Chronologie vun der Astronomie (2. Joerdausend v. Chr. bis 6 Joerdausend v. Chr.)

Vu Wikipedia

D'Astronomie ass d'Kinnigin vun den Naturwëssenschaften. - Op dëser Säit gëtt versicht d'Entwécklung vun der Astronomie chronologesch festzehalen. Well d'Astronomie mat villen anere Wëssenschaften a Verbindung steet, kommen dofir och vill Bäiträg bei deene Geographie, Geologie, Mathematik, Mechanik, Physik, Chimie, Biologie an och Nei Technologien, déi mat der Astronautik ze dinn hunn, dra vir. Wéi an all Wëssenschaft ginn dacks Theesen an Theorien a komplett falsch Richtungen. Trotzdeem ass et derwäert fir och déi Iddien a Berechnunge festzehalen. Et mécht déi dréche Wëssenschaft méi attraktiv ze liesen.

Well den Artikel "Chronologie vun der Astronomie" ganz grouss ass, si méi Ënnerdeelunge gemaach ginn. D'Ënnerdeelunge gi stänneg aktualiséiert.

2001 - 6000 v. Chr.1001 - 2000 v. Chr.501 - 1000 v. Chr.1 bis 500 v. Chr.
1 - 500601 - 100011. Jh.12. Jh.13. Jh.14. Jh.15. Jh.16. Jh.17. Jh.18. Jh.19. Jh.20. Jh.21. Jh.


  • 3800 v. Chr.: Karthographesch Duerstellung vum nërdleche Mesopotamien op enger Tountafel. Déi eelst Kart vun der Welt ass zu Nuzi fonnt ginn.
  • 3500 v. Chr.: Déi sumeresch Käilschrëft gëllt allgemeng als déi eelst bekannt Schrëftform. Si entsteet géint 3500 v. Chr. am Räich vun de Sumerer a Mesopotamien. D'Käilschrëft konnt sech bis zirka 1800 v. Chr. behaapten.
  • 3114 v. Chr.: No der Thompson-Korrelatioun vum Sir J. Eric S. Thompson fänkt déi laang Zielung vum Maya-Kalenner mat dem Datum 0.0.0.0.0. un.
  • 1300 v. Chr.: Nubesch Goldminne-Kaarte mat schematesche Biergkonturen.