Änder (Apostel)
Änder (Apostel) | |
---|---|
D'Kräizegung vum Apostel Änder, (ëm 1540-1545) vum Juan Correa de Vivar | |
Titel | |
Titel | Apostel |
Biographie | |
Gebuer |
6 v. Chr. jul. Bethsaida |
Gestuerwen |
30. November 60 jul. Patras |
Doudesursaach | onbekannt |
Nationalitéit | Réimescht Räich |
Geschwëster | Péitrus |
Aktivitéit |
Priedeger, Missionnaire, Fëscher |
Aner Informatiounen | |
Statut | Helleg |
Gedenkdag | 30. November |
Den Änder (och nach Andreas, André oder Andrew), gebuer am Joer 6 viru Christus zu Bethsaida um um Séi Genesareth a gestuerwen den 30. November 60 zu Patras (an der haiteger Tierkei), war am Neien Testament en Apostel vum Jesus. Ëmgangssproochlech ass hien och als Hellegen Änder / Andreas bekannt.
Hie war de Brudder vum Simon Péitrus, deen och en Apostel war.
Liewen a Legend
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Duerstellung
[änneren | Quelltext änneren]Den Änder gëtt gemenkerhand ouni Schong, mat Fësch a Seel an – zënter dem 14./15. Joerhonnert – dem X-fërmege Kräiz, dat no him genannt ass („Änderskräiz“) duergestallt.
Veréierung
[änneren | Quelltext änneren]Dem Änder säin Dag ass an der réimesch-kathoulescher, an der evangeelescher Kierch grad ewéi an den orthodoxe Kierchen déi nom julianischen Kalenner funktionéieren den 30. November. An der georgesch-orthodoxer Kierch ass et den 12. Mee.
Hien ass de Patréiner vu follgende Stied an/oder Länner:
- Russland
- Rumänien
- Schottland
- Spuenien
- Griicheland
- Sizilien
- Nidderéisträich
- Bourgogne
- Achaia (Griicheland)
- Ravenna (Italien)
- Brescia (Italien)
- Amalfi (Italien)
- Bordeaux (Frankräich)
- Bruges (Belsch)
- Äerzdiözees vu Warmia / Ermland
- Diözees vun Amalfi-Cava de' Tirreni
- Patriarchat vu Bukarest
Hien ass och de Patréiner vun:
- den orthodoxe Kierchen
- de Fëscher a Fëschhändler
- de Biergleit
- de Seelmécher
- de Metzler
- de Waasserdréier
an e gëtt ugebiet:
- fir eng Hellecht
- fir e gutt Bestietnes
- géint Giicht
- géint Halswéi
- géint Krämp a
- géint Erysipelas („Andreaskrankheet“).
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]Fir un den Änder z'erënneren, ass am Quartier Rollengergronn an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt: Val St André („Ändershiel “oder „Andreasgrënnchen“).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Änder (Apostel) – Biller, Videoen oder Audiodateien |