Antoine Hirsch

Vu Wikipedia
Versioun vum 13:55, 6. Abr. 2021 vum Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎Liewen: .., replaced: Ecole → École using AWB).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Antoine Hirsch
Gebuer 22. Mäerz 1868
Eech
Gestuerwen 11. August 1934
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt
Member vun Cercle artistique de Luxembourg


Den Antoine Hirsch oder Anton Hirsch, gebuer den 22. Mäerz 1868 zu Eech, a gestuerwen den 11. August 1934[1] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur, Architekt, Auteur, Moler an Direkter vun der Handwierkerschoul.

Liewen

Den Antoine Hirsch huet säin Ingenieursstudium zu Léck gemaach an zu Oochen Architektur studéiert.

No sengem Studium huet hie sech als Ingenieur-Architekt zu Augsburg etabléiert.

Hie koum duerno bei d'Firma Maus op Frankfurt am Main wou hien als Ingenieur geschafft huet. Méi spéit gouf hien zu Budapest Direkter bei enger Filial vun der Frankfurter Maschinnefabrik Riedlinger.

1897 krut hien eng Nominatioun als Direkter vun der École d'artisans de l'Etat an der Stad Lëtzebuerg[2].

Vun 1901 bis 1904 war hie President vum Cercle artistique de Luxembourg.

Fir un den Antoine Hirsch z'erënneren, koum de 15. Mee 2018 vun der Lëtzebuerger Post en Timber vun 0,70 € eraus[3], an de Stater Gemengerot huet den 23. Dezember 2015 decidéiert, eng nei Strooss um Lampertsbierg no him ze nennen[4]

Gielercher

Bibliographie (Auswiel)

  • Irwein. Ein dramatisches Gedicht in drei Aufzügen. Dresden. 1906
  • Bau- und Wohnprobleme der Gegenwart. Drock vum M. Huss. 1914. 93 Säiten.
  • Le Grand-Duché de Luxembourg à l'Expostion Internationale des Atrs décoratifs à Paris 1925 (zesumme mam Paul Wurth), Lëtzebuerg, 1925

Literatur

Referenzen

  1. Annonce vum Doud vum Antoine Hirsch am Tageblatt vum 13. August 1934 op eluxemburgesnia.lu
  2. Arrêté grand-ducal du 15 octobre 1897, publizéiert am Mémorial Nr 53 vum 16. Oktober 1897, S. 781
  3. Neuheiten in der Maximaphilie aus Luxemburg am Luxemburger Wort vum 2. Juli 2018, S. 51
  4. op archives-vdl.findbuch.net.
  5. Memorial A N° 4 vun 1929 mat der Lëscht vun de Leit déi 1929 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen