Grousse groen Neimäerder

Vu Wikipedia
Grousse groen Neimäerder
E grousse groen Neimäerder

E grousse groen Neimäerder
E grousse groen Neimäerder
Aner Sproochen: de: Raubwürger
fr: Pie-grièche grise
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen Aves
Uerdnung: Spatzevullen Passeriformes
Ënneruerdnung: Sangvullen Passeres
Famill: Wierger Laniidae
Gattung: Wierger Lanius
Wëssenschaftlechen Numm
Lanius excubitor
Carl von Linné, 1758
Eeër vum Lanius excubitor
Cuculus canorus canorus + Lanius excubitor

De grousse groen Neimäerder (Lanius excubitor), ass e Vugel aus der Famill vun de Wierger (Laniidae), deen an den temperéierten a subarkteschen Zone vun Nordamerika an Eurasien, an och zum Deel an Zentralasie verbreet ass.

Säi lëtzebuergeschen Numm weist op seng Ernierung hin, déi bal ausschliisslech aus Déiere besteet.

Net ze verwiesselen ass d'Aart mam Klengen Neimäerder, deen och zu Lëtzebuerg lieft.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De grousse groen Neimäerder ass ongeféier sou grouss wéi eng Märel. Den allgemengen Androck ass dee vun engem gro-wäiss-schwaarze Vugel mat laange Schwanzfiederen. Vum Schniewel aus leeft op all Säit eng schwaarz Sträif duerch d'A.

Männchen a Weibche si gläichgrouss. D'Weibchen huet meeschtens e Fiederkleed dat liicht manner kontrasträich ass wéi dat vum Männchen.

Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

De grousse groen Neimäerder lieft an hallefoppene Landschafte mat Hecken an eenzele Beem.

Ernierung[änneren | Quelltext änneren]

De grousse groe Neimäerder frësst souzesoen nëmmen Déieren, am Hierscht och emol Friichten. Seng Beit si virun allem Wullmais, Mais an och Spëtzmais, déi zesumme bis zu 90 % vu sengem Kascht ausmaachen. Donieft frësst en och nach Vigel, dat bis zur Gréisst vun enger Märel. Nëmme seele fänkt e Fliedermais, Amphibien, Reptiller oder och Fësch. Seng Brutt fiddert en, besonnesch an den éischten Deeg nom Schlüpfen, mat Insekten, virun allem Kiewerleken an Heesprénger.

De grousse groen Neimäerder jot virun allem vun exponéierte Plazen aus, déi meeschtens op enger Héicht vun 3 bis 8 Meter leien, a vu wou aus e sech op seng Affer stierzt. Seng Beit spiisst en dacks op engem Dar op oder klemmt se an enger Aaschtgafel fest, dat fir se stéckweis kënnen ze friessen, mä awer och fir sou eng Reserv unzeleeën.

Zuchverhalen[änneren | Quelltext änneren]

De grousse groen Neimäerder ass e Standvugel am Süde vu sengem Verbreedungsgebitt, méi nërdlech gëtt en zum Zuchvugel, woubäi d'Zuchdistanz vu Süden no Norden zouhëlt.

D'Wanterquartéiere vun de Vigel aus dem Norde leie meeschtens am Bruttgebitt vun de Populatiounen déi méi südlech bréien, wärend déi selwer entweeder d'ganzt Joer an hirem Bruttgebitt bleiwen oder awer am Hierscht no Süden auswäichen.

Vun de Vigel déi an Zentraleuropa bréie verloossen zirka 50 % hiert Bruttrevéier. Déijéineg déi um Nordrand vum Verbreedungsgebitt bréie maachen dat zu 100 %.

De grousse groen Neimäerder zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg ass de grousse groen Neimäerder d'ganzt Joer iwwer ze gesinn. D'Bruttzäit zitt sech vum Abrëll bis de Juli.

Seng Zuel huet an de lescht Joerzéngte staark ofgeholl, dat virun allem wéinst der Zerstéierung vu senge Liewensraim, awer warscheinlech och wéinst dem Asaz vun Insektiziden an der Agrikultur, duerch déi déi 'grouss' Insekten deziméiert goufen.

De Bestand vum grousse groen Neimäerder gëtt op nëmme méi 50-90 Bruttkoppelen am ganze Land geschat (Stand 2010).[1]

Op der Rouder Lëscht vun de Vullen zu Lëtzebuerg steet d'Aart an der Kategorie 2 (staark a Gefor) (Stand 2009) [1] 2012 war en dofir als Vull vum Joer erausgesicht ginn.

D'Aart steet net an der Annex vun der EU-Vulleschutzdirektiv 79/409.

Schutzmoossnamen[änneren | Quelltext änneren]

2010 huet d'Biologesch Statioun-Naturschutzzenter SIAS[2] zesumme mat der Centrale ornithologique vun natur&ëmwelt e Programm fir de Schutz vum grousse groen Neimäerder opgestallt.

Am Kader vun deem Programm goufen Ufank 2011 tëscht Guedber an Allënster, um Lieu-dit Oumerecht, wou d'Aart nach britt, siwen Eeche geplanzt. Si sollen dem grousse groen Neimäerder Sëtzplaze bidden, vun deenen aus hie joe kann.[3],[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 P. Lorgé & E. Melchior 2010, S. 153. Vögel Luxemburgs.
  2. SIAS = Syndicat intercommunal pour l'assainissement du bassin hydrographique de la Syre
  3. Luxemburger Wort vum 7. Mäerz 2011, S. 29: Sieben Eichen in Junglinster gepflanzt.
  4. Déi 7 Beem sti fir déi 7 Gemengen déi dem Syndikat ugeschloss sinn, nämlech d'Gemenge Betzder, Conter, Jonglënster, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter a Weiler zum Tuer. D'Beem goufen de 5. Mäerz 2011 a Presenz vun der Press a vum Marco Schank, Delegéierte Minister fir Ëmwelt a Landesplanung, geplanzt.