Babenberger

Vu Wikipedia

D'Babenberger stamen ursprénglech vu Bamberg a Franken, wat elo en Deel vu Bayern ass. Si ware vun 976 bis 1246 - virum Opstig vum Haus Habsburg - als Markgrofen an Herzogen an Éisträich un der Muecht.

Den Numm Babenberger souwéi d'Ofleedung vu Franke staamt vum Geschichtsschreiwer Otto vu Freising, dee selwer e Member vun dëser Famill war. All Bäinimm vun de Babenberger ginn op de Ladislaus Sunthaym zeréck, dee si a senger Genealogie vun de Babenberger géint Enn vum 15. Joerhonnert erfonnt oder zougeuerdent huet. Kee vun de Babenberger hat säi Bäinumm schonn zu Liefzäiten.

D'fränkesch Babenberger[änneren | Quelltext änneren]

Den eelste bekannte Virgänger vun de Babenberger war de Poppo, nom d'Geschlecht och Poppone genannt gëtt. De Poppo war am fréien 9. Joerhonnert Grof vu Grabfeld, wat an der Géigend vum haitegen Hessen an Thüringen läit. Ee vu senge Bouwen, den Heinrich, de princeps militiae vum Ludwigs dem Jonken, an, géint Enn vu sengem Liewen, ënner dem Karel dem Décken, marchio francorum (Markgrof vun de Franken) an dux Austrasiorum (Herzog vun den Austrasier), ass 886 an enger Schluecht géint d'Normanne gefall. En anere Jong, de Poppo II., Markgrof vun Thüringen vun 880 bis 892, krut vum ostfränkesche Karolenger Kinnek Arnulf vu Kärnten säin Amt ewechgeholl. D'Famill gouf vum Keeser Karel den Décken bevirzugt. Den Arnulf huet awer dës Leitlinn verännert, an de Konradiner de Virzug ginn, déi mat senger Fra Oda famill waren.

D'Rivalitéit tëscht den zwéi fränkesche Grofegeschlechter vun de Konradiner a Babenberger gouf vun hire Beméiunge verstäerkt, hir jeeweileg Autoritéit am mëttlere Maingebitt ze verstäerken. Dëse Sträit, bekannt als Babenberger Fehde, huet hiren Héichpunkt um Ufank vum 10. Joerhonnert wärend der onroueger Regierungszäit vum Ostfrankekinnek Ludwig IV. (Ludwig d'Kand) erreecht. Leader vun de Babenberger waren déi dräi Bouwe vum Herzog Heinrich - Adalbert, Adalhard an Heinrich - déi sech no hirer Buerg Babenberg um Uewermain benannt hunn, well do hir Territoire louchen.

Konrad I.

Wéi d'Babenberger am Joer 902 Deeler vum Gebitt vum Bistum Würzburg an hiren Herrschaftsberäich erageholl hunn, huet hinnen de Kinnek Ludwig IV. am Géigenzug een Deel aner Lännereien ewechgeholl, a si dem Bëschof Rudolf vu Würzburg, engem Konradiner, ginn. Dëst huet zu engem jorelaange Sträit tëscht den zwéi Grofegeschlechter gefouert. Fir d'éischt huet de Grof Adalbert de Bëschof Rudolf aus Würzburg verdriwwen, wouropshin dem Bëschof seng Bridder Konrad, Gebehard und Eberhard zu Hëllef koumen, an de Sträit sech bis an Hessen ausgebreet huet. 906 schliisslech, bei engem Iwwerfall vun de Babenberger op d'Konradiner bei Fritzlar, si souwuel de Konrad den Eeleren wéi och den Heinrich vu Babenberg am Kampf gefall. Den Adalhard gouf doropshi vum Gebehard als Bluttrache fir den Doud vu sengem Brudder Eberhard ëmbruecht.

Den eenzege Babenberger Brudder deen iwwerlieft hat, den Adalbert, gouf vum Kanzler a Régent Hatto I., Äerzbëschof vu Mainz, engem Fërderer vun de Konradiner, un de kinneklechen Haff geruff. Hie wollt net dohi goen, a konnt fir eng Zäit seng Buerg Theres (haut Obertheres bei Hassfurt) géint d'kinneklech Arméi halen, huet sech awer 906 erginn, a gouf, trotz dem Hatto sengem Verspriechen datt e fräi kéint passéieren, verurteelt a gekäppt. De Konrad de Jonke gouf Herzog vu Franken ouni datt een him dës Muecht streideg gemaach hätt (an am Joer 911 als Konrad I. Kinnek vum ostfränkesche Räich), wärend d'Babenberger all hire Besëtz an hir Ämter a Franke verluer hunn. Bamberg gouf Kinneksland, bis et 973 u Bayern ugeschloss gouf.

Dem Adalbert säi Jong Heinrich vu Babenberg huet d'Fehd iwwerlieft a gouf Stammpapp vun de Schweinfurter Grofen an der jonker Babenberger Linn.

D'éisträichesch Babenberger[änneren | Quelltext änneren]

Stammbaam vun de Babenberger

Den Zesummenhang vun den éisträicheschen a fränkesche Babenberger gouf zanter dem Mëttelalter ëmmer nees behaapt, mä ni wierklech opgekläert. Well d'éisträichesch Babenberger awer aus dem bayereschen Héichadel stamen, läit eng Verwandtschaft no.

976 gouf de Liutpold, Grof vum Donaugau als Grof vun der Mark Marchia Orientalis ernannt, e Gebitt vu knapps 100 km Breed op der Ostgrenz vu Bayern, aus deem sech d'Herzogtum Éisträich entwéckelt huet. De Luitpold, deen d'Mark warscheinlech als Belounung vum Keeser Otto II. krut, well hien him wärend dem bayereschen Opstand 976 trei bliwwe war, huet säin Herrschaftsberäich op Käschte vun Ungarn weider ausgedeent, a gouf 994 vu sengem Jong Heinrich I. bëierft. Nom Heinrich, deen d'Politik vu sengem Papp weidergefouert huet, koum 1018 säi Brudder Adalbert an 1055 säin Neveu Ernst un d'Muecht, dee vun de Keeseren Heinrich II. an Heinrich III. belount gouf, well hie bemierkenswäert trei war. Ënner dem Adalbert goufe Leitha, March an Thaya als Grenzflëss etabléiert.

Den Nofollger a Markgrof Leopold II. huet zwar am Investitursträit geschwant, mä huet sech awer schlussendlech ënner dem Afloss vum Bëschof Altmann vu Passau op d'Säit vum Poopst gestallt. Dem Heinrich IV. war et allerdéngs trotz der Néierlag vum Leopold bei Mailberg 1082 onméiglech, hien aus der Mark ze verdreiwen, oder d'Nofolleg duerch säi Jong Leopold III. am Joer 1096 ze verhënneren. Am Sträit tëscht dem Heinrich IV. a sengem Jong Heinrich V. huet sech de Leopold III. op d'Säit vum Jong gestallt, mä gouf awer op d'Säit vum Keeser gezunn an huet 1106 dësem seng Duechter Agnes, Wittfra vum Herzog Friedrich I. vu Schwabe bestuet. 1125 huet hien d'Keeserkroun net ugeholl. Säin Äifer bei der Grënnung vu Kléischter (virun allem Klosterneuburg) huet him de Bäinumm "de Frommen" abruecht, an hie gouf 1485 vum Poopst Innozenz VIII. helleggesprach. Hie gëllt als Landespatréiner vun Nidderéisträich.

De fënnefte Jong vum Leopold war den Otto, Bëschof vu Freising. Säin eelste Jong, de Leopold IV. gouf 1136 Markgrof an 1139 krut hie vum Kinnek Konrad III. d'Herzogtum Bayern, wat dem Heinrich dem Houfregen entzu gi war. Dem Leopold säi Brudder Heinrich (säi Spëtznumm "Jasomirgott" soll dohier kommen, datt den Heinrich bei all sengen Entscheedungen de Saz "Ja so mir Gott helfe..." soll gesot hunn) gouf 1140 Pfalzgrof um Rhäin an nom Doud vum Leopold am Joer 1141 Markgrof vun Éisträich. No sengem Bestietnes mat der Gertrude, der Wittfra vum Heinrich dem Houfrege gouf hien 1143 mat dem Herzogtum Bayern belehnt an ass vu sengem Amt als Pfalzgrof zeréckgetrueden. 1147 huet hie beim Kräizzuch matgemaach, a wéi hien heemkomm ass, huet hien op Bayern verzicht. Als Ersatz dofir krut hien Éisträich, deem seng Haaptstad 1146 op Wien verluecht gi war, a wat zu engem Herzogtum erhuewe gouf (Privilegium Minus 1156).

Den zweeten Herzog war dem Heinrich säi Jong Leopold V., deen 1177 no him koum, a bei de Kräizzich vun 1182 an 1190 dobäi war. A Palestina krut hie sech mam Kinnek Richard Lionheart an d'Hoer; hien huet de Richard um Wee fir heem gefaange geholl, an huet hien dem Keeser Heirich V. iwwerginn. De Leopold huet d'Territoire vun de Babenberger vergréissert, duerch en Ierfkontrakt, déi sougenannt Georgenberger Handfeste, deen hie mat dem Ottokar IV. de 17. August 1186 um Georgenberg zu Enns gemaach hat. Hien ass 1194 gestuerwen; Éisträich goung u säi Jong Friedrich an d'Steiermark u säin anere Jong Leopold. Nom Doud vum Friedrich 1198 goufe si vum Leopold VI. "dem Glorräichen" nees vereenegt.

Den neien Herzog huet a Spuenien, Egypten a Palestina géint d'Moslems gekämpft, ass awer haut éischter als Gesetzgeber, Fërderer vun der Literatur a Stadgrënner bekannt. Ënner him gouf Wien en Zentrum vun der Kultur an Däitschland a vun der grousser Schoul vun de Minnesänger. Seng méi spéit Joren huet hien am Sträit mat sengem Jong Friedrich verbruecht. Hien ass 1230 zu San Germano gestuerwen, wou hien higaange war, fir tëscht dem Keeser Friedrich II. an dem Poopst Gregor IX. Fridden ze stëften.

Säi Jong Friedrich II. gouf säin Nofollger als Herzog a krut de Bäinumm "de Sträitbaren" duerch seng andauernd Kämpf mat de Kinneke vun Ungarn a Béimen souwéi mam Keeser. Hien huet senger Mamm a senger Schwëster hir Besëtzer geholl, war bei senge Sujete wéinst senger Ënnerdréckungspolitik verhaasst, an 1236 koum hien ënner Reichsacht a gouf aus Éisträich verdriwwen. No der Exkommunikatioun vum Keeser huet hien ouni Erfolleg mam Keeser Friedrich II. vun Hohenstaufen fir d'Erhiewung vun Éisträich zu engem Kinnekräich verhandelt. Hien ass 1246 um Schluechtfeld ëm d'Liewe komm, an domat waren d'Babenberger an der männlecher Linn ausgestuerwen.

Dësen Text baséiert op engem Artikel vun der Encyclopedia Britannica 1911

Genealogie vun de fränkesche Babenberger[änneren | Quelltext änneren]

  1. Heim(e)rich (Heimo), † 5. Mee 795 bei Lüne op der Elbe, 764 Matstëfter vum Klouschter Lorsch, ëm 771/785 Grof an der Wetterau, 772/782 Grof am Uewerrhäingau, 777 Grof am Saalgau, 778 Grof am Lahngau, 784 Abt vu MosbachVirfahre kuckt Robertiner
    1. Ruadbert (Robert), † wuel 805, Grof 780/781
      1. Cancor, Grof 812
      2. Ruadbert (Robert), 817 Grof am Saalgau, Uewerrhäingau a Wormsgau
    2. Heimerich (Heinrich), Grof 750/802-812; ∞ Hadaburg
      1. Poppo (I.), 819/839 Grof am Saalgau
        1. Heinrich, 860 bezien, † 28. August 886 viru Paräis, 866 princeps militiae, Markgrof (marchio) vun de Franken, Dux Austrasiorum, begruewen zu St. Médard zu Soissons
          1. Adalbert, higeriicht 9. Juni 906, Grof 888
          2. Adalhard, higeriicht 902, Grof 888
          3. Heinrich, † 902/903, Grof 888
            1. ? Heinrich, wuel Jong vum Adalbert, Adalhard oder Heinrich, † wuel 935, Grof 912/934 – Den Heinrich war wuel de Papp vum Heinrich vun Tréier, Poppo vu Würzburg an dem Grof Bertold; sécher ass awer nëmmen, datt den Heinrich an de Poppo Bridder waren
              1. ? Heinrich I., † 3. Juli 964 zu Roum, 956 Äerzbëschof vun Tréier
              2. ? Poppo I., † 14./15. Februar 961, 931-940 kinnekleche Kanzler, 941-961 Bëschof vu Würzburg
              3. ? Berthold, † 15. Januar 980, 941 Grof, 960 Grof am Radenzgau, 961 Grof op der ënneschter Naab, 973 Grof am Volkfeld, 976 Markgrof, 980 Grof am ëstleche Franken; ∞ 942/943 Eiliswintha (Eila) vu Walbeck, † 19. August 1015, Duechter vum Grof Lothar II., Grënnerin vum Klouschter SchweinfurtNofollger kuckt Schweinfurt (Adelsgeschlecht)
          4. Hadui(ch), † 24. Dezember 903; ∞ ëm 869/870 Otto I. vu Sachsen, Herzog vu Sachsen, † 30. November 912 (Liudolfinger)
        2. Poppo (II.), 878/880-906 bezien, Markgrof (marchio), dux, 892 Markgrof vun der Sorbenmark, 903 Markgrof am bayereschen Nordgau, 906 Grof am Volkfeld
          1. Adalbert, 898/915 Grof am Grabfeld
          2. Poppo (III.), † 945, Grof am Grabfeld an Tullifeld
            1. ? Poppo (IV.), Grof 951/956
            2. ? Otto (I.), Grof 951/955-982
              1. Otto (II.), Grof 999/1008
                1. Poppo (V.), 1006-1014/18 Abt vu Lorsch a Fulda
                2. Otto (III.), Grof 1031/49
                  1. Poppo I., † 7. August 1078 an der Schluecht vu Mellrichstadt, Grof vun Henneberg wuel 1037, 1049, 1057; ∞ Hildegard vun Thüringen, Duechter vum Landgrof Ludwig mam Baart, bestuet an 2. Bestietnes mam Thimo vun Nordeck (Ludowinger)
                  2. Godebold, † nonach 1100, 1057 Buerggrof vu Würzburg
                    1. Godebold II, † 1144, Buerggrof vu Würzburg
                      1. Poppo II., † 9. Mee/18. Juni 1155/1156, Grof vun Henneberg, 1132 Vogt vum Klouschter Lorsch; ∞ Irmgard vu Stade, Duechter vum Grof Lothar Udo, Markgrof vun der Nordmark (Udonen)
                      2. Gebhard, † 17. Mäerz 1159, 1122/27 Elekt, 1150 Bëschof vu Würzburg,
                      3. Günther, † 1161, 1146 Bëschof vu Speyer
                      4. Berthold, † 1157, Buerggrof vu WürzburgNokomme sinn d'Grofe vun Henneberg
                3. Gerberga; ∞ Heinrich vu Schweinfurt, † 18. September 1017, Grof am bayereschen Nordgau (Schweinfurt (Adelsgeschlecht))
          3. ? Duechter; ∞ Grof Wilhelm, wuel Wilhelm I. Grof vu Weimar-Orlamünde
      2. Heimerich, † 836, Grof
        1. ? Ratolf, wuel 838 Grof am Grabfeld, 874 Grof (Dux) vun der Sorbenmark

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Detlev Schwennicke, Europäische Stammtafeln, III.1, T. 54, 1984

dora benotzt:

  • Wolfgang Metz, Babenberger und Rupertiner in Ostfranken, in: Jahrbuch für fränkische Landesforschung 18, 1958
  • Ferdinand Geldner, Neue Beiträge zur Geschichte der älteren Babenberger, Bamberg 1971
  • Alfred Friese, Studien zur Herrschaftsgeschichte der fränkischen Adels, Stuttgart 1979 (Geschichte und Gesellschaft, Bochumer historische Studien 18)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: House of Babenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien