Benotzer Diskussioun:Kejser Ping
Moien,
a Felicitatioune fir Ären éischten Artikel! Denkt beim Schreiwe just drun, datt d'Wikipedia eng Enzyklopedie ass, d.h., se faktuell ass a beschreift (wee wat wou wéini...). Ech hunn dofir emol e Standard-Aféierungssaz bäigesat, aus deem ervirgeet, wat et ass. Dofir soll Interpreatioun, wann iwwerhaapt, éischter zweetrangeg gehale ginn, a kloer als sollech erkennbar sinn.
An anere Wierder: Den Artikel bräicht nach méi Beschreiwung, ëm wat d'Handlung geet, a wéi engem Verlag (a wéivill Oploen) en erauskoum, wéi en opgeholl gouf bei Kritik a Public, ob et Iwwersetzunge ginn, Nofolger, asw.
Merci am Viraus, an op eng flott Zesummenaarbecht.--Zinneke (Diskussioun) 06:33, 23. Aug. 2017 (UTC)
|
--Jwh (Diskussioun) 05:29, 23. Aug. 2017 (UTC)
Krimi
[Quelltext änneren]Krimi ass eng Ofkierzung déi net nëmme fir Romaner gebraucht gëtt dofir réckelen ech mol op Kriminalroman. --Les Meloures (Diskussioun) 15:51, 27. Aug. 2017 (UTC)
Western
[Quelltext änneren]Moien,
fir d'éischt emol Felicitatioune fir Är Artikelen: Eng Beräicherung (well (absënns lëtzebuergesch) Literatur hei natierlech och soll méiglechst ausféierlech hir Plaz fannen), a flott ze liesen, a mat Fachkenntnis! Sorry fir déi Verschlëmmbesserung, ech hat just am Land-Artikel anzwousch "Westesch" gelies, dofir geduecht, et wier en Tippfeeler hei.
An zéckt net, wann der sollt Froen oder Proposen hunn, déi ze stellen (iwwert den Artikel op deem senger Diskussionssäit, ganz Allgemenger um Staminee, an un ee bestëmmte Benotzer op deem senger Säit. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 13:53, 29. Aug. 2017 (UTC)
Verbesserung
[Quelltext änneren]Moien, also ech weess net ob s du eng Erklärung fir d'Verbesserunge wëlls wa jo hei ass se:
- Sazbau: Schreif kuerz Sätz do méchs du am mannste Feeler an et ass och de "gängege" Sazbau am Lëtzebuergeschen. Du tendéiers gären Hanne-Vir-Sätz ze maachen, déi si schwéier korrekt ze schreiwen oder ze maache fir datt se einfach ze liese sinn. Evitéier "onnéideg" Niewesätz wéi: "Et brauch net laang erkläert ginn". (Sazbau ass och net meng Stäerkt)
- Eifeler: Do kann der de spellchecker.lu hëllefe wann s du op den duerchgestrachenen "n" drécks.
Du méchs net vill Feeler looss dech net vun de Verbesserunge stéieren ;), deng Kontributioun ass wëllkomm. --Soued031 (Diskussioun) 22:35, 10. Sep. 2017 (UTC)
- Moien och, just fir mech dem Soued unzeschléissen: Et ass hei ganz normal, jo ee vun de flotte Prinzipie vu Wikipedia, dass een deen aneren ouni vill Fiederliesens iwwerliest - jiddeereen iwwersäit emol dëst an dat, oder schreift Formuléierungen, déi een och anescht dréie kéinnt. Mer sinn all leider duerch de Schoulsystem getrimmt ginn, datt "Feeler" eppes Schlechtes sinn, an dacks méi dorop gekuckt gëtt, wéi wat ee geschriwwen huet. Op Wikipedia probéiere mer, dat méi konstruktiv unzegoen: All inhaltlech Kontributioune sinn apprécieiert, a klengt Gekoschters un der Orthographie gëtt esou niewelaangscht, an engem kooperative Sënn gemaach, ëmmer d'Zil virun Aen, en zolitten enzyklopedeschen Artikel zu engem Sujet ze hunn. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 09:49, 11. Sep. 2017 (UTC)
Moie Soued an Zinneke,
- Ech halen drop, iech fir är Korrekture Merci ze soen. Ech hunn eréischt virun annerhallef Joer ugefangen, Lëtzebuergesch ze schreiwen. No engem zéien Ufank, mat ëmmer méi grousser Freed, haut wëll ech et net méi mëssen. Ech hunn déi lescht Wochen erausfonnt, dass Wikipedia eng flott Plattform ass, fir mol een Text schnell erauszegi mat engem schnellen a gratisse Lektorat. Fir mech ass dat ee Léierprozess, dee Spaass mécht an dat huet vill mat ärem Asaz an ärer Toleranz ze dinn.
- Ech erwësche mech selwer heiansdo an enger puristescher Haltung, wann ech feststellen, dass ee mir de Polizeiroman net duerchgoe léist, well ech mengen, dass Policeroman och net lëtzebuergesch ass a mir eis däitsch Wuerzelen net solle verleegnen. Wann ech mir dat dann e bësschen iwwerluecht hunn, da fannen ech de Virschlag awer net sou schlecht, virun allem, wann ech gläichzäiteg déi ganz Technik den Artikel ze réckele mat geliwwert kréien. Wichteg ass, dass den Auteur net eleng un sech denkt, mee un säi Lieser. Wann den Text deem net liicht iwwert d'Zong geet – dat ass elo net dat richtegt Bild, mee et fällt mir just näischt besseres an, dann ass en net vill wäert. Wann dir averstane sidd, dann hale mir et an dem Sënn. Salut Kejser Ping (Diskussioun) 14:07, 11. Sep. 2017 (UTC)
- Moie Kejser Ping meng Mammesprooch ass och net Lëtzebuergesch ;). Ech hu meng Schwieregkeete mam Sazbau a mat de Prepositiounen. Do brauchs du just d'Korrektur vum Polarbier-Artikel ze kucken. Eis ass et wichteg datt dat wat s du gemaach hues gutt do steet ouni däi Stil ze änneren + datt der Spaass mécht hei matzehëllefen :). Kleng Info: Mir hu keng Preferenzen ob FR oder DE d. h. Ermëttlung oder Enquête ass gläichgesat. Déi eenzeg Amenter wou s du ee gesäis e Wuert bei dir ze wiesselen ass well s du héchstwahrscheinlech ze dacks dat selwecht Wuert benotzt hues.
- Sou apropos Police:
- Den LOD seet just Police. Et ass e Wierk wat mer guer net gefällt awer et ass dat Wierk mat de mannste Varianten (wichteg fir eng Exnzyklopedie). De Luxdico seet béides ass OK. Et gouf op der Wiki an am Spellchecker entscheet just Police, Polizist a polizeilech ze behalen. Maach der keng Suergen iwwer Wierder déi hir Schreifweis net kloer zu 100 % sinn, mir këmmeren eis drëms --Soued031 (Diskussioun) 14:19, 11. Sep. 2017 (UTC)
--Les Meloures (Diskussioun) 09:24, 3. Abr. 2024 (UTC)
- Ech soe Merci. Ech hunn effektiv 6 oder 7 Joren net méi an der Wikipedia geschriwwen an hu villes vergiess. Trotzdem hunn ech geduecht, direkt nees ufänken ze kënnen, wat e Fehler war. Ech wäert deng Rotschléi unhuelen a soen nach eng Kéier dofir Merci. Kejser Ping (Diskussioun) 09:05, 5. Abr. 2024 (UTC)
Nimm
[Quelltext änneren]Moien, op der lb Wiki ass et Brauch fir Nimm an der Reiefolleg Virnumm Familljennumm an ouni Komma dertëscht ze schreiwen. Eenzeg Ausname sinn Auteursnimm bei Litteraturreferenzen oder -opzielungen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:43, 11. Abr. 2024 (UTC)
- OK. Ech hunn alles op Literaturzitater emgestallt. Ech maachen dat no an no reckgängeg. Merci fir d'Info Kejser Ping (Diskussioun) 12:44, 11. Abr. 2024 (UTC)