Mesarthim (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mesarthim ("de fette Schofsbock") ass den Numm vum Stär γ Arietis (Gamma Arietis). Den Mesarthim ass en Duebelstär mat engem Wénkelofstand vu 7,7 Bousekonnen (Positiounswénkel: 0 Grad). Déi zwou Komponente si vum Spektraltyp A0 V an hunn eng visuell Magnitude vu +4,75 mag. De Mesarthim ass ca. 204 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech (Hipparcos Datebank).
Koordinaten
- Rektaszensioun: 1h53m31,80s
- Deklinatioun: +19°17'37,0"