John Cockerill

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
John-Cockerill Statu virum Stadhaus zu Seraing vum Armand Cattier

Den John Cockerill, gebuer den 3. August 1790 zu Haslingden a gestuerwen den 19. Juni 1840 zu Warschau, war e briteschen Industriellen.

Hien ass 1797 mat sengem Papp William Cockerill an d'Géigend vu Verviers, an der haiteger Belsch, wunne gaangen. Säi Papp hat do eng vun den éischte maschinell bedriwwene Léngent-Wiewereien um europäesche Kontinent bedriwwen.

1817 huet den John Cockerill zesumme mat sengem Brudder Charles James d'Schlass vu Seraing kaaft, nodeem e vum Wëllem I. vun Holland den Optrag kritt hat, an der Géigend vu Léck d'Stolindustrie ze developpéieren. Hien huet do als Éischten en Héichuewe baue gelooss, dee mat à Coke amplaz mat Holz bedriwwe gouf. 1824 huet e mat sengem Brudder zu Antwerpen d'Schëffsarsenal Cockerill Yards (méi spéit Hoboken genannt) gegrënnt. 1825 huet den James Cockerill seng Parten dem Kinnek vun Holland verkaaft.

An der Belscher Revolutioun war hien de Leader vun den Orangisten, mä hie konnt seng Schmelzen zu Seraing behalen, déi him eleng gehéiert hunn.

1834 huet d'Belsch ugefaangen, säin Eisebunnsreseau op- an auszebauen, fir d'Blokade vun der Schelde-Mëndung duerch d'Hollänner z'ëmgoen. D'Schmelzen a Fabrécke vum John Cockerill hunn déi éischt Schinnen, Wagonen a Lokomotiven um europäesche Festland gebaut. Och aner metalle Konstruktiounen, wéi Brécken a Schëffer, goufe vum Cockerill senge Konstruktiounsateliere produzéiert.

Déi éischt Lokomotiv an der Belsch, an um Festland vun Europa iwwerhaapt, gouf 1835 an den Ateliere vu Cockerill zu Seraing gebaut. Si krut den Numm Le Belge.

Hien huet och eng Bank gegrënnt, déi awer 1838 faillite goung. Trotzdeem huet hien duerno et fäerdeg bruecht, en Industriekomplex opzebauen, deen deen éischten integréierte Komplex vun där Zort war: E bestoung aus Héichiewen, Géissereien, Walzwierker a Schmëtten, bis hin zu den Atelieren, wou fäerdeg Produkter zesummegebaut goufen. Dës war no bei de Kuelen- an Äerzgrouwen, a waren un d'Eisebunnsnetz an iwwer d'Meuse verkéierstechnesch ugebonnen.

Seng Gesellschaft hat bis zu 60 Néierloossungen doruechter an der Welt.

De 4. September 1813 hunn den John a säi Brudder James sech mat zwou Sëschtere bestuet. Dem John seng Fra gouf d'Frédérique (Jeanne) Pastor, an dem James seng war d'Caroline (Elisabeth), allen zwee zu Burtscheid op d'Welt komm. Déi zwou Sëschtere koumen aus der räicher Pastor-Famill a waren d'Meedercher vum Philipp Heinrich Pastor a senger Fra Amalie Henriette Platte, Besëtzer vun enger Nolefabréck, a si waren d'Kusinne vum Industrielle Gustave Pastor deen zu Seraing eng Garfabréck hat a méi spéit Generaldirekter vun der Cockerill S.A gouf.

Den John Cockerill ass 1840 un Typhusféiwer op enger Geschäftsrees zu Warschau gestuerwen. Seng abalsaméiert Läich gouf 1867 op Seraing iwwerfouert an um fréiere Kierfecht, an der Rue de la Glacière bäigesat.[1]. Praktesch gläichzäiteg koum d'Iddi op fir him e Monument zu Seraing opzeriichten. Dat Monument gouf den 22. Oktober 1871 ageweit. 1947 goufen dem John Cockerill seng stierflech Iwwerreschter an e Caveau virum Monument transferéiert. Hien ass den eenzege Cockerill deen zu Seraing begruewe läit. Déi aner Membere vun der Famill leien um Kierfecht zu Spa.

No sengem Doud goufen d'Geschäfter vum Gustave Pastor weidergefouert.

Déi vun him gegrënnte Schmelze bestinn zum Deel bis haut. No sengem Doud hu si sech als S.A. Cockerill-Ougrée weiderentwéckelt, déi méi spéit Cockerill-Sambre housch. Dës gouf 1998 vun Usinor iwwerholl, déi 2002 mat zu der Arcelor fusionéiert huet an zanter 2006 zu der ArcelorMittal gehéiert. D'Traditioun vum Numm Cockerill gëtt bis haut bei Cockerill Maintenance & Ingénierie virugefouert.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Cockerill – Biller, Videoen oder Audiodateien