Jeunesse Esch
Jeunesse Esch | ||||
Offiziellen Numm: | Association Sportive la Jeunesse d'Esch/Alzette | |||
---|---|---|---|---|
Veräinsfaarwen: | Schwaarz-Wäiss | |||
Grënnung: | 13. August 1907 | |||
Stadion: | Stade de la Frontière, Esch-Uelzecht | |||
Plazen: | 5 090 | |||
President: | Marc Theisen | |||
Trainer: | Marc Thomé | |||
Saison: | 2023/24 | |||
Positioun: | 5. Plaz | |||
|
D'Jeunesse Esch (offiziell A.S. la Jeunesse d'Esch/Alzette) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Esch-Uelzecht. De Veräi gouf den 13. August 1907 als Football and Lawntennis Club Jeunesse de la frontière Esch/Alzette gegrënnt. 1920 krut de Club säin haitegen Numm.
D'Escher Jeunesse ass ee vun den eelsten, a mat ee vun de renomméiertste Lëtzebuerger Foussballclibb. D'Jeunesse war vun Ufank un am nationale Championnat mat dobäi (éischt Saison 1909/10) an huet bis op e puer seele Kéieren an der ieweschter Divisioun gespillt.[1] Zanter der Saison 1949/50 ass de Club ouni Ënnerbriechung éischtklasseg gewiescht a war zum dackste mat virbäi am Championnat. D'Jeunesse ass mat zolittem Virsprong Lëtzebuerger Rekordmeeschter.[2]
D'éischt Veräinsekipp war bis ewell 28-mol Champion a koum 12-mol op eng zweet Tabelleplaz. Déi Escher stoungen och 23-mol an der Finall vun der Coupe de Luxembourg an hu se dovun 12-mol gewonnen. Nëmmen de fréieren Déifferdenger Veräin d'Red Boys huet d'Coupe nach méi dacks (15x) mat heem geholl. Am Ganzen huet d'Jeunesse aachtmol den Doublé (Champion a Coupe) gemaach, och dat ass en nationale Rekord.
Wéinst de sëllege Champions- a Coupetitelen huet de Club dacks a reegelméisseg op europäeschem Niveau gespillt an huet och do sou munnech gutt Resultater opweises.
De Succès an der Zäit, déi formidabel sportlech Evolutioun déi de Veräin hanner sech huet, ass och den historesche Verdéngscht vun den italieenesche Schmelzaarbechter aus de Quartieren Hiehl a Grenz déi mat der Jeunesse, sief et als Supporter oder Spiller, hir kleng Juve zu Esch haten. Bei de Lokalmatcher géint d'Fola Esch, déi éischter dem Patronat no war -d'Fola ass de "Manchetteclub" genannt ginn- ass et an der Zäit dann och ëmmer ëm eppes méi wéi nëmmen de Foussball gaangen.
2007 huet d'Jeunesse hir honnert Joer gefeiert. Um sportleche Plang sollt d'Saison 2006/07 dunn awer éischter e Krisejoer ginn. Nodeem déi Escher 2005/06 nach Coupefinalist a Vizechampion waren, war d'Jeunesse géint Enn der Saison éischter um Wupp vun der Tabell ze fannen, drop an drun an d'Relegatioun géint den Drëttplazéierten aus der Éierepromotioun ze missen an domat ze riskéiere fir d'éischt Kéier zanter 1948 aus der Nationaldivisioun erauszetrëllen.[3]. Et ass herno dunn awer nach fir eng 9. Plaz duergaangen, nodeem déi Schwaarz-Wäiss sech an der Schlussphas ferm erkritt haten (véier Victoiren, ee Remis an nëmmen eng Nidderlag an de leschte sechs Matcher).
D'Jeunesse spillt am Stadion Op der Grenz (Stade de la Frontière). De Stade gouf 1920 gebaut an ass fir international Matcher zougelooss.
Nationale Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]- Champion (28x): 1921, 1937, 1951, 1954, 1958, 1959, 1960, 1963, 1967, 1968, 1970, 1973, 1974, 1975, 1976, 1977, 1980, 1983, 1985, 1987, 1988, 1995, 1996, 1997, 1998, 1999, 2004, 2010
- Vizechampion (12x): 1915, 1936, 1938, 1953, 1957, 1961, 1969, 1978, 1986, 1989, 1991, 2006
- Gewënner (13x): 1935, 1937, 1946, 1954, 1973, 1974, 1976, 1981, 1988, 1997, 1999, 2000, 2013
- Finalist (12x): 1922, 1927, 1965, 1966, 1971, 1975, 1985, 1991, 1995, 1996, 2006,2012
Doublé an de Joren: 1937, 1954, 1973, 1974, 1976, 1988, 1997, 1999.
Europäesch Kompetitiounen
[änneren | Quelltext änneren]Vun dem Grapp voll Lëtzebuerger Foussballclibb déi iwwerhaapt alt e Match op europäeschem Plang gewonnen hunn oder och nach en Tur viru komm sinn, huet d'Jeunesse bei wäitem déi bescht Resultater opweises - sief et och datt d'Zäit vun de grousse Succèse vun aus de siechzeger Jore schonn e gudde Strapp hier ass.
An den Ufanksjore vum Europapokal vun de Landesmeeschter ass Esch zweemol (1960 an 1964) bis an d'Aachtelsfinall komm:
1959/60 gouf d'Jeunesse géint den deemolege Champion aus Polen, den ŁKS Łódź geloust. Deen éischte Match hunn déi Escher Lodsch mat 5-0 reegelrecht iwwerrannt. De Retoursmatch konnten d'Polen zwar fir sech entscheeden, mä d'Jeunesse koum wéinst der favorabeler Goldifferenz nawell en Tur virun. An der Aachtelsfinall ass et dunn awer géint e ganzt anert Kaliber gaangen, den deemools scho véierfachen europäesche Champion vun de Landesmeeschter Real Madrid. Real huet schonn am éischte Match mat engem 7-0 de Sak fréi zoumaache kënnen, an och an der zweeter Begéinung hat d'Jeunesse - obschonn zweemol konnt markéiert ginn - net vill ze radetten. Madrid stoung herno géint d'Eintracht Frankfurt an der Finall (7-3) an ass dat fënneft Joer hannerenee Champion ginn.
Am Europapokal 1963/64 war d'Jeunesse den éischte Match dem finnesche Champion FC Haka kloer ënnerleeën (1-4). Am Retoursmatch op der Grenz haten déi Schwaarz-Wäiss sech dunn awer ferm erkritt a konnte sech mat 4-0 géint d'Finnen duerchsetzen, e Resultat wat just duergaangen ass fir virun ze kommen. An der Aachtelsfinall huet de Géigner Partizan Belgrad geheescht. Esch huet den éischte Match mat 2-1 gewonnen, ass awer dunn am zweete mat 2-6 ënnergaangen a war domat och aus der Coupe eraus.
Pech haten déi Escher am Europapokal vun de Landesmeeschter 1967/68. Nodeem den éischte Virronnematch doheem géint Valur Reykjavík mat engem Remis (1-1) op en Enn gaange war, an och am Retoursmatch zu Reykjavík no Verlängerung 3-3 gläichgespillt gouf, huet den deemolege Reegelen no d'Lous entscheet. Valur Reykjavík hat Chance a koum eng Ronn virun, déi Escher hunn däerfen heemfueren.
Eng formidabel Leeschtung war den 1-1 doheem géint de Liverpool FC am EP Landesmeeschter 1973/74.[4] Den engleschen Traditiounsveräin hat d'Joer virdrun d'UEFA Cup gewonnen a war deemno eng vun den dichtegsten Ekippen an Europa. Och am Retoursmatch am Anfield Stadion huet d'Jeunesse Liverpool virun 28 000 Spectateuren nach eng Hallschent laang de Bass gehalen (0-0). Zu gudder Lescht gouf du mat 0-2 verluer, e Resultat dat méi wéi respektabel war.
Dee bis ewell (Sept. 2017) leschte Match deen d'Jeunesse international gewonnen huet, war an der Europa League 2016/17. Do ass de Retourmatch géint St. Patrick's Athletic Dublin op der Grenz mat 2-1 gewonne ginn.
All d'Matcher
[änneren | Quelltext änneren]Q = Qualifikatiounsronn, R = Ronn, 1/8 = Aachtelsfinal
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
- 100 Joer Jeunesse Esch - E stoarkt Stéck Minett. Dokumentarfilm, Lëtzebuerg 2007. Realiséiert vum Julie Schroell fir d'Feierlechkeete vum Centenaire 2007.
Fir ze liesen
[änneren | Quelltext änneren]- 1907-2007: 100 Joer Jeunesse Esch, Éditions Binsfeld, 11. Dez. 2007, 280 Säiten, 300 Fotoen, ISBN 978-2-87954-186-0
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1911 huet d'Jeunesse kee Championnat gespillt, d'Joer drop ass de Veräin du vun der Klass B aus gestart a koum op eng zweet Tabelleplaz. D'Ekipp konnt awer eréischt erëm 1914 iewescht Divisioun spillen, well d'Championnat 1913 ausgefall ass. Zweetklasseg waren déi Schwaarz-Wäiss nëmmen nach 1918, 1931 bis 1933, 1946, a fir d'lescht dunn 1949. Den zweete Weltkrich iwwer huet keen nationaalt Championnat däerfen organiséiert ginn, d'Jeunesse huet awer tëscht 1941-44 als SV Schwarz-Weiss 07 Esch an der Gauliga Moselland matgespillt a war 1943/44 éischt an der Staffel West. Quell: [1] (2007)
- ↑ Hanner der Jeunesse läit, der Zuel vun de Championstitelen no, d'Spora (zanter 2005 Deel vum RFCUL) mat 11 éischte Plazen. Vun den aktiven, net zu neie Clibb fusionéierte Veräiner, waren den F91 Diddeleng an den Avenir Beggen allenzwee bis d'Saison 2006/07 matabegraff sechsmol Lëtzebuerger Champion.
- ↑ Artikel: Esch get that sinking feeling op uefa.com
- ↑ D'Erënnerunge vum Denis Scuto un d'Matcher géint de Liverpool FC: Il y a trente ans, un match fou: Jeunesse Esch – F. C. Liverpool 1-1