Benotzer:MooF

Vu Wikipedia
Logo
MooF Live an der Rockhal Esch Belval
MooF am Joer 2012

Moof (genannt no der Faarf mauve), ass eng lëtzebuergesch Rockband, déi 1992 gegrënnt gouf an aus 6 Membere besteet.

Hire Stil geet vu Rock bis Hardrock, vun hinne selwer als Moof-Rock bezeechent. Zënter 1994 sinn hir Texter op Lëtzebuergesch. Thematiséiert ginn doranner Gewalt, Rassismus, Drogen oder Fräiheet.

1999, 2002, an 2012 ass d'Grupp beim Rock um Knuedler opgetrueden,an 2010 fir Rock um Knuedler 20th anniversary am Atelier.

Den 3. Mäerz 2012 war an der Escher Kulturfabrik als Feier vun den 20 Joer vum Grupp e Concert zesumme mat Serge Tonnar & Legotrip, Tëschegas a Gang.

Bandmemberen[änneren | Quelltext änneren]

  • Alex Heyar - Gesang
  • Bernard Beck - Gittar
  • Paul Pintsch - Gittar
  • Romain Reuter - Keyboards
  • Carlo Remiche - Bass
  • Pascal Simon - Batterie
  • Fréiere Member: Marc Reuter

Discografie (Albumen)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1993, Demo
  • 1994, fonkelnei
  • 1996, Ouni Garantie
  • 1998, 't deet esou wéi
  • 2001, Ech sin einfach gutt
  • 2009, Béise Jong
  • 2012, 20 Joër

Compilatiounen (Albumen)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1997, 5 Joer Eldoradio top - Moof T'as ze spéit
  • 2000, RTL Planet Letzebuerg - Moof Fëscher an Jeër
  • 2001, a little bit of history - Moof Tätowéiert
  • 2001, the next generation - Moof Alcohol am Blutt
  • 2001, Cool Feet and Frends Merry Xmas Everybody - Alex H.vun Moof
  • 2006, Merryluxmas - Moof All Joer ëm dei selwecht Zäit
  • 2010, Panet Lëtzebuerg Reloaded - Firwat vun Moof no gespillt vum Serge Tonnar
  • 2011, D'Kees OP AN d'Klacken ERAUS - Halwer Zing de moien vun Nazz Nazz (Thierry van Werveke) gesongen vum Alex H, an de Läb - Firwat vun Moof gesongen vum Alex H. an Sascha Ley

Discografie (Video)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Luke Haas : Lëtzebuerger Rocklexikon II (1987-1994), 1995, Éditions Revue, ISBN 2-919999-03-6
  • D' Stad Lëtzebuerg (Autor)Georges Hausemer,Rob Kieffer, ISBN 2-919999-03-6
  • Moof huet dat Lidd Äiskal (CD Ech sinn einfach gutt) fir déi 3e Nuit du Film Fantastique komponéiert an Live am Utopolice gespillt

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

  • 1996, Best Pop/Rock 1996 vum Eldoradio an der Revue (Zäitschrëft)
  • 1998, Best Live-Band 1998 vun der Zeitschreft "DIP"
  • 1998, Best CD 1998 vun der Zeitschreft "DIP

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]