 1989. L'enquête. 20 années de déstabilisation en Belgique; La Longue Vue, Paräis, Bréissel, 273 S. ISBN 2-87121-032-2.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Lëtzebuerger Journal, 18. Dezember 1990
  2. SREL-Affär: Deputéiert net zefridde mat Hoffmann-Auditioun, rtl.lu, 22. Januar 2013
  3. DNF Nr. 681, S.1-2.