Benotzer Diskussioun:Marko Kafé

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moie Marko Kafé,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Eifeler Reegel[Quelltext änneren]

Gudde Moien am neie Joer,

Wéi der vläicht festgestallt hutt, gouf schonn dacks direkt no äre Verbesserungen nees verbessert. Dat ass haaptsächlech well dir praktesch ni d'Eifeler Reegel respektéiert. Kuckt Iech wgl. den Artikel doriwwer mol un. Merci am viraus.

--2A02:A03F:A199:6C00:6554:B2FC:9602:950A 09:23, 8. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]

Moien,
Dozou nach eng zousätzlech Info: d'Eifeler Reegel léisst sech gutt mam spellchecker.lu iwwerpréiwen ;-) | GilPe (Diskussioun) 09:55, 8. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]

Wikiiessen[Quelltext änneren]

Gudde Moien, Du bass en aktive Wikipedianer a mir invitéieren dech gären op eist Wikiiessen e Samschden, 2. Mäerz 2024 zu Leideleng an duerno um 15:00 op d'AG vu Wikimedia Lëtzebuerg ASBL. Et wier eng flott Geleeënheet fir eis kennen ze léieren. Weider Detailer um Staminee. Sultan Edijingo (Diskussioun) 09:27, 23. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien. Ech sinn definitiv interesséiert endlech méi Lëtzebuerger Wikipedianer kennen ze léieren. Mee well ech no bei Koblenz (Vallendar) wunnen, an déi laang Streck net mat mengem Auto fueren wëll, giéf ech mam Zuch kommen. Ech wier dofir dankbar, wann een mech op Staater Gare ofhuelen an mech op Leideleng mathoulen giéf Iwwer eng positiv Äntwert wier ech ganz frou.
Villmoos Merci
Marko Kafé Marko Kafé (Diskussioun) 20:38, 23. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Moien, vun der Stater Gare huet een och Uschloss un d'Gare vu Leideleng. Ech huelen do ons Presidentin ewech, da géif dat anengems goen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:43, 23. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Super Villmools Merci, wann dat méiglech ass ass et eng gutt Léisung. Ginn et nach Formalitéiten déi ech maache muss? Marko Kafé (Diskussioun) 21:03, 23. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Nee, just kucke fir en Zuch ze fannen dee spéitstens um hallwer zwielef op der Gare zu Leideleng ass. --Les Meloures (Diskussioun) 05:12, 24. Feb. 2024 (UTC)[äntweren]
Moien, dir misst iech just nach um Sultan Edijingo senger Diskussiounssäit androen.

Jang Linster Buergermeeschter vu Munneref[Quelltext änneren]

Moien An dëser Versioun gouf de Gebuertsdatum ewechgeholl mat der Bemierkung datt de gudde Mann mat 78 Joer gestuerwen ass. Eng zweet Iwwerleeung ass datt de Mann mat 22 Joer Buergemeeschter gewiescht wier wat och onwarscheilech ass. Firwat wëllt Dir Iech op d'Gebuertsjoer 1946 behaapten. --2A02:A03F:A199:6C00:18BF:4868:AD3E:F801 19:59, 8. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]

Moien an Merci fir de Kommentar. Ech hunn einfach en Tippfeeler gemaach, an d'Ännerungen mam Tablet waren zweemol problematesch bzw.d´Eroplueden huet 10 Minutten gedauert an dunn as de Luedeprozess ofgebrach. Wéi och ëmmer, et goufen e puer komesch Ännerungen op der Sait. Villmoos Merci fir äert Verständnis. Marko Kafé (Diskussioun) 20:50, 8. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]

https://lb.wikipedia.org/wiki/Benotzer:Marko_Kaf%C3%A9/Antoine_Laurent_de_Lavoisier

Internetquelle[Quelltext änneren]

Déi Schabloun Internetquelle gëtt et net op dëser Wiki. Wann Dir no den Ännerungen ënnen op der Säit kuckt da gesidd Dir dat déi Schabloun rout ugewise gëtt. Dat ass en Zeechen datt et se net gëtt. Benotzt wgl. amplaz eng aner oder guer keng fir fir d'Referenz unzeginn. --Les Meloures (Diskussioun) 19:15, 7. Abr. 2024 (UTC)[äntweren]