Terra (Satellit)
| TERRA | |
|---|---|
| Typ | Äerdobservatiounssatellit |
| Land | |
| Agentur | NASA |
| Apogeum | 703 km |
| Perigeum | 701 km |
| Bunnschréiegt | 98,8° |
| Mass | 4864 kg |
| Bunn-Ëmlafzäit | 98 min. |
| Start | 18. Dezember 1999 18:57 UTC |
| Startplaz | Vandenberg Air Force Base, SLC-3E |
| Drorakéit | Atlas-2AS |
| Status | am Orbit |
Terra, och EOS-1 oder EOS-AM1 genannt, ass een Äerdobservatiounssatellit vun der US-amerikanescher Loft- a Raumfaartagentur NASA, déi den 18. Dezember 1999 gestart gouf. Si déngt der Fuerschung an Observatioun vun eiser Äerd. Déi geplangte Liewensdauer vum Satellit gouf am Ufank op 6 Joer festgehalen.
Terra ass niewent Aqua an Aura eng vun deenen dräi Haaptmissioune vum Earth Observing System (EOS), engem etlech Missiounen ëmfaassenden, laangfristege Fuerschungsprogramm vun der NASA. De Satellit kascht 1,3 Milliarden US Dollar.
Inhaltsverzeechnes |
Bunndaten [änneren]
De Satellit beweegt sech op enger polarer, sonnensynchronen Äerdëmlafbunn (SSO).
Eng Eegeschaft vun dëser Ëmlafbunn ass, datt de Satellit all Dag zu derselwechter Zäit ee Punkt op der Äerd passéiert. Dofir ginn sou Äerdëmlafbunnen heefeg fir meteorologesch Satellitten an Äerdobservatiounssatellitte gebraucht.
Instrumenter [änneren]
U Bord vum Satellit befanne sech folgend fënnef Instrumenter:
- ASTER (Advanced Spaceborne Thermal Emission and Reflection Radiometer) mécht héichopléisend Biller an 14 Kanäl vum visuelle Liicht bis an d'thermesch Infraroutstralung. D'Opléisung ass ongeféier 15 bis 90 Meter pro Bildpunkt. Doraus kënne Séihéicht, Uewerflächentemperatur, Reflektivitéit an Emissivitéit vum Landdeel ofgeleet ginn. D'Instrument gouf a Japan gebaut.
- CERES (Clouds and the Earth's Radiant Energy System) bestëmmt de ganze Wärmefloss vu bezéiungsweis zu der Äerd a liwwert Informatiounen iwwer d'Beschaafenheet vun de Wolleken. U Bord vun Terra sinn och zwéi CERES-Instrumenter, eent dovun observéiert ëmmer d'Äerd a riichter Richtung, während dat anert schwenkbar ass.
- MISR (Multi-angle Imaging Spectro-Radiometer) besteet aus 9 Kameraen, woubäi alle 4 Faarfkanäl (blo, gréng, rout, not Infrarout) huet; d'Kameraen observéieren d'Äerd ënner verschidde Wénkelen. D'Instrument ënnersicht d'Streeung vum Sonneliicht, Wolleken, Aerosole an d'Vegetatioun.
- MODIS (MODerate-resolution Imaging Spectroradiometer) huet eng relativ kleng Opléisung a schafft mat 36 Kanäl. Et déngt zu der Erkennung groussraimeger Ännerungen an der Biosphär.
- MOPITT (Measurements of Pollution in the Troposphere) moosst d'Konzentratioun vun Methan an Kuelestoffmonoxid an der Troposphär mat Gas-Korrelatiouns-Spektroskopie.
Terra hat de 24. Februar 2000 mat den Opzeechnunge vun den Daten ugefaangen.
Um Spaweck [änneren]
- (en) Offizielle Homepage von Terra
- (en) Überblick zu Terra beim NASA Headquarter
- (en) Offizielle Homepage des Earth Observing Systems
- (en) Offizielle Homepage von Earth Science Enterprise
- (en) Satellitenorbit auf Heavens-Above
Kuckt och [änneren]
| Commons: Terra (satellite) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Lëscht vun onbemannte Raumfaartmissiounen
- Aura
- Aqua
- Earth Observing System
- Blue Marble (Fotoë vun der Äerd)