Benotzer Diskussioun:195.46.241.229

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
>>> NEI MESSAGË STINN ËNNENDRËNNER <<<
Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP-Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP-Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir irrelevant Kommentare krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat anonymme Benotzer ze verhënneren.
Nei Messagen op dëser Diskussiounssäit stinn ënner dem Begréissungstext.
Moie Benotzer mat der IP-Adress 195.46.241.229,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.
Är Kontributioune gi mat Ärer IP-Adress gespäichert. Sech Umellen huet eng Rëtsch Virdeeler, dorënner d'Méiglechkeet, Biller eropzelueden. Dir hutt no véier Deeg dann och d'Méiglechkeet, semiprotegéiert Säiten z'änneren.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Moien,

a merci fir Är Ergänzungen am Artikel Gaston Reinesch. Well Dir do e Bescheed ze wësse schéngt: Behällt den Här Reinesch déi verschidde Posten (oder just eenzelener dovunner) nodeems e President vun der BCL ass? Soss misst een dat am Artikel nämlech preziséieren ("Bis Enn 2012 war hien..." / "Hien ass weiderhin..." oder esou).

Merci am viraus,

bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 14:17, 17. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]

Am leschten Satz stinn di Posten wou hien behellt, dozou nach deen vun der Uni.

Moien,

ech hunn nëmmen Adminsrechter op der lb:Wikipedia, net op der däitschsproocheger (oder soss enger). Ech kann dofir näischt do läschen. Fir eng Säit kënnen ze läschen, muss een eng Demande dofir maachen an uginn, firwat. Hei ass déi entspriechend Säit op de:Wiki:

http://de.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Löschkandidaten

Mee amplaz ze läschen, wier et vläit besser, de Artikel op der de:Wiki ëmzeschreiwen/z'aktualiséieren?

Bescht Gréiss

--Zinneke (Diskussioun) 10:48, 19. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]


Gudde Moien,

Ech hu festgestallt, datt dir Diskussiounen op anere Benotzer hiren Diskussiounssäite geläscht hutt. Dir hutt dozou kee Recht, an esou eng Aktioun gëtt als Vandalismus betruecht. Wann dat nach en Kéier virkënnt muss Är Adress gespaart ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:01, 19. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]


Vu wéini bis wéini war de Raymond Kirsch‎ Regierungscommissaire bei der Bourse? War dat virun oder no senger Zäit do als Administrateur, Vize-President a President? --Otets 12:43, 20. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]

1979-1985
Merci, ech hunn alles zum Thema Bourse elo an ee Saz beinenee gesat. --Otets ♣ 14:46, 20. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]


Moien,

Wat ass schlecht um Link Miami University? --Les Meloures (Diskussioun) 09:45, 22. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]


Remoien,
Äntwert op op dëser Säit
--Les Meloures (Diskussioun) 11:05, 22. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]


Diskussiounssäiten[Quelltext änneren]

Ech hat Iech dat hei virun e puer Deeg geschriwwen:

Gudde Moien,

Ech hu festgestallt, datt dir Diskussiounen op anere Benotzer hiren Diskussiounssäite geläscht hutt. Dir hutt dozou kee Recht, an esou eng Aktioun gëtt als Vandalismus betruecht. Wann dat nach en Kéier virkënnt muss Är Adress gespaart ginn.

Dir schéngt dat net wëllen ze bekäppen. Är Ännerung gouf dofir mol einfach zréckgesat fir déi Kéier.

Wat den Titel vu La Luxembourgeoise S.A. ugeet, gesinn ech perséinlech keng Ursaach fir en z'änneren. Wann Dir e Problem dermat hutt kënnt dir dat gären um Staminee mat den néidegen Argumenter zum Ausdrock bréngen, fir d'Communautéit an d'Bild ze setzen. Eng Propose fir den neien Numm wier dann och net schlecht --Les Meloures (Diskussioun) 09:00, 23. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, gëtt et en bestëmmt Ursaach firwat datt d'Schabloun fir aner Bedeitungen aus dem Artikel Stand erausgeholl gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 19:10, 28. Mäe. 2018 (UTC)[äntweren]

fir d'Drëtt[Quelltext änneren]

Dir hutt alt nees eng Diskussiounssäit eidel gemaach, obschonn Dir schonn zweemol gesot krut, datt dat net soll gemaach ginn. Wann dat nach eng Kéier geschitt musst dir Iech bewosst sinn datt Dir eng länger Zäit gespaart gitt. --Les Meloures (Diskussioun) 09:03, 16. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]


Erik Satie[Quelltext änneren]

Wann den Éric-Alfred-Leslie Satie, ënner dem Numm Erik Satie bekannt ass de brauch een en dorun näischt änneren ze goen.

Et ass och gutt wann een eppes ännert, fir duerno ze kucke wéi dat ausgesäit. Wann Dir dat gemaach hätt da wier Iech och opgefall datt d'Bild net méi ugewise gouf well Dir mat Ärer topeger Ännerung den Numm vum Fichier geännert hat.

--91.176.26.136 16:49, 9. Sep. 2018 (UTC)[äntweren]

Moien, Dir hutt e Schantgensschëld an deen Artikel gesat. Well schonn e Strapp näischt méi nokoum, an Der ugefaangen hutt, en aneren Artikel auszebauen, wollt ech froen, ob Der nach dru schafft? Soss huelt 'En Cours' vläit eraus, da kann ech eng Kéier driwwer liesen. Merci. --Zinneke (Diskussioun) 09:49, 19. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

Couve de Murville[Quelltext änneren]

Är Ännerunge goufen zréckgesat well Dir no der zigter Kéier wou Dir gesot krut wéi Referenze sollen agesat ginn nach ëmmer net korrekt wëllt maachen. Da gëtt als Expressegkeet ugesinn an direkt zréckgesat. --Les Meloures (Diskussioun) 12:50, 18. Abr. 2019 (UTC)[äntweren]


Firwat goufen Informatiounen aus den Artikel Godefroi Kurth geholl? --Les Meloures (Diskussioun) 18:32, 15. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]

Et goufe keng Informatioune rausgeholl, mee et gouf endlech een Artikel gemaach, deen dem G. Kurth (Liewen a Wierk) iwwerhaapt mol gerecht gëtt. Déi wéineg Informatiounen déi schonn do ware, sinn nach ëmmer do, mee do wou se och higehéieren. - IP (gespaart, wéi ëmmer)

Moien,

Maartgrofschaft wat ass dat fir en Déngen? --87.65.83.203 17:27, 3. Feb. 2021 (UTC)[äntweren]

Méi spéit gouf d'Herzogtum Limburg zu enger vun de Siwwenzéng Provënzen vun de Burgundeschen Nidderlanden zesummegeluecht.

Ass dann net gewosst zu waterenger? --Les Meloures (Diskussioun) 15:41, 15. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]


Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren.

Sou eng IP Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze verhënneren.