Chronologie vun der Astronomie (6. Joerhonnert bis 10. Joerhonnert)
D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.
Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.
2001 - 6000 v. Chr. • 1001 - 2000 v. Chr. • 501 - 1000 v. Chr. • 1 bis 500 v. Chr. |
- 525: Den Abt Dionysius Exiguus verleet den Ufank vum Joer vum Karfreideg op den éischte Januar.
- Ëm 550: De Kosmas Indicopleustes stellt seng Äerdkaart vir.
- 593: Ufank vum indesche Sonnejoer Bengali-San.
- 638: Den indesche Mathematiker Brahmagupta kennt schonn d'Positiounsarithmetik, déi de méi héije Wäert vun eenzelen Zifferen duerch hir Stellung undeit a sech dozou der Null bedéngt.
- 745: De Virgilius vu Salzburg stellt eng richteg Usiicht iwwer d'Gestalt vun der Äerd op.
- 820: Den Abu Dschafar Mogamed schreift säi System vun der Äerd (Rasm-al-Ardh) wouran hien all Uert no Längt a Breet bestëmmt.
- 865: Den Naddod entdeckt Island.
- 900: Den Albategnius (Mohammed Al Batani) Statthalter a Syrien erkennt d'Exzentrizitéit vun der Äerdbunn an d'Präzessioun vun der „Equinoxe“. An der Trigonometrie soll hien de Sinus amplaz vun der Seen agefouert hunn.
- 980: Den Abu Wefa soll déi drëtt grouss Ongläichheet vun der Moundbunn, d'Variatioun fonnt hunn.
- 980: De Gerbert vu Reims (Poopst Silvester II.) soll d'Gewiichtsauer erfonnt hunn.
- 983: Den Erik de Rouden endeckt Grönland, vun Island aus.