Martin vun Tours
De Martin vun Tours (Hellege Mäerten) (Laténgesch Martinus, gebuer ëm 316/317 zu Savaria (oder Sabaria), (Réimescht Räich, Provënz Pannonien, haut Szombathely, Ungarn) a gestuerwen den 8. November 397 zu Candes bei Tours a Frankräich, war den drëtte Bëschof vun Tours. Hien ass ee vun den bekanntsten Hellege vun der réimesch-kathoulescher Kierch a gëtt och an der orthodoxer Kierch, anglikanescher Kierch souwéi och an der evangelescher Kierch veréiert. Hien huet duerch d'Deele vun sengem Mantel engem Mann deen um Erfréiere war d'Liewe gerett an ass doduerch helleg gesprach ginn.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Dem Mäerte säi Liewen
[änneren] Dem Mäerte seng Kandheet
Dem Mäerte säi Papp war e réimeschen Offizéier. Schonn a senger fréiestes Kandheet huet hien ëmmer bei der Kasär den Zaldoten nogekuckt. Sou wosst hie séier datt hien Zaldot wéilt ginn, wann e grouss wier.
Wei de Mäerten eng Kéier am Bësch gespillt huet, huet et ugefaange mat donneren an hien huet séier Schutz an enger Kierch gesicht. Do huet de Paschtouer Geschichte vum Jesus virgelies an de Mäerten huet gemierkt datt de Jesus e besonnesche Mënsch war.
Mat 15 Joer ass de Mäerte mat senger Famill an Italien geplënnert. Do ass hien an d'Arméi gaangen, an ee puer Joer méi spéit ass hien zum Haaptmann ernannt ginn. Kuerz virum Wanter huet de Keeser hinnen den Uerder ginn a Frankräich ze goen.
[änneren] Seng bekannsten Dot
Zu Amiens a Frankräich si se bei de Stadmaueren engem aarme Mann begéint. Hien louch am Grouf an huet vu Keelt geziddert well hie keng Kleeder hat. Wéi de Mäerten hie gesinn huet, hat hie Matleed mat him. Déi aner Zaldoten hunn den aarme Mann ausgelaacht an si laanscht hie geridden, mä de Mäerten huet sech näischt dorausser gemat. Kuerzer Hand huet hien säi Mantel ausgedo, säi Schwäert gezunn an en an zwee gedeelt. Hien huet dem aarme Mann den hallwe Mantel ginn, an ass weider geridden.
Mä op eemol ass him an der Nuecht den Jesus erschéngt, deen dat Stéck Mantel unhat wat de Mäerten dem aarme Mann ginn hat, an hien huet gesot: "Martinus, deen nach net gedeeft ass, huet mech gekleet." Dëse Saz huet de Mäerten esou beandrockt, datt hien den Dag drop an d'Kierch gaangen ass an sech deefe gelooss huet.
Vun do un ass hien sou dacks wéi méiglech bei de Paschtouer gaang fir mat him an der Bibel ze liesen.
Zwee Joer méi spéit sollt hie mat sengen Männer an de Krich géint d'Germanen zéien, mä hien huet zum Keeser gesot:"Ech sinn elo e Chrëscht, an dofir zéien ech net mat an de Krich wëll ech keng Leit méi wëll ëmbréngen."
Dorops hin gouf de Keeser rosen an huet hien aus der Arméi gehäit.
Dono goung de Mäerten bei eng Fra déi him e bronge Kiddel gebutt huet, hien ass dann an de Bësch gaange fir do an enger aler Haip ze liewen an ze bieden. Enges Daags koum eng Fra vun engem Bauer bei hien an huet gefrot op hien op d'Kanner kéint oppassen während si op dem Feld sinn. Hien huet vun do un all Dach fir d'Kanner gekacht an op si opgepasst bis de Karschnatz eriwwer war.
No an no sinn ëmmer méi Leit komm an hunn hie gefrot op hien hinnen hëllefe kéint. Wei hien esou duerch d'Dierfer gezunn ass fir de Kranken an Alen ze hëllefen, huet hien ëmmer méi Leit font déi him gehollef hunn. Schlussendlech huet hien ëm 360 no bei Poitiers e Klouschter gegrënnt. Et war dat éischt Klouschter a ganz Europa.
[änneren] Seng Ernennung zum Bëschof
E bësse méi spéit koume Männer an d'Klouschter an hu gesot datt de Bëschof gestuerwen ass a si hunn de Mäerte gefrot op hie Bëschof wéilt ginn. Mä de Mäerten wollt et net ginn, hie wollt léiwer am Klouschter bleiwen an den Aarmen hëllefen, dofir huet hie sech am Gänsestall verstoppt. Mä d'Männer hunn hien awer fonnt. Nodeems hie gebiet hat ass hien den Dag drop awer matgaangen. Sonndes hunn d'Leit sech dann an der Kierch versammelt an hien ass zu Bëschof ernannt ginn.
An de Méint dono sinn ëmmer méi Leit an d'Klouschter komm an dat gouf séier ze kleng. Séier hu si en neit Klouschter un der Loire gegrënnt an do konnten och d'Pateren ausgebilt ginn.
Mat der Zeit wollt hien net mei an dem schéine Bëschofshaus wunnen an hien ass an d'Klouschter zréckgaangen. Vun do aus ass hien op Tréier gaang fir dem Keeser ze soen datt déi aarm Baueren déi hir Scholden net bezoule konnten am Prisong sëtzen an datt dat net richteg wier. Den Keeser huet dat agesinn an deenen Aarmen hir Scholden nogelooss.
Wéi de Mäerte gemierkt huet datt hie stierwe misst huet hie säi Kiddel ugedoen, well hie wollt wéi en aarme Mann stierwen.
Ëm 400 as den "Hellege Mäerten" da gestuerwen. Haut leit hien an der Kathedral vun Tours begruewen.
[änneren] Patréiner
Den Hellege Mäerten ass de Patréiner vun den Zaldoten, de Reider, de Schmatten, de Wiewer, de Schneider, Centure-, Händschen- an Huttmécher, Hotelen a Wiert, Reesender, Aarmen, Obdachlosen, Flüchtlingen, Prisonéier, Hierten, Wënzer a.s.w.
Hien ass och Patréiener vu ville Scoutstruppen, wei zum Beispill vun den Duelemer Scouten an de Sandweiler Scouten.
[änneren] Kierchen zu an ëm Lëtzebuerg, déi him geweit sinn
- An der Sandweiler Kierch gëtt et eng Klack déi säin Numm dréit
- Kierch Waasserbëlleg
- Kierch Saint-Martin vun Arel
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Hellege Mäerten – Biller, Videoen oder Audiodateien |