Ons Heemecht

Vu Wikipedia
Ons Heemecht, Melodie lauschteren
Partitur vun der Heemecht.

Ons Heemecht ass d'Nationalhymn vu Lëtzebuerg. D'Melodie vun der Heemecht ass vum Jean-Antoine Zinnen (1827-1898) an d'Wierder vum Michel Lentz (1820-1893). Lauschtert

Generell Informatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De 5. Juni 1864 gouf d'Uelzecht, wéi dat Lidd am Volleksmond nach genannt gëtt, zu Ettelbréck uropgeféiert. Dat war beim éischte Museksfest vum Allgemeiner Luxemburger Musikverein. Am Haff vun der Primärschoul erënnert haut nach eng Plack dorun. Fir d'éischt gespillt gouf d'Stéck zu Veianen de 25. Mee 1865.

1993, am honnertsten Doudesjoer vum Michel Lentz, krut Ons Heemecht e legale Statut an e gesetzleche Schutz. Am Gesetz vum 16. September 1993, dat d'Gesetz vum 23. Juni 1972 iwwer d'national Ofzeeche geännert huet, heescht et am Artikel 6 datt déi éischt an déi lescht Stroph vum Gesank «Ons Heemecht» (1859), Text vum Michel Lentz, Musek vum Jean-Antoine Zinnen, sou wéi se am Unhang vun deem Gesetz verëffentlecht sinn, d'Nationallidd vum Groussherzogtum Lëtzebuerg duerstellen.[1]

Gesankstext[änneren | Quelltext änneren]

Op dëser Plaz ass d'Heemecht fir d'éischt ëffentlech opgeféiert ginn

Éischt Stroph[änneren | Quelltext änneren]

Wou d'Uelzecht durech d'Wisen zéit,
duerch d'Fielsen d'Sauer brécht.
Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit,
den Himmel Wäin ons mécht.
Dat ass onst Land, fir dat mir géif,
heinidden alles won.
Onst Heemechtsland, dat mir sou déif
an onsen Hierzer dron,
onst Heemechtsland, dat mir sou déif
an onsen Hierzer dron.

Zweet Stroph[änneren | Quelltext änneren]

An sengem donkle Bëscherkranz,
Vum Fridde stëll bewaacht,
Sou ouni Pronk an deire Glanz
Gemittlech léif et laacht;
Säi Vollek frou sech soe kann,
An 't si keng eidel Dreem:
Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,
wéi ass 't sou gutt doheem!

Drëtt Stroph[änneren | Quelltext änneren]

Gesank, Gesank vu Bierg an Dall
Der Äerd, déi äis gedron;
D'Léift huet en treie Widderhall
a jidder Broscht gedon;
Fir d'Heemecht ass keng Weis ze schéin;
all Wuert, dat vun er klénkt,
gräift äis an d'Séil wéi Himmelstéin
an d'A wéi Feier blénkt.

Véiert Stroph[änneren | Quelltext änneren]

O Du do uewen, deem seng Hand
duerch d'Welt d'Natioune leet,
behitt Du d'Lëtzebuerger Land
vru friemem Joch a Leed!
Du hues ons all als Kanner schonn
de fräie Geescht jo ginn.
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn,
déi mir sou laang gesinn!
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn,
déi mir sou laang gesinn!

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 2003. à propos... Symboles de l'État et de la Nation = à propos... Symbole des Staates und der Nation = à propos... Symbols of the state and of the nation. Luxembourg: Service information et presse. 8 p. ISBN 2-87999-043-2. [Armoiries de l'État, Fête nationale, drapeau luxembourgeois, hymne national] PDF
  • Muller, Roger, 2003. "Ons Heemecht" entstand nach einer Vorlage Michel Rodanges. In: Die Warte, Année 55, n° 28 = n° 2048 (2. Oktober), pp. 1–2. Luxembourg.
  • Ulveling, Paul, 1989. Ons Hémecht. Notre Patrie - Notre Hymne national. pp. 568–584 in: Gerges, Martin (Éd.), 1989. Mémorial 1989. À l'occasion du 150e anniversaire de l'indépendance du Grand-Duché.
  • Schwickerath, P., 2023. «Ons Heemecht» – Etude du manuscrit. Die Warte 18/2761 vum 18. Juni 2023, S. 2-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1416 Loi du 27 juillet 1993 modifiant et complétant la loi du 23 juin 1972 sur les emblèmes nationaux. op legilux.public.lu.