Chronologie vun der Astronomie (14. Joerhonnert)

Vu Wikipedia

D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.

Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.

2001 - 6000 v. Chr.1001 - 2000 v. Chr.501 - 1000 v. Chr.1 bis 500 v. Chr.
1 - 500601 - 100011. Jh.12. Jh.13. Jh.14. Jh.15. Jh.16. Jh.17. Jh.18. Jh.19. Jh.20. Jh.21. Jh.


  • 1302: De Flavio Gioja vun Amalfi huet warscheinlech fir d'éischt de Schëffskompass an där Form erfonnt, déi bis an d'20. Joerhonnert bäigehale gouf.
  • 1310: De Mënch Theodoricus Teutonicus huet, ouni déi eigentlech Refraktiounsgesetzer ze kennen, déi éischt richteg Erklärung vum Haapt- an Niewereebou publizéiert. D'Deitung vun der Farwefolleg mëssléngt.
  • 1311: Aus deem Joer staamt déi eelst italieenesch Séikaart.
  • 1318: De Pietro Vesconte entwërft déi eelst datéiert Séikaart.
  • 1321: De Levi Ben Gerson beschreift a sengem hebräesche Buch, dat 1342 vum Petrus de Alexandria ënner dem Titel „de sinibus, chordis et arcubus“ iwwersat gouf, fir d'éischt d'Camera obscura. Eréischt 200 Joer méi spéit gëtt dës Erfindung dem Leonardo da Vinci zougeschriwwen.
  • 1325: De Levi Ben Gerson erfënnt de Jakobsstaf, deen am Mëttelalter bei geographeschen Uertsbestëmmunge gedéngt huet.
  • 07. Abrëll 1348: D'Universitéit Prag gëtt als éischt Universitéit nërdlech vun den Alpen vum Kinnek Karl IV. gegrënnt.
  • 1360: De Mathematiker Nicolas Oresme gëtt déi éischt kuerveméisseg Duerstellung vun Naturerscheinungen a féiert d'Potenze mat gebrachenen Exponenten an.
  • 12. Mäerz 1365: Grënnung vun der Universitéit Wien.
  • 1375: Katalounesch "Mapa Mondi"