Carole Hartmann
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Carole Hartmann | |
---|---|
Gebuer |
3. Juni 1987 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Affekot, Politiker |
Partei | Demokratesch Partei |
Famill | |
Papp | André Hartmann |
D'Carole Hartmann, gebuer den 3. Juni 1987 an der Stad[1], ass eng lëtzebuergesche Affekotin a Politikerin (DP).
Formatioun a Carrière
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Politesch Mandater
D'Carole Hartmann ass zanter 2008 bei der JDL aktiv a si gouf bei de Gemengewalen 2017 an der Gemeng Iechternach als Conseillère an de Gemengerot gewielt.
2013 war si fir d'éischt Kandidatin bei de Chamberwalen, krut dat éischt Chambermandat awer eréischt bei de Wale vum 14. Oktober 2018 wéi si am Bezierk Osten fir de Lex Delles ‘nogeréckelt’ ass, deen an d'Regierung genannt gouf. Si ass de 6. Dezember 2018 als Deputéiert vereedegt ginn[2].
Als Deputéiert setzt si hir politesch Prioritéite virun allem an d'Justiz (fir méi séier Prozeduren an zivil- a strofrechtlechen Affären), an d'Opwäertung vum Sport, an an all Froen ronderëm d'Studien an d'Eraklammen an d'Beruffswelt[3].
Um Spaweck
- Was bewegt... Carole Hartmann, Kandidatin in Echternach op journal.lu, der Websäit vum Lëtzebuerger Journal, de 14. September 2017
Referenzen an Notten
- ↑ Carole Hartmann, Fiche signalétique op chd.lu, der Websäit vun der Chamber; fir d'lescht gekuckt de 6. Dezember 2018
- ↑ «Je jure fidélité au Grand-Duc» op wort.lu de 6. Dezember 2018
- ↑ Mit neuem Schwung ins Parlament op wort.lu de 6. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt den 31. Dezember 2018