Benotzer Diskussioun:195.46.241.227

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP-Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP-Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir irrelevant Kommentare krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat anonymme Benotzer ze verhënneren.
Nei Messagen op dëser Diskussiounssäit stinn ënner dem Begréissungstext.
Moie Benotzer mat der IP-Adress 195.46.241.227,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.
Är Kontributioune gi mat Ärer IP-Adress gespäichert. Sech Umellen huet eng Rëtsch Virdeeler, dorënner d'Méiglechkeet, Biller eropzelueden. Dir hutt no véier Deeg dann och d'Méiglechkeet, semiprotegéiert Säiten z'änneren.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Wikipedia ass KENG Genealogie-Plattform. Dofir gouf däin Edit geläscht. Froen un aner Wikipedia-Benotzer kënne nëmmen op der Säit Wikipedia:Ech hunn eng Fro gestallt ginn. Eng Garantie fir eng Äntwert gëtt et awer net. --Pecalux (Diskussioun) 12:52, 5. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, Ären Diskussiounsbäitrag Wikipedia Diskussioun:Benotzernumm Richtlinn schéngt mer e bëssen "an der Loft" ze hänken (en huet näischt mat der Säit "Wikipedia:Benotzernumm Richtlinn" ze dinn, a riskéiert dofir, kaum gelies ze ginn. Diskussioune bréngen am meeschten, wann se ee konkrete Punkt an enger Kéier bekandelen, an zwar idealerweis op der Diskussiounssäit vum Artikel zum Thema. Dacks ass et wënschenswäert, amplaz hinzeschreiwen, wat feelt, selwer ze probéieren, dat wat ee weess (mat Quell) am Artikel anzebauen. Ech weesss och net op wat fier Animositéiten Dir Iech bezitt; hei ass jidderee wëllkomm, deen inhaltlech, an no den allgemenge Reegelen déi mer hunn, bäidroe wëll. Fir allgemeng Froen ass de Staminee do.

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 17:29, 5. Feb. 2018 (UTC)[äntweren]

Den Artikel François Guizot, deen dir op d'Wikipedia gesat hutt, huet nach keng Kategorie.
Denkt wgl. dru fir an der Rei iwwer de Kategorien {{DEFAULTSORT:Numm}} anzesetzen. Mat Numm ass de Lemma vum Artikel gemengt. Wann de Lemma nëmmen aus engem Wuert besteet an deem keng Ëmlauter sinn brauch den DEFAULTSORT net agesat ze ginn. Bei Persounennimm gëtt de Familljennumm als éischte geschriwwen, an ouni Ëmlauter. Beispill: Müller gëtt Muller geschriwwen.

Dat hëlleft fir den Artikel automatesch ze sënneren an ass wichteg wa Schabloune mat agebonnene Kategorien am Artikel stinn.
Wann dir Hëllef braucht sot wgl. engem Administrateur op senger Diskussiounssäit Bescheed.

Déi Topegkeet déi Dir op der Schabloun Referenzen an Notte gemaach hutt gouf zréckgesat. Ënnerloosst w.e.g an Zukunkf sou Tricken déi nëmmen anere Leit Aarbecht maachen. --91.177.160.36 16:01, 2. Jul. 2018 (UTC)[äntweren]

Haalt wgl. op, falsch Linken an d'Säiten ze schreiwen oder aner topeg Aktiounen ze maachen. Dat gëtt als Vandalismus ugesinn an Dir riskéiert gespaart ze ginn. Dir krut dëse Message wéinst engem falsche Link am Artikel Jean-Louis Gilson bei deem ee muss dervun ausgoen datt deen express falsch gesat gouf.

Haalt w.e.g. op, Nofroen no Quellen aus den Artikelen erauszehuelen. Dat gëtt als Vandalismus ugesinn an Dir riskéiert gespaart ze ginn. Wann Dir eng fiabel Quell hutt, kënnt dir déi als Referenz asetzen. Wéi dat gemaach gëtt kënnt dir op der Säit Hëllef:Referenzen nokucken. --Les Meloures (Diskussioun) 08:10, 21. Mäe. 2019 (UTC)[äntweren]

Châteauneuf[Quelltext änneren]

Dir hutt eng soit-disant Homonyniessäit mat deem Numm ugeluecht an där een näischt gewuer gëtt. Wat hat dir Iech do virgestallt? --~~


Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.

Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.