Astronomescht Recheninstitut

Vu Wikipedia
Astronomescht Recheninstitut
Typ Astronomeschen Observatoire
Land Däitschland
Uertschaft Heidelberg
Gegrënnt 1700
Um Spaweck http://www.ari.uni-heidelberg.de/

D'Astronomescht Rechen-Institut (ARI) ass zanter dem 1. Januar 2005 Deelinstitut vum Zentrum fir Astronomie vun der Universitéit Heidelberg (ZAH) a war virdrun e Fuerschungsinstitut fir Astrometrie a Stellardynamik vum Bundesland Baden-Württemberg.

Gläichzäiteg ass et déi international wichtegst Institutioun fir astronomesch Déngstleeschtungen an d'Berechnung vun astronomeschen Daten (Ephemeride vu Stären, Kierper aus eisem Sonnesystem, Joerbicher an astronomescht Fundamentalsystem).

D'ARI huet zanter 1945 säi Sëtz zu Heidelberg a konnt am Mee 2000 seng 300 Joer feieren. D'ARI geet zeréck op déi am Joer 1700 zu Berlin gegrënnte Kurfürstlich-Brandenburgische Societät der Wissenschaften, wou de Gottfried Kirch den éischten Astronom war. Am Joer 1945 gouf d'ARI duerch säin 18. Direkter, de Professer August Kopff, vu Berlin-Dahlem op Heidelberg verluecht. D'Institut gëtt oder huet ënner anerem dës Publikatiounen erausginn:

Doriwwer eraus schafft eng Rei vun Heidelberger Wëssenschaftler u Fuerschungsprojete vun der Astrometrie an anere Gebidder vun der Astronomie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]