Willy Bourg
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Willy Bourg, gebuer den 22. Februar 1934 an der Stad, a gestuerwen den 21. Februar 2003 war e lëtzebuergesche Militäroffizéier, Enseignant an CSV-Politiker.
Seng Jugend huet de Willy Bourg zu Beggen verbruecht. No senge Secondaire-Etuden am Kolléisch wollt hien eng militäresch Carrière maachen an hie krut zu Arel an zu Bréissel eng Formatioun. Duerno ass hien zréck op Lëtzebuerg komm, a gouf Leitnant an der Lëtzebuerger Arméi, wou hie responsabel war fir d'Ausbildung vun den Offizéieren.
Am Joer 1967 huet hie bei der Arméi opgehalen, an ass op d'Technesch Universitéit op Karlsruhe gaangen, fir Ingenieur ze ginn. Duerno war hie Professer am Lycée technique des arts et métiers, an deem hie méi spéit Directuer adjoint gouf.
1979 gouf de Willy Bourg an de Stater Gemengerot gewielt; 1985 huet hien dem Nic Mosar säi Chambersëtz iwwerholl, wéi deen als Kommissar op Bréissel goung. 1998 gouf de Bourg Vizepresident vun der Chamber.
Den 21. Februar 2003, um Virowend vu sengem 69. Gebuertsdag stierft de Willy Bourg un enger laanger Krankheet. Säin Nofolger an der Chamber gëtt de Marcel Sauber.
Publikatiounen [änneren]
- Zesumme mam André Muller:
- Ons Arméi - Die Luxemburger Pflichtarmee 1944 bis 1967, Eegeverlag, Lëtzebuerg, 1997
- Eis Garde
Gielercher [änneren]
- Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2000)[1]
| Virgänger | Generalsekretär vun der CSV | Nofolger |
|---|---|---|
| Jean-Pierre Kraemer | 1984 - 1995 | Camille Dimmer |