Christiane Wickler

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Christiane Wickler
Gebuer 21. Februar 1960
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Entreprener
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Christiane Wickler, gebuer den 21. Februar 1960[1], ass eng lëtzebuergesch Geschäftsfra a Politikerin (déi gréng). Si war vun Dezember 2013 bis Juli 2014 Deputéiert an der Chamber.

D'Christiane Wickler ass Direktesch vun der Geschäftsketten Pall Center vun där den éischten Akafszentrum 1982 zu Uewerpallen vun hirer Famill opgebaut gouf[2].

Si ass zanter 2013 Presidentin vun der Fédération des femmes cheffes d'entreprise au Luxembourg[3].

2013 huet si sech eng éischt Kéier bei de virgezunnene Chamberwale vum 20. Oktober 2013 als Kandidatin vum Walbezierk Norden op der Lëscht vun Déi Gréng presentéiert an ass, nodeem de Camille Gira Staatssekretär gouf, an d'Chamber 'nogerëtscht'[4]. Mä schonn den 10. Juli 2014 huet si aus berufflechen a familiäre Grënn hiert Chambersmandat nees opginn; de Gérard Anzia ass an hirer Plaz nogerëtscht[5].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op chd.lu.
  2. "L'entreprise Wickler fête son 50ème anniversaire" op wickler.lu.
  3. "Christiane Wickler à la tête de la FFCEL jusqu'en 2015." op luxembourg.pro, gekuckt 2013-12-07.
  4. Assermentation de 25 nouveaux députés." chd.lu, 5. Dezember 2013.
  5. Pressecommuniqué vum 26. Juni 2014 vun déi gréng.