Benotzer Diskussioun:Astro-Jupp

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moien Astro-Jupp,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Jwh (Diskussioun) 10:32, 13. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]

.. Rebonjour .. No ronn 6 Méint, wou et mer net esou gudd goung, mellen ech mechz nees bei der Wiki zréck. Mäin Numm ass geännert, virdrun war ech de SITCK, deen Artikelen iwwer d'Astronomie an Astronautik geschriwwen huet. Elo sinn ech den Astro-Jos (grins), ass mer näischt besseres agefall ! - Ech soe Merci un all déi Memberen, déi meng Artikelen verbessert hunn a wënschen eng weider gudd Zesummenaarbecht.--Astro-Jupp (Diskussioun) 14:12, 13. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]

Mir si frou datt s de rëm um Dill bass. --Les Meloures (Diskussioun) 15:08, 13. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]
m e r c i  :)
Salut! Flott Dech nees ze gesinn! Alles Guddes! --Jwh (Diskussioun) 20:14, 13. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]
Moie Jupp / Jos. Wëllkomm zréck. GilPe (Diskussioun) 20:36, 13. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]
Alles Beschtens, léif Frënn, ech maache mäi Bescht !--Astro-Jupp (Diskussioun) 07:55, 14. Aug. 2018 (UTC)[äntweren]

Salut,

Am Artikel Spikulen steet dëse Saz: Kuckenswäert deit dat vum Angelo Secchi SJ vum Vatikanobservatoire entdeckte Phenomen. Wat soll domat gesot ginn. Ech verstinn do guer näischt. --Les Meloures (Diskussioun) 13:13, 6. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

Salut Ren,

ech mengen, wanns de de Saz hannendrun liest, versteest de, wat gemengt ass ... Astro-Jupp (Diskussioun) 13:57, 6. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

Rubble piles[Quelltext änneren]

Kuck mol w.e. g. Diskussioun:Rubble Pilev --Les Meloures (Diskussioun) 07:11, 5. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]

Salut Ren,

kuck den Text am Artikel, deen ech deeselwechten Dag geämmert hat, MerciAstro-Jupp (Diskussioun) 07:40, 5. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]

Salut, wéi dacks mengs de,soll ech déi Infobox lo nach op déi richteg Plaz setzen. Wier et net besser du géifs dat direkt maachen??? --Les Meloures (Diskussioun) 12:12, 10. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]

Infobox Asteroiden[Quelltext änneren]

Salut Ren. merci fir déi nei Infobox, leider hu mer schonn vill Asteroiden mat ale Boxen. - Eng Fro, wann een elo nach en anere Sujet, zB Peridatum wëll mat abauen, kann een dat einfach mat | Peridatum = oder geet dat net? merci fir eng Äntwert Astro-Jupp (Diskussioun) 13:46, 13. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]

Kee Problem. Op waterenger Plaz wëlls dat stoen hunn ? --Les Meloures (Diskussioun) 13:49, 13. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Ass gemaach --Les Meloures (Diskussioun) 14:24, 13. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
MERCI Astro-Jupp (Diskussioun) 17:27, 13. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]