Biwelsser Millen
Biwelsser Millen | |
---|---|
De Café vum Camping op der Biwelsser Millen | |
An anere Sproochen |
fr: Bivels-Moulin de: Bivelser Mühle |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Veianen |
Gemeng | Pëtschent |
Buergermeeschter | Fabienne Huberty |
Koordinaten |
49° 56’ 58’’ N 06° 11’ 47’’ O |
D'Biwelsser Millen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen an der Gemeng Pëtschent, knapps 1 km südlech vu Biwels a Richtung Veianen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Biwelsser Mille gouf 1744 vum Johann Jakob Tesch, Här vu Falkesteen, op eege Käschte a mat der Hëllef vun de Biwelsser Leit gebaut[1][2]. Iwwer d'Joerhonnerte hat d'Millen eng Rëtsch Proprietären a se gouf och e puermol duerch Feier beschiedegt.
1935 hat den deemolege Proprietär vun der Millen eng Familljepensioun mat engem Camping opgemaach a war domat ee vun den éischten déi laanscht d'Our an d'Gastronomie an an den Tourismus investéiert hunn[2].
De 15. Dezember 1961 ass d'Mille beim Bau vum Pompelspäicherwierk am Stauséi verschwonnen. Haut ass d'Biwelsser Millen e Camping ënner dem Numm "Camping du Lac / Moulin de Bivels". En ass méi oder wéineger op der selwechter Plaz wéi déi al Millen, just méi héich am Hank.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Erpelding, Émile, 1971. Luxemburger Mühlen im Ourtal. An der Ucht 25: 173-177.
- Erpelding, Émile, 1972. Seit 10 Jahren unter Wasser, die Bivelser Mühle. Revue Jg. 27, Nr. 5: 32-33. Luxembourg.
- Erpelding, Émile, 1988. Die Mühlen des Luxemburger Landes. E. Borschette (Christnach) & Impr. Saint-Paul (Luxembourg).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Biwelsser Millen. Lénks d'Bréck tëscht Biwels a Veianen, dohanner déi 10. Maschinn vum Pompelspäicherwierk a lénks doriwwer am Hank d'Veianer Bildchen.
-
D'Bréck tëscht Biwels a Veianen bei der Biwelsser Millen
-
D'Biwelsser Millen - 1931 vum Jean-Pierre Lamboray gemoolt. Méi wäit hannen am Dall d'Uertschaft Biwels an uewe riets d'Buerg Falkesteen.[3]
-
D'Biwelsser Millen am Joer 1954
-
D'Biwelsser Millen - 1956 vum Jean-Pierre Gleis gemoolt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Biwelsser Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Cf. Erpelding 1988 an der Literatur.
- ↑ 2,0 2,1 Informatiounspanneau op der Biwelsser Millen, am Wee fir bei d'Maschinn 10 vun der SEO.
- ↑ Den Tableau mam Originaltitel Vallée de l'Our war e Bäitrag vum Lamboray fir d'Exposition internationale vun 1937 zu Paräis. D'Bild ass an de Sammlunge vum MNHA.