Landwirtschaft zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Akerbau zu Lëtzebuerg)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Lëtzebuerger Bauerewiesen

D'Entwécklung vum Lëtzebuerger Akerbau an der Véizuucht, zesummegefaasst am Begrëff: Landwirtschaft, dréit, wéi och an den anere Länner, verschidde Kennzeechen:

  • déi aktiv Bevëlkerung an der Landwirtschaft hëlt ëmmer méi of,
  • déi eenzel Produktiounsunitéite ginn ëmmer méi grouss,
  • d'Spezialisatioun vun de Betriber gëtt méi grouss,
  • d'Mechanisatioun an domat de Kapitalopwand wuessen,
  • ouni staatlech oder iwwerstaatlech Ënnerstëtzung ass d'Landwirtschaft net méi liewensfäeg.

Manner Baueren[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2010 sinn zu Lëtzebuerg 1.981 landwirtschaftlech Betriber gezielt ginn, mat 3.497 Beschäftegten. (1 % vun der Lëtzebuerger aktiver Populatioun).[1]

2004 gouf et nach 2.400 landwirtschaftlech Betriber, 1990 der ronn 3.200. Am Verglach: 1907 gouf et nach 15.000 landwirtschaftlech Produktiounsunitéiten. Dat wëll soen, datt deemools, mat de Familljememberen, nach bal 40 % vun der Landwirtschaft gelieft hunn. Charakteristesch fir de Grad vum Wirtschaftswuesstum ass domat, wéi den Colin Clark, Jean Fourastié a W.W. Rostow ënnerstrach hunn, ënner anerem d'Importenz, déi d'Landwirtschaft nach an engem Land huet. D'Landwirtschaft dréit 2010 nëmme méi zu 0,3 % zur Bildung vum Lëtzebuerger Bruttoinlandsprodukt: bei (no 2 % am Joer 1985).

Méi grouss Unitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Fir konkurrenz- a liewensfäeg ze bleiwen, hunn déi kleng Betriber hir Aktivitéiten agestallt an sinn aneren Aktivitéiten nogaangen. Besonnesch déi Jonk hunn d'Flemm kritt a sinn net méi um Baurenhaff bliwwen. D'Durchschnëttsgréisst vun den Agrarbetriber ass also gewuess:

  • Duerchschnëttlech Fläch vun de Betriber (an ha)
  • 1980:29,63
  • 1990:38,37
  • 2000:53,22
  • 2001:55,17
  • 2002:57,18
  • 2004:59,64
  • 2010:66,01

Méi wéi 50 % vun de Lëtzebuerger Betriber hunn zanter 2003 méi wéi 50 ha Land.

Méi spezialiséiert Betriber[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Zäit hunn d'Betriber sech spezialiséiert. De Bauerenhaff, dee sech mat alle Produkter selwer versuergt huet, mat Mëllech, Eer, Fleesch, an Produkter vum Feld ass verschwonnen. Ausser der Mëllechwirtschaft, nach ëmmer déi Haaptaktivitéit vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft, hunn eng Partie Betriber sech ausschliisslech op d'Véizuucht, op Feldprodukter, Uebstbau oder d'Eeërproduktioun spezialiséiert.

Investitioune wuessen[änneren | Quelltext änneren]

Maschinnen, ëmmer méi grouss a méi deier

Eng konkurrenzfäeg Produktioun war nëmme durch eng méi intensiv Mécanisatioun méiglech. D'Regierung, de Landwirtschaftsministère a seng Verwaltungen, wéi z. B. d'Administration des Services agricoles oder d'Europäesch Kommissioun hu si dobäi mat Rot a finanzielle Mëttel tatkräfteg ënnerstëtzt, besonnesch beim Opstelle vu sougenannten Entwécklungspläng fir d'Bauerebetriber. Fir eng besser a méi rationell Ausnotzung vun de Kapitalinvestitiounen an der Landwirtschaft sécherzestellen, gouf d'Schafe vu Maschinneréng ënnerstëtzt. Si bezwecken d'gemeinsam Benotze vu Landwirtschaftsmaschinnen.

Ouni Subventioune geet et net[änneren | Quelltext änneren]

An alle Länner hunn d'Landwirtschaften, ier d'EWG 1958 a Kraaft trout, vun nationale Subventiounen profitéiert, meeschtens vun Direktsubventiounen. Déi ware vun do un net méi erlaabt, wëll d'EWG war op de Prinzip opgebaut, datt all national Mossnamen, déi wettbewerbsverfälschend wierken, verbuede sinn. D'Ënnerstëtzungsaufgabe goufen dofir op d'Communautéit iwwerdroen; entweder op Grond vun Direktsubventiounen oder op Grond vu Festsetze vu Mindestpräisser, verbonne mam Schafe vun engem Ausgläichsystem beim Export oder Import vun europäeschen Agrarprodukter no oder vun Drëttlänner. A anere Wierder d'Präisser vu villen Agrarprodukter si vun den Präisser um Weltmaart ofgekoppelt ginn. Dest ass vun Drëttlänner wéi d'USA ëmmer erëm kritiséiert ginn. Dësem System gouf a gëtt virgeworf, et géif zu enger Iwwerproduktioun féieren. Bei der Mëllech ass dat och agetratt, an 1984 huet d'Communautéit e Quotesystem fir d'Mëllechproduktioun missen aféieren. A kuerze Wierder: D'Landwirtschaftspolitik ass duerch eng sougenannt Gemeisam Agrarpolitik kommunautariséiert ginn. Hire finanziellen Opwand ass héich a si ass déi eenzeg sougenannt Gemeinsam Politik an der Europäescher Communautéit bliwwen.

2010 goufen zu Lëtzebuerg 34,5 Mio Euro u Betriebsprimen ausbezuelt, 15,6 Mio fir den Ausglach fir benodeelegt Gebidder, 10,9 Mio Euro Primë fir d'Landschaft ze fleegen, 2,6 Mio fir Agrar Ëmweltmesuren, 1,3 Mio fir d'Erhale vun der Biodiverstiéit an 0,6 Mio Euro Direkthëllefe fir Mëllechproduzenten;[2] am Ganzen deemno 65,5 Mio Euro.

Encadrement a Beruffsvertriedung[änneren | Quelltext änneren]

D'Landwirtschaft profitéiert, wéi iwwerall, vum engem staarken Encadrement:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Carlo Hemmer:L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Les conditions sociales - La production primaire, Editions Joseph Beffort, Luxembourg, 1947
  • Paul Weber: Histoire de l'Economie luxembourgeoise, Imprimerie de la Cour Victor Buck, Luxembourg, 1950,430 p.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Landwirtschaft zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Michèle Sinner "Wohl bekomm's." D'Lëtzebuerger Land N3 "", 3. Juni 2011, S.12-13.
  2. Rechenschaftsbericht, Landwirtschaftsministère; no Sinner 2011.