Mount Lemmon Observatoire
De Mount Lemmon Observatoire Mount Lemmon Observatory (MLO), och als Mount Lemmon Infrared Observatory bezeechent, ass en astronomeschen Observatoire op enger Héicht vun 2.790 m um Bierg Mount Lemmon an de Santa Catalina Mountains ongeféier 28 Kilometer nord-ëstlech vun Tucson am US-Bundesstaat Arizona. D'Anlag am Coronado National Forest gëtt mat enger spezieller Reegelung vum U.S. Forest Service duerch de Steward Observatory vun der University of Arizona bedriwwen an ëmfaasst en etlech onofhängeg Teleskopen.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht vum Observatoire [änneren]
De Mount Lemmon Observatoire gouf 1954 ufanks als Radarstatioun vun der Air Defense Command mat der Bezeechnung Mount Lemmon Air Force Station opgebaut. Nodeems en 1970 un de Steward Observatory ugeschloss gouf, gouf d'Anlag an en Infrarout-Observatoire ëmgebaut. Bis 2003 gouf ee vum Fort Huachuca aus gesteierte Radartuerm fir Observatioune vu Rakéitestarte vun der White Sands Missile Range an New Mexico a vun der Vandenberg Air Force Base a Kalifornien gebraucht.
Instrumentéierung [änneren]
- Den 152 cm Steward Observatory Teleskop ass e Cassegrain-Teleskop a gëtt fir de Mount Lemmon Survey (MLS) gebraucht, dee Bestanddeel vum Catalina Sky Survey (CSS) ass. Hie gouf an de spéiden 1960er Jore gebaut a war ufanks an der Catalina Statioun op dem Mount Bigelow an de Santa Catalina Mountains installéiert. Et gouf 1972 op de Mount Lemmon bruecht a 1975 op senger haiteger Plaz montéiert. Den originelle metallenen Haaptspigel hat schlecht Qualitéit geliwwert a gouf 1977 duerch e Glasspigel aus Cer-Vit ersat. Et ass ee vun den Teleskopen, dee vun de Studenten am Kader vum Astronomy Camp benotzt gëtt. Mat him gouf den Asteroid 2011 AG5 entdeckt, deen den Niveau 1 op der Turiner Skala erreecht hat[1]
- Een sowuel am optesche Beräich wéi och am noen Infrarout brauchbaren 152 cm Dall–Kirkham-Teleskop gouf 1970 a Betrib geholl an ass dat eenzegt Instrument um Mount Lemmon dat vun der University of Minnesota (UMN) bedriww gëtt. Et huet grondsätzlech déiselwecht Bauart wéi den 152 cm Steward Teleskop an e weidert am Observatoire an der Sierra San Pedro Mártir. Den originelle metallenen Haaptspigel weist déiselwecht Feeler wéi dee vum Stewart-Teleskop a gouf 1974 duerch e Glasspigel aus Cer-Vit ersat.
- Een am Joer 2003 installéierte vollautomateschen Teleskop mat engem Spigelduerchmiesser vun 100 cm ass dat eenzegt Instrument um Mount Lemmon, dat vum Korea Astronomy and Space Science Institute (KASI) bedriwwe gëtt.
- Den 81 cm Schulman Teleskop ass ee Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop dee vum RC Optical Systems gebaut gouf a gouf am September 2010 installéiert.
Et gëtt vum Mt. Lemmon SkyCenter bedriwwen an ass dee gréisste Volleksobservatoire an Arizona.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Websäit vum Steward Observatory
- Mount Lemmon SkyCenter - official site
- Mt. Lemmon Observatory Clear Sky Clock Forecasts of observing conditions.