sportspress.lu

Vu Wikipedia
Organization template.gif Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

sportspress.lu ass d'Lëtzebuerger Vereenegung vun de Sportsjournalisten.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

D'Vereenegung sportspress.lu ass am Dezember 1929 ënner dem Numm Association Luxembourgeoise des Journalistes Sportifs, ofgekierzt A.L.J.S., gegrënnt ginn. Den éischte Comité huet sech zesummegesat aus dem Léopold Goebel als President, dem Jacques Dieschbourg als Vizepresident, dem Pierre Kellner als Sekretär an dem Alphonse Braun als Caissier.

Weider Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

D'Association Luxembourgeoise des Journalistes Sportifs ass 1975 an Association Luxembourgeoise de la Presse Sportive (ALPS) ëmbenannt ginn.

De 4. Oktober 2007, op der ausseruerdentlecher Generalversammung vun der ALPS, hunn d'Memberen eestëmmeg decidéiert fir den Numm vun hirer Vereenegung vun "Association Luxembourgeoise de la Presse Sportive" a "sportspress.lu" ëmzeänneren.

Des Associatioun organiséiert all Joer am Dezember de Gala vun der Sportspress, bei deem d'Trophéen un de beschte Sportler, déi bescht Sportlerin an déi bescht Ekipp vum Joer iwwerreecht ginn. Belount ginn donieft och déi bescht jugendlech Sportler a verdéngschtvoll Perséinlechkeeten aus dem Sport.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuergesch Sportler vum Joer.

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

Affiliatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Livre d'Or ALJS/ALPS 1929-2004, Association Luxembourgeoise de la Presse Sportive, Lëtzebuerg
  • Gretsch, Lucien: Pionierzeiten des Sportjournalismus in Luxemburg, in: ons stad, Nr 83, 2006, S. 80-85, Link

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]