Pierre Nommesch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bëschof Pierre Nommesch
Wope vum Bëschof Nommesch

De Pierre Nommesch, gebuer de 16. Dezember 1864 a gestuerwen den 9. Oktober 1935, war den 3. Bëschof vu Lëtzebuerg.

Inhaltsverzeechnes

Biographie [änneren]

De Pierre Nommesch koum an enger räicher Greiweldenger Wënzerfamill als eelste Jong vun de 7 Kanner vum Pierre Nommesch an dem Elisabeth Collignon op d'Welt.

No senge Studien am Kolléisch an zu Roum, op der peepstlecher Universitéit Gregoriana, gëtt de Pierre Nommesch den 28. Oktober 1890 zu Roum zum Häerz-Jesu-Priister geweit. Fir d'éischt war hie Kaploun an der Kathedral ier hien den 23. Dezember 1901 Paschtouer zu Keel gouf. Vun 1913 bis 1920 war hien dunn Deschen zu Beetebuerg.

Nom Doud vum Bëschof Koppes, den 29. November 1918, war de Bëschofsstull 15 Méint laang net besat. Dës Sedisvakanz huet sech erginn, well de Vatikan wollt ofwaarde wéi engersäits déi national-politesch Situatioun sech no der Ofdankung vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde géif entwéckelen, a wéi anerersäits déi franséisch a belsch geopolitesch Bestriewunge fir dat zënter 1839 neutraalt Lëtzebuerg z'annexéiere géifen ausgoen.

Eréischt den 8. Mäerz 1920, also méi wéi ee Joer no der Trounbesteigung vun der neier Groussherzogin, gouf dunn de Pierre Nommesch zum Bëschof vu Lëtzebuerg ernannt. De 25. Mäerz huet de Sebstiano Nicorta hien an der Kathedral zum Bëschof geweit.

Wéi hien 1935 am Chouer vun der Krypta vun der Kathedral begruewe ginn ass, war den "neien Deel" vun der Kathedral nach net fäerdeg. Säin Nofolger gouf de Joseph Laurent Philippe.

Wierken [änneren]

Gläich am Ufank vu sengem Episkopat verduebelt hien am Joer 1921 d'Zäit vun der Muttergottesoktav, well eng Woch, esou wéi den Numm Oktav et seet, net méi duer geet fir all Paren a Verbänn an deem Zäitraum ënnerzekréien. Am selwechte Joer gouf dunn och déi 200-Joer-Feier vun der Erwielung vun der Tréischterin nogeholl. Wéinst dem Éischte Weltkrich war dës Feier 1916 ausgefall.

Dat duerch d'Schoulgesetz vun 1912[1] gestéiert Verhältnes tëschent Kierch a Staat huet hien erëm normaliséiert duerch seng Ënnerstëtzung fir d'Schoulgesetzännerung vum 2. August 1921[2].

Den 28. Oktober 1930 seent hien de neie bëscheefleche Seminaire um Lampertsbierg an. Virdru war de Seminaire am Gebai vum ale Jesuitekolléisch niewent der Kathedral. E koum dunn 1930 an d'Klouschter vun den "Amerikanesche Nonnen" (Kongragatioun vun de Franziskanerinnen vu Milwaukee), dat Gebai an deem zënter 1973 de "Centre Universitaire" war an haut en Deel vun der Universitéit Lëtzebuerg ass. A senger Zäit als Bëschof huet sech d'Zuel vun de Geeschtlechen esou staark vergréissert, datt all Par säin eegene Paschtouer hat.

En Haaptuleies vum Bëschof Nommesch war d'Zesummenaarbecht vun der kathoulescher Presse mat dem kathoulesche Veräinsliewen. Hien ënnerstëtzt déi sozial-karitativ Wierker a grënnt 1929 d'Kathoulesch Aktioun.

Den 12. Mee 1935 leet hien och de Grondstee fir d'Vergréisserung vun der Kathedral. Doniewent sinn a senger Zäit vill Kierche vergréissert oder nei gebaut ginn.

Wopen [änneren]

Grafplak vum Bëschof Nommesch an der Krypta vun der Kathedral

De Bëschofswopen, deen an der 1. lénkser Chouerfënster vun der Kathedral ze gesinn ass[3], weist d'Tréischterin mat der Neipuertskapell. Säi Wope gëtt esou beschriwwen: D'azur à la deuxième chapelle du Glacis de Luxembourg au naturel issant en pointe, surmontée de la Vierge Consolatrice des Affligés au naturel, vêtue de gueules et d'or, posée sur une nuée. De Wopen ass och op der Grafplak an der Krypta vun der Kathedral ofgebilt ewéi an der Réidener Kierch an enger Fënster ënnert dem Duxall [4].

Säi Walsproch Tuus sum ego (Däi sinn ech) ënnersträicht seng déif marianesch Frëmmegkeet.

Gielercher [änneren]

Quellen [änneren]

  • Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Évêques/Archevêques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries. Annuaire - A.L.G.H.

Um Spaweck [änneren]

Virgänger BishopCoA PioM.svg Nofolger
Jean Joseph Koppes Lëscht vun de Bëscheef Joseph Laurent Philippe

Referenzen [änneren]